Hei drënner fannt Dir nëtzlech Informatiounen iwwer d’Schoulrentrée 2026/2027.
Datumer vun der Rentrée
Dënschdeg, den 1. September 2026:
- Reprise vun de Coursë fir d’Schüler vum Deutsch-Luxemburgisches Schengen-Lyzeum
Dënschdeg, de 15. September 2026:
- Schoulufank an der Grondschoul
- Noexamen (Ajournementer) an den ëffentleche Lycéeë vum Enseignement secondaire classique a général
Mëttwoch, de 16. September 2026:
- Accueil vun de 7es-Schüler vum Enseignement secondaire classique a général
Donneschdeg, de 17. September 2026:
- Reprise vun de Coursë fir d’Schüler vun all deenen anere Klasse vum Enseignement secondaire classique a général
Summerschool 2026
Wéi an de Jore virdru bidden déi ëffentlech Schoulen am Kader vun der Summerschool fakultativ a gratis Nohëllefcoursen un.
D’Summerschool 2026 ass:
- vum 1. bis den 11. September 2026 an der Grondschoul,
- vum 31. August bis den 11. September 2026 an de Lycéeën.
D’Coursë baséieren op themateschen Dossieren, déi fir all Fach an all Klass vum Service de coordination de la recherche et de l’innovation pédagogiques et technologiques (SCRIPT) vum Ministère ausgeschafft gi sinn. Un dëst Material kënnt de Schüler iwwer säin IAM op der Plattform www.summerschool.lu.
D’Summerschool gëtt zënter 2020 organiséiert an ass Deel vun den Ënnerstëtzungsmesurë vum Ministère fir Educatioun, Kanner a Jugend fir Schüler, déi Léierschwieregkeeten oder Retarden an der Schoul hunn.
Méi Informatioune fannt Dir op: www.summerschool.lu
Schoultransport
D’Detailer zu de Linnen an den Horairë vun de Schoulbusser fir d’Schüler am Enseignement secondaire sinn op der Websäit an an der Mobilitéitsapp disponibel:
Informatioune fir déi éischt Schouldeeg
Dënschdeg, de 15. September 2026:
- Noexamen (Ajournementer): Et ass kee Schoultransport virgesinn, ausser fir de Cycle fondamental vun den internationale Schoulen.
Mëttwoch, de 16. September 2026:
- Accueil vun de 7es -Schüler: Et ass kee Schoultransport virgesinn, ausser fir verschidde regional Lycéeën.
Donneschdeg, de 17. September 2026:
- Rentrée fir all d’Schüler: Mise en place vum reguläre Schoultransport.
Den detailléierte Plang vum Schoultransport fannt Dir am follgenden Dokument:
„Bichermaart goes Jugendmaart“
Den traditionelle Bichermaart gëtt 2026 vun der Conférence nationale des élèves du Luxembourg (CNEL) mat der Ënnerstëtzung vum Service jeunesse vun der Stad Lëtzebuerg ënner dem Numm „Bichermaart goes Jugendmaart“ organiséiert. D’Veranstaltung ass e Samschdeg, den 12. September 2026, vun 11 bis 17 Auer op der Place d’Armes an der Stad.
D’Schüler kënnen do Schoulmaterial, Bicher, Kleeder an aner Saache verkafen, déi si net méi brauchen.
Méi Informatioune fannt Dir op: Bichermaart goes Jugendmaart 2026
Kalenner vun de Schoulvakanzen
De Kalenner vum Schouljoer 2026/2027 mat alle Vakanzen a fräien Deeg ass op follgende Säiten ze fannen:
- Kalenner vun de Schoulvakanzen a schoulfräien Deeg
- Kalenner vun de Vakanzen a fräien Deeg am Museksunterrecht