Iwwer d’Division de l’innovation pédagogique vum SCRIPT (Service de coordination de la recherche et de l'innovation pédagogiques et technologiques) këmmert sech de Ministère ëm d’Koordinatioun vun de Grondschoulbibliothéiken an de Centres de documentation et d’information (CDI) vun de Lycéeën.
Heizou gehéiert:
- d’Organisatioun vu reegelméissegen Aktivitéiten ewéi de Journées du livre et du droit d’auteur (Dag vum Buch an den Autorenrechter) an dem Virliesconcours
- d’Organisatioun vum Projet „Sac d’histoires“ (Sak voller Geschichten)
- d’Zesummenaarbecht mat den externe Partner
- d’Opsiicht vun den Schoulbibliotéiken
Aktiounen an de Schoulen
Fir all d’Schüler
Zwou Aktiounen adresséieren sech esouwuel un d’Grondschoule wéi och un d’Lycéeën:
- d’Journées du livre et du droit d’auteur: Si ginn zënter 2007 zesumme mam Ministère ëm den 23. Abrëll organiséiert, dem internationalen Dag vum Buch. Ëmmer méi Schoule maache mat;
- den Europäeschen Dag vun de Sproochen, dee vum Centre européen des langues vivantes koordinéiert gëtt. 2001 huet den Europarot dësen Dag an d’Liewe geruff; e feiert d’Sproochevillfalt a fërdert d’Léiere vu Sproochen an Europa.
An der Grondschoul
Sac d’histoires - Sak voller Geschichten
De „Sac d’histoires“ (Sak voller Geschichten) ass e Projet, deen 2009 lancéiert gouf. E soll zu enger grousser Oppenheet fir d’Sprooche bäidroen, d’Partnerschaft Schoul-Famill an d’Liese fërderen. En adresséiert sech haaptsächlech un d’Kanner aus den Zyklen 1 an 2.
D’Kanner kréien e „Sak voller Geschichten“ mat heem, deen an der Schoul gefëllt gouf.
Am Sak ass:
- e Kannerbuch mat enger Iwwersetzung am Kand senger Mammesprooch;
- en Audio-CD, op där d’Geschicht an deene Sprooche virgelies gëtt, déi an der Klass am heefegste sinn, an e puer Erklärunge fir d’Elteren.
Infoen zum Projet an e Lëtzebuerger Film zum Projet fënnt eenn ënnert : http://sacs.script.lu
Virlies-Concours
Zënter 2006 gëtt all Joer e Virlies-Concours organiséiert. En adresséiert sech un d’Schüler aus dem Zykel 4 vun der Grondschoul. No éischten Etappen op lokalem a regionalem Plang treffen sech d’Finalisten an enger grousser nationaler Finall, wou se hir Texter engem ganz opmierksame Jury virdroen.
Ressourcë fir den Enseignement fondamental
Onilo
Zënter Mee 2020 proposéiert de Ministère den Enseignantë vum Fondamental en Accès op den Internetsite ONILO http://www.onilo.de/luxemburg. Dëst Léierportal bitt animéiert Bicher fir d’Schüler aus den Zyklen 1-3. Zousätzlech bitt dëst Portal pedagogesch Ressourcen an differenzéiert Material am Zesummenhang mat de Geschichten. D’Animatiounen an de Bicher si speziell op d’Liesfërderung an d’mëndlecht Liesverständnes ausgeriicht. Si hunn als Zil, d’Freed um Liesen ze wecken. D’Bicher kënnen esouwuel an der Klass wéi och eleng doheem gelies ginn.
Antolin
D’Portal fir d’Liesfërderung Antolin www.antolin.de erméiglecht et de Schülerinnen a Schüler aus dem Fondamental, Liesquizzen ze maachen. Fir all Buch gëtt et Multiple-Choice-Froen.
Um Site fënnt een och eng grouss Auswiel vu Bicher op Däitsch a Bicher op Franséisch. Um Site fënnt een och Aktualitéitstexter fir Kanner.
De Courrier de l’Éducation nationale
Zënter Oktober 2012 informéiert d’Rubrik „Leseförderung – Schulbibliothek – Medienerziehung“ vum Courrier de l’Éducation nationale, deen all Mount erauskënnt, iwwer Internetsitten, Fachliteratur a Manifestatiounen, déi mam Liesen ze dinn hunn. Als „Coup de cœur“ gëtt och allkéiers e Kannerbuch virgestallt.
Vun Dezember 2015 bis Dezember 2017 goufen an all Ausgab Kannerbicher an aner Ressourcen zum Thema Flüchten, Migratioun an Zesummeliewen an dëser Rubrik proposéiert.
Och aner thematesch Bibliographië sinn an de Courrier opgeholl ginn.
Lies a fléi - de Katalog
Am Katalog, deen all Joer erauskënnt, sti Kannerbicher, déi op Lëtzebuergesch erauskomm sinn, oder fir déi et eng lëtzebuergesch Versioun gëtt, am Fall vu méisproochege Bicher.
Ressourcë fir den Enseignement secondaire
Am Juli 2020 huet de Ministère an Zesummenaarbecht mat der Nationalbibliothéik d’Initiativ „read-y“ lancéiert, eng Fräizäitbibliotéik fir Lycéesschülerinnen a -schüler, op déi een iwwert de Smartphone, Tablet oder Computer Zougrëff huet. D’Offer huet als Zil, bei de Jonke Leit d’Loscht um Liesen ze fërderen.
Read-y bitt Lycéesschülerinnen a –schüler gratis Zougang op méi wéi 20.000 digital Bicher, haaptsächlech op Englesch, Däitsch a Franséisch. Och d’Proffen, d‘Bibliothecairen an d’Direktiounen hunn Accès.
Et huet een Zougrëff op read-y iwwert d’Lies-App Sora oder iwwert de Site ready.script.lu; D‘Verbindung geet iwwert den Iam-Kont.
Partnerschaften
D’Division de l’innovation pédagogique schafft mat dëse Partner zesummen:
- Nationalbibliothéik (BnL)
- Conseil supérieur des bibliothèques publiques;
- Zentrum fir politesch Bildung (ZpB).
Opsiicht vun den Schoulbibliotéiken
Zënter 2009 gesäit d’Gesetz vir, datt all Grondschoul eng Schoulbibliothéik huet, déi vun dem Léierpersonal vun der Schoul geréiert gëtt, dat och Aktivitéiten an deem Kader organiséiert. D’Division de l’innovation pédagogique beréit an ënnerstëtzt dës Léierkräften: si proposéiert hinnen Aktivitéiten, Prozedure fir d’Verwaltung vun der Bibliothéik, tauscht mat hinne Praktiken aus, déi sech bewäert hunn, asw.
Nëtzlech Linken
Journées du livre et du droit d’auteur
Journée européenne des langues
Grondschoul
Lies a fléi – de Katalog
Virliesconcours
Bibliographies