National Tester

Et ginn dräi Zorte vun nationalen Tester: d’Tester vum Passage vun der Grondschoul an den Enseignement secondaire classique a secondaire général, standardiséiert Tester, gemeinsam Tester.

Tester fir den Iwwergang vun der Grondschoul an den Enseignement secondaire (PFS)

D’Orientéierung vun de Schüler um Enn vum leschte Joer vun der Grondschoul an den Enseignement secondaire classique a secondaire général geschitt an enger Prozedur, déi mam Orientéierungsbescheed ofschléisst. Dës Decisioun gëtt zesumme mat den Elteren an dem Enseignant ausgeschafft. Den Orientéierungsbescheed baséiert sech op eng ganz Rei vun Elementer, dorënner och déi gemeinsam Tester.

Dës gemeinsam Tester ginn op nationalem Plang organiséiert no Kriterien, déi vun der Division du traitement de données sur la qualité de l'encadrement et de l'offre scolaire et éducative vum SCRIPT definéiert a koordinéiert ginn. Zil ass festzestellen, wéi sech dem Schüler seng Kompetenzen am Hibléck op d’Kompetenzen, déi um Enn vum Zyklus 4.2. erwaart ginn, entwéckelt hunn. Ausserdeem kann een sech esou och e Bild dovu maachen, wou de Schüler mat senge Leeschtunge steet, well een se mat der nationaler Moyenne vun alle Schüler aus dem Zyklus 4.2 vergläiche kann. Déi gemeinsam „PFS“-Tester betreffen dräi Fächer: Franséisch, Däitsch a Mathematik. Déi evaluéiert Kompetenze sinn: Héierverständnis, Lieskompetenz a schrëftlech Produktioun am Franséischen an Däitschen; d’Reproduktioun an d’Uwendung vu Kenntnesser a Fäegkeeten ewéi och d’Léisung vu Rechenaufgaben an der Mathematik.

Dës gemeinsam Tester gi vun Aarbechtsgruppen ausgeschafft, déi sech aus Membere vun de Regionaldirektiounen, dem Léierpersonal aus de Grondschoulen, de Professeren an dem Koordinator vun der Division du traitement de données sur la qualité de l'encadrement et de l'offre scolaire et éducative vum SCRIPT zesummesetzen. D’Resultater ginn a Form vun engem Profil presentéiert.

Liest och d’RubrikIwwergank vun der Grondschoul an de Lycée

Standardiséiert Tester

Déi standardiséiert Texter (ÉpStan) verfollegen en duebelt Zil:

  • si liwweren dem Ministère eng Iwwersiicht iwwer d’schoulesch Leeschtungen, wat et him erlaabt, d’Auswierkunge vun de Reformen ze gesinn;
  • si stellen de Schoule Steierungsinstrumenter zur Verfügung, fir d’schoulesch Qualitéit ze verbesseren.

Dës Tester ginn all Joer op nationalem Plang duerchgefouert a gi vun der Division du traitement de données sur la qualité de l'encadrement et de l'offre scolaire et éducative koordinéiert. Zur Zäit ginn se um Ufank vum Zyklus 3 vun der Grondschoul an an de 5es-Klasse vum Enseignement secondaire classique a secondaire général ofgehalen.

Am Géigesaz zu enger Prüfung an der Klass bezéien sech déi standardiséiert Tester net direkt op d’Inhalter, déi am Laf vum Joer evaluéiert ginn. Si sollen den Niveau vun de Schüler hire Kompetenze wëssenschaftlech beleeën, zu Schlësselmomenter an dem schoulesche Parcours. Si droen de schoulesche Leeschtungen an der Mathematik, dem Däitschen a Franséische Rechnung.

Fir den inhaltlechen Opbau vun de standardiséierten Tester, déi statistesch Verwäertung an de Rapport ass d’Equipe vum Luxembourg Centre for Educational Testing (LUCET) vun der Universitéit Lëtzebuerg zoustänneg. Hei gëtt also e Bléck vu baussen op de Lëtzebuerger Schoulsystem gehäit.

Gemeinsam Tester

Am Joer 2003 goufe fir déi éischte Kéier gemeinsam Tester an de Sproochen (Däitsch a Franséisch) an an der Mathematik op 5e am Enseignement secondaire – ES (haut: 5e vum Enseignement secondaire classique, ESC) an der 9e vum Enseignement secondaire technique – EST (haut: 5e vum Enseignement secondaire général, ESG) ofgehalen. Dës Tester sinn an deem Sënn „gemeinsam“ Tester, well se all d’Schüler aus dëse Klasse betreffen an an alle Lycéeë vum Land zur nämmlechter Zäit – am Allgemengen am Ufank vum zweeten Trimester – an ënner den nämmlechte Bedingungen duerchgefouert ginn.

Fir d’Schüler hunn dës gemeinsam Tester de Charakter vun enger normaler Prüfung an der Klass. Si bezéien sech nëmmen op déi Matière, déi um Programm vun den entspriechende Fächer steet an an der Klass behandelt gouf, a verlaange vun dohier keng aner Virbereedung wéi fir eng ganz normal Prüfung. De Schüler hir Tester gi just vun hire betreffende Proffesseren korrigéiert. D’Notten zielen als Prüfung vum zweeten Trimester.

De statisteschen Déngscht an d’Division du traitement de données sur la qualité de l'encadrement et de l'offre scolaire et éducative sammelen d’Resultater, analyséieren se, berechnen d’Moyenne vun all Klass, vun all Lycée an eng national Moyenne. Wéi d’Kompetenzsockelen agefouert goufen, koum nach eng méi genee Analys derbäi vun de Leeschtunge vun de Schüler a Funktioun vun de Kompetenzbeschreiwungen, déi um Enn vum éischten Zyklus vum Secondaire opgestallt ginn.

Mat dëser Zort Tester verfollegt de Ministère fir Educatioun, Kanner a Jugend verschidden Ziler.

Wa sech déi gemeinsam Tester all op eenheetlech Beurteelungs- a Korrekturkriterie baséieren, garantéieren si Studien- a Bewäertungsbedingungen, déi fir all d’Schüler déi nämmlecht sinn. Esou droen si derzou bäi, datt sech d’Kohärenz net nëmmen tëschent de Klasse vun eng an därselwechter Schoul verbessert, ma och tëschent deene verschiddene Lycéeën am Land.

Doduerch, datt d’Tester fir jiddwereen déi selwecht sinn, ass et fir d’Léierpersonal vun engem an deem selwechte Fach vu Virdeel, sech ënnerteneen ze beroden, fir déi gemeinsam Ziler och ze erreechen, wat doduerch erëm den Austausch an d’Zesummenaarbecht tëscht dëse Léierkräfte fërdert.

Déi gemeinsam Tester hëllefen den Enseignanten derbäi, d’Acquise vun de Schüler an eventuell Schwieregkeeten, déi se zum Zäitpunkt vum Iwwergang op d’4e ESC an d’4e ESG hunn, no den nationale Kriterien ze evaluéieren. Parallel dozou erlaben se et den Enseignanten, hir eege Kriterie fir d’Korrekture par rapport zu den nationale Kriterien objektiv ze evaluéieren an se, wann néideg, unzepassen.

Aktualiséiert