Rezent Adaptatioune vun de COVID-Mesuren an de Schoulen

 Hei fannt Dir d’Äntwerten op déi meeschtgestallte Froen:

1. Wat ass den Ënnerscheed tëschent enger Quarantän an enger Isolatioun?

Isolatioun heescht, datt een doheem bleiwe muss, well ee positiv op de Coronavirus getest gouf.

Quarantän heescht, datt ee preventiv ecartéiert gëtt, fir eng potentiell Ausbreedung vum COVID-19 ze verhënneren.

2. Stëmmt et, datt et elo an der Schoul keng Quarantän méi gëtt?

Nee, dat stëmmt net. Ab engem Zenario 4 kënne Moossname wéi eng oder méi Klassen an d’Quarantän ze setze vun der Inspection Sanitaire ordonnéiert ginn. Dat Kand, dat an der Klass a Kontakt mat engem Positive war, an dat net geimpft a geheelt ass, an net um verstäerkten Testing deelhëlt, kënnt fir 7 Deeg a Quarantän a muss um 6. Dag ee certifiéierten Test maachen, dee muss negativ sinn. Falls dat refuséiert gëtt, gëtt d’Quarantän ëm 7 Deeg verlängert.

3. Wat ass, wann ee vun den Eltere positiv ass? Kënnt d'Kand dann a Quarantän, wann et geimpft oder geheelt ass?

Nee. E Kand, dat geimpft oder geheelt ass, kënnt net a Quarantän. Wann et net geimpft an net geheelt ass, kënnt et fir 7 Deeg an a Quarantän a muss ee certifiéierten Test maachen, dee muss negativ sinn. Falls dat refuséiert gëtt, gëtt d’Quarantän ëm 7 Deeg verlängert.

4. Mäi Kand ass duerch e positive Schnelltest an Isolatioun. Muss mäi Kand elo e PCR-Test maachen?

De Schnelltest (Antigeen-Selbsttest), deen an der Schoul gemaach gëtt, gëllt als certifiéiert, well en ënner Surveillance gemaach gëtt an dofir brauch ee kee PCR-Test ze maachen, fir d’Resultat ze confirméieren. Wann Dir e Certificat de rétablissement wëllt hunn, da musst Dir e PCR-Test maachen.  

De positive Schnelltest, deen doheem gemaach gëtt, muss op https://covidtracing.public.lu/home deklaréiert ginn an duerch e PCR-Test confirméiert ginn.

5. Wéi kréien ech de Congé pour raisons familiales?

Wann Äert Kand an der Schoul positiv getest gouf, gëtt d’Inspection sanitaire automatesch informéiert. D’Inspection sanitaire schéckt Iech eng Ordonnance d’isolement, duerch déi Dir Urecht op de Congé pour raisons familiales am Zesummenhang mam COVID-19 hutt.

Wann Äert Kand doheem positiv getest gouf, musst Dir dat op https://covidtracing.public.lu/home declaréieren. Ab der Declaratioun ass d’Inspection sanitaire fir d’Demarchë responsabel. Si schécken Iech eng Ordonnance d’isolement, duerch déi Dir Urecht op de Congé pour raisons familiales am Zesummenhang mam COVID-19 hutt.

Wann Äert Kand a Quarantän ass, hutt Dir och Urecht op e Congé pour raisons familiales.

6. Ka mäi Kand, wann et an der Klass e positive Kontakt hat, an d’Maison relais, an de Sport oder d’Musek?

Den Dispositif vum verstäerkten Testing an der Schoul erlaabt et de Kanner, déi a Kontakt mat engem Positive waren, weiderhin d'Schoul an d'Bildungs- a Betreiungsstrukturen ze besichen.

Fir an d’Musekschoul oder um Sport am Veräin deelzehuelen, gëllt fir Jonker tëschent 12 Joer an 2 Méint an 18 Joer den 3G (geimpft, geheelt oder getest) a fir déi Jonk ab 19 Joer den 2G (geimpft oder geheelt). Fir d’Kanner ënner 12 Joer an 2 Méint gëlle keng Restriktiounen.

7. Gëllen déi nei Mesuren och fir den C1?

Nee, am C1 bleiwen déi aktuell Mesuren a Kraaft. Bei engem Fall an der Klass gëtt et eng Mise à l’écart vun der Klass an d’Schüler mussen de 6. Dag ee certifiéierten Test maachen. Vun 2 Fäll un ass d’Klass a Quarantän ouni Autorisation de sortie a mécht de 6. Dag e certifiéierten Test.

 

Dernière mise à jour