Kannerrechter fir Kanner erkläert

Wat sinn eigentlech Kannerrechter?

Kannerrechter si speziell fir Kanner definéiert Mënscherechter.

Wann's du nach keng 18 Joer hues, da betreffen d’Kannerrechter dech. Si sinn op d’Entwécklung vun denge Fäegkeeten ausgeriicht a berücksichtegen deng Besoinen. Du hues d’Recht, bei dengen Elteren ze liewen, gesond z’iessen a medezinesch versuergt ze ginn. Du hues esouguer d’Recht ze spillen, d’Recht op Fräizäit, d’Recht, Konscht a Kultur kennen ze léieren asw.

D’Kannerrechter sinn all enk matenee verknëppt an eent ass esou wichteg wéi dat anert; keen däerf der dës Rechter ewechhuelen.

D’Kannerrechter sinn an der Kannerrechtskonventioun festgeschriwwen. Dëse Vertrag hunn déi meescht Länner ënnerschriwwen. Doduerch verflichten se sech, dech duerch Moossnamen a Gesetzer ze schützen, fir datt s du an engem sécheren a gesonden Ëmfeld kanns liewen an opwuessen.

Wat sinn déi wichtegst Prinzippie vun der Konventioun?

D’Kannerrechtskonventioun baséiert op véier Grondprinzippien. Dëst sinn

  1. d’Recht op Gläichbehandlung: du hues d’Recht, respektéiert ze ginn, onofhängeg vun denger Hautfaarf, dengen Originnen, denger Sprooch a Relioun. Keen huet d’Recht, dech ze diskriminéieren opgrond vun dengem Geschlecht, dengem Openthaltsstatus oder denger Behënnerung;
  2. d’Prioritéit vum Wuel vum Kand: bei allen Entscheedungen, déi dech betreffen, muss deng Meenung berücksichtegt ginn;
  3. d’Recht op Liewen: d’Länner mussen all däin Iwwerliewen an deng Entwécklung sécherstellen;
  4. d’Recht, matzeschwätzen: du hues d’Recht, eng eege Meenung ze hunn an se och ze soen, d’Recht, gelauschtert a respektéiert ze ginn.

Wéi eng Evenementer ginn zu Lëtzebuerg organiséiert, fir d’Kanner iwwer hir Rechter ze informéieren?

Fir d’Kannerrechter méi bekannt ze maachen, organiséiert de Ministère reegelméisseg Evenementer, déi Kanner a Jugendlecher invitéieren, aktiv un der Verteidegung vun hire Rechter matzewierken.

Dag vun de Rechter vum Kand

Den Dag vun de Rechter vum Kand, deen all Joer am Beetebuerger Park (Parc Merveilleux) organiséiert gëtt, soll Kanner, Famillen a jiddereen, deen sech duerfir interesséiert, mat de Kannerrechter vertraut maachen. Dëst geschitt op ënnerschiddlech a spilleresch Aart a Weis. (Wee vun de Kannerrechter, Filmer, Animatiounen, Aktivitéiten, Informatiounsstänn asw.).

Kannerrechtsfest 2021

Internationale Kannerdag

Fir den Internationale Kannerdag organiséieren d’Akteuren an d’Partner vum Ministère all Joer am November eng Rei vun Aktiounen an Evenementer am ganze Land. D’Broschür mam Programm gëtt et hei.

Kannerkonferenz CHICO

Dës Kannerkonferenz gëtt all Joer organiséiert. Hei kënne Kanner vun aacht Joer u matmaachen an d’Educateure vun de Betreiungsstrukturen, fir iwwer Partizipatioun, Demokratie a Kannerrechter ze schwätzen.

Mathëllef vu partizipative Workshoppe ginn de Kanner komplex Froen zougänglech gemaach. Si kënnen hire Standpunkt fräi äusseren a sech besser verständlech maachen.

Weider Infoe gëtt et op de Websäite vum Kannerbureau Wooltz an dem Zentrum fir politesch Bildung.

Concours „Deng Zukunft. Deng Stëmm.“

De kreative Concours „Deng Zukunft. Deng Stëmm.“ gouf am November 2021 fir d’éischte Kéier vum Ministère an der UNICEF organiséiert. D’Theema war: „Wéi stells du dir d’Welt no COVID vir?“

Zaubershow fir d’Preventioun vu sexuellem Mëssbrauch

An Zesummenaarbecht mat ECPAT Luxembourg ginn am ganze Land Zaubershowen iwwer d’Kannerrechter organiséiert. Wärend dem interaktive Programm sensibiliséiert de Künstler de jonke Public fir d’Kannerrechter an erkläert virun allem den Ënnerscheed tëscht erlaabten an onerlaabte Gesten. Musikalesch Messagen an Zaubertricke wiesselen sech mat der Projektioun vum Videoclip „Dem Vicky saï Geheimnis“ of, fir datt d’Kanner verstinn, datt hire Kierper hinne gehéiert.

D’Kanner viru Gewalt am Internet schützen

Am Kader vun der Lutte géint sexuelle Mëssbrauch a Gewalt sensibiliséiert de Ministère de breede Public an d’Fachkreesser (Table ronde, Tagung, Referenzplattform) fir d’Geforen, déi den Internet mat sech bréngt, a virun allem fir de Phenomeen vum Grooming.

Vu Grooming schwätzt een, wann en Erwuessene Kontakt zu engem Kand ophëlt, meeschtens online an ënner enger falscher Identitéit, mam Zil, et sexuell ze mëssbrauchen oder Geld vun em ze erpressen. De Kontakt kann sech iwwer e längeren Zäitraum zéien, fir e Vertrauensverhältnes opzebauen an den Iwwergang zur Ausbeutung méi liicht ze maachen. Dës Ausbeutung ka verschidde Formen unhuelen: Treffen am „richtege Liewe“ mam Zil vum sexuelle Mëssbrauch; Opfuerderung, sexuell explizitt Fotoe vu sech ze schécken; Erpressung opgrond vun dësen explizitte Fotoen, fir Suen ze kréien oder nach méi Material vu sexuellem Mëssbrauch.

De Kanner a Jugendlechen hir Rechter erklären

D’Sammlung vun Internetsäiten hei ënnen drënner si fir Kanner entwéckelt ginn an erklären hinnen hir Rechter an enger fir si verständlecher Sprooch. Verschidde Websitte bidde Spiller a pedagogesch Aktivitéiten un, déi et erlaben, d’Kannerrechter spilleresch a praxisbezunn ze entdecken. Aner Linke verknëppen d’Kannerrechter mat der Aktualitéit a rezenten Evenementer. Déi drëtt Grupp vun de Linke féiert zu didakteschem Material, dat sech u Kanner, Famillen oder pedagogescht Personal riicht.

 

Kannerrechter fir Kanner – Allgemeng Informatiounen

Lëtzebuergesch

Video: Kannerrechter an zwou Minutten erkläert / All Kanner hu Rechter
Videoclip iwwer d’Kannerrechter vum Ministère fir Bildung, Kanner a Jugend an Zesummenaarbecht mat der Direktioun an de Schüler vum Lënster Lycée International School (LLIS) fir den Internationale Kannerdag, deen all Joer den 20. November gefeiert gëtt
Video: D'Kannerrechter erkläErt fir di ganz Kleng
D'Kannerrechter erkläert fir déi ganz Kleng: E Videoclip iwwert d'Rechter vum Kand, produzéiert vun der Unicef ​​Lëtzebuerg an Zesummenaarbecht mam Ministère fir Bildung, Kanner a Jugend

Däitsch

Franséisch

Kannerrechter fir Kanner – Aktuell Theemen
Kannerrechter fir Kanner – Schwéierpunkttheemen
Kannerrechter fir Kanner erkläert – Didaktescht Material

Aktualiséiert