Promotioun vun der Lëtzebuerger Sproch

Lëtzebuergesch huet duerch d’Loi du 24 février 1984 sur le régime des langues zanter 1984 offiziell de Statut vun enger nationaler Sprooch. An eiser méisproocheger Gesellschaft kënnt dem Lëtzebuergeschen eng wichteg Roll zou.

D’Promotioun vun der Lëtzebuerger Sprooch war an der Regierung wärend der Legislaturperiod 2018-2023 eng Kompetenz vum Ministère fir Educatioun, Kanner a Jugend. No der Bildung vun der neier Regierung, déi aus de Parlamentswalen 2023 ervirgaangen ass, ass si an den Zoustännegkeetsberäich vum Kulturministère iwwergaang.

Den Engagement vun der Regierung fir d’Lëtzebuerger Sprooch ass am Mäerz 2017 an engem Strategiepabeier fir d’Promotioun vun der Lëtzebuerger Sprooch festgehale ginn. Dëst Dokument mat 40 Mesuren ass d’Basis fir den Aktiounsplang an erlaabt et, mëttel- an och laangfristeg Initiativen ervirzebréngen, déi der Entwécklung vum Lëtzebuergeschen hëllefen.

An dësem Pabeier si véier Engagementer respektiv iwwergräifend Ziler festgeluecht, zu deenen d’Regierung sech konkreet engagéiert huet:

  • de Stellewäert vun der Lëtzebuerger Sprooch stäerken;
  • d’Norméierung, de Gebrauch an d’Etüd vun der Lëtzebuerger Sprooch virundreiwen;
  • d’Léiere vun der Lëtzebuerger Sprooch a Kultur fërderen;
  • d’lëtzebuergeschsproocheg Kultur promouvéieren.

Den Detail zu deene 40 Mesurë fir d’Promotioun vun der Lëtzebuerger Sprooch fënnt een am Strategiepabeier (PDF).

Den 1. Juli 2023 ass d’Lëtzebuerger Sprooch an der Lëtzebuerger Constitutioun verankert ginn. Dobäi handelt et sech ëm dee wichtegste juristeschen Text vum Land, deen d’Struktur vum Staat definéiert an de Fonctionnement vu sengen Institutiounen organiséiert.

Am Artikel 4.(1) steet: „D’Sprooch vum Grand-Duché vu Lëtzebuerg ass Lëtzebuergesch. D’Gesetz reegelt d’Benotzung vun der lëtzebuergescher, der franséischer an der däitscher Sprooch.“ Doduerch, dass d’Lëtzebuerger Sprooch an der Verfassung ernimmt gëtt, ass hire Status eendeiteg.

Virdrun, de 14. Dezember 2022, huet de Regierungsrot den Aktiounsplang fir d’Lëtzebuerger Sprooch (PDF) adoptéiert, dee 50 Mesurë festleet, déi follgend Theemegebitter ëmfaassen:

  • Lëtzebuergesch léiere fir jiddwereen;
  • Visibilitéit a Gebrauch vum Lëtzebuergeschen;
  • Lëtzebuergesch virundreiwen.

Offiziell Gremien

Den 20. Juli 2018 gouf an der Chamber d’Gesetz fir d’Promotioun vun der Lëtzebuerger Sprooch gestëmmt. Verschidde Gremie si geschaf ginn:

Commissaire fir d’Lëtzebuerger Sprooch

De Commissaire fir d’Lëtzebuerger Sprooch ass zoustänneg fir en Aktiounsplang ronderëm d’Lëtzebuergescht. De Pierre Reding ass den 1. Januar 2023 op de Poste vum Commissaire ernannt ginn an ersetzt domat den éischte Commissaire.

De Commissaire ass dofir zoustänneg, fir een Aktiounsplang zur Promotioun vun der Lëtzebuerger Sprooch ëmzesetzen an zousätzlech Mesurë fir d’Fërdere vun der Sprooch ze proposéieren. Hie kuckt och, datt d’Offer u Coursen, fir Lëtzebuergesch ze léieren, duergeet, zu Lëtzebuerg an am Ausland, an datt dat richtegt didaktescht Material do ass. Hie mécht de Suivi vun den Doleancen iwwert de Gebrauch oder Net-Gebrauch vum Lëtzebuergeschen an den ëffentleche Servicer, iwwert d’Visibilitéit vum Lëtzebuergeschen op allen Niveauen an iwwert d’Recherche am Beräich vun der Lëtzebuerger Sprooch.

Zenter fir d’Lëtzebuerger Sprooch (ZLS)

Den Zenter fir d’Lëtzebuerger Sprooch (ZLS) këmmert sech ëm d’Lëtzebuerger Sprooch an d’Sproochesituatioun zu Lëtzebuerg an ëm d’Promotioun vum Lëtzebuergeschen op nationalem an internationalem Plang. Den Zenter dokumentéiert d’Lëtzebuerger Sprooch, hir Geschicht, d’Dialekter, mee och de villsproochege Kontext.

Den ZLS:

  • publizéiert déi lëtzebuergesch Orthografie- a Grammairesreegelen;
  • schafft sproochlech Outilen aus an aktualiséiert se;
  • äntwert op Froen iwwert d’Schreifweis, d’Grammaire, d’Phonetik an de richtege Gebrauch vum Lëtzebuergeschen;
  • iwwersetzt op Demande vu Ministeren offiziell Texter a Kommunikatiounen, déi publizéiert solle ginn.

De Lëtzebuerger Online Dictionnaire (LOD.lu) steet am Mëttelpunkt vun der Aarbecht vum ZLS. Den LOD ass déi offiziell Referenz, wat d’Schreifweis vu Wierder ugeet. Gläichzäiteg leescht den Dictionnaire en aktive Bäitrag, fir dʼLëtzebuergescht als Kommunikatiouns- an Integratiounssprooch weider ze etabléieren. Den LOD ass e méisproochegt Wierderbuch, an deem vill lëtzebuergesch Wierder op Däitsch, Franséisch, Englesch a Portugisesch iwwersat an duerch Beispiller op Lëtzebuergesch illustréiert sinn. Bei Froen iwwert d’Lëtzebuerger Sprooch oder den LOD kënnt Dir den ZLS kontaktéieren.

Dozou komme Reegelwierker vun der Lëtzebuerger Orthografie a Grammaire, en aktualiséiert Verbebuch, eng Landkaart mat de lëtzebuergeschen Nimm, eng Buchserie iwwer de „Lëtzebuerger Wuertschatz“ etc. Online-Outile wéi den Ortho-Trainer (ortho.lod.lu), de medezineschen Dictionnaire (med.lod.lu) oder de Spellchecker (spellchecker.lu) sinn ausgeschafft oder ugepasst ginn.

Den ZLS ass och Editeur vu Publikatioune ronderëm d’Sprooch, zum Beispill D’Lëtzebuerger Orthografie oder d’Buchserie Lëtzebuerger Wuertschatz. Donieft bitt den Zenter dem Bierger an den Administratiounen eng Rei Servicer, notamment de Lëtzebuerger Online Dictionnaire  (LOD.lu). Den ZLS ass och am wëssenschaftleche Beräich aktiv a suergt dofir, dass d’Forschungsresultater bekannt gemaach ginn.

Conseil fir d’Lëtzebuerger Sprooch

De Conseil fir d’Lëtzebuerger Sprooch (Conseil permanent de la langue luxembourgeoise, CPLL), deen zanter 1998 besteet, gëtt Avisen of zu de Reegele vum Zenter iwwer d’Schreifweis, d’Grammaire, d’Aussprooch an de richtege Gebrauch vum Lëtzebuergeschen.

Lëtzebuergesch léieren

Den Interessi an d’Bedeitung vun der Lëtzebuerger Sprooch sinn an de leschte Jore gewuess. De Regierungsprogramm 2018-2023 gesäit Mesurë vir, fir jiddwereen, Lëtzebuerger an Netlëtzebuerger, ze motivéieren, eis Sprooch ze léieren an hir eng Plaz a sengem perséinlechen Alldag ze ginn. Fir d’Lëtzebuerger Sprooch weider an der Gesellschaft ze verankeren ass et wichteg, hir och eng nei Bedeitung an der Schoul ze ginn:

Zu Lëtzebuerg, an der Groussregioun a weltwäit

Den Institut national des langues Luxembourg (INLL) an de Service de la formation des adultes (SFA) bidde Coursë fir Erwuessener. D’Offer gëtt ëmmer weider ausgebaut.

An der loi du 8 mars 2023 iwwert d’Grënnung vum l’INLL steet am Artikel 2.(2): „L’Institut remplit la fonction d’autorité nationale pour l’apprentissage, la didactique, l’andragogie et la certification de la langue luxembourgeoise.

Dës Missioun gëtt am Artikel 8.(1) preziséiert: „L’Institut est l’autorité nationale de certification des compétences en langue luxembourgeoise.“ D’Gesetz definéiert déi verschidde Certificaten an Diplomen am Lëtzebuergeschen esouwéi d’Sproochniveauen an d’Modalitéite vun den Epreuven. Den INLL engagéiert sech och an der Éischtausbildung vun der berufflecher Insertioun a Weiderbildung (Artikelen 10 an 11 vum Gesetz).

Verschidden Accorde mat Partner a Frankräich an an Däitschland erlaben et och, Lëtzebuergesch an der Groussregioun ze léieren.

Den INLL ass responsabel fir d’Publikatioun vun der Serie „Schwätzt Dir Lëtzebuergesch?“. Dës Bicher adresséiere sech virun allem un Erwuessener, déi gäre Lëtzebuergesch léiere géifen. An de Bicher gi si awer och villes iwwert den Alldag zu Lëtzebuerg gewuer, léieren ënner anerem onst Land, ons Fester, Feierdeeg a grouss Perséinlechkeete besser kennen an entdecken och verschidde kulinaresch Lëtzebuerger Spezialitéiten.

De Site LLO.lu, dee vum INLL ausgeschafft gouf, ass eng Léierplattform, fir online Lëtzebuergesch ze léieren – an dat gratis, autonom an a sengem eegene Rhythmus iwwerall op der Welt zu egal wéi enger Zäit. Um Internetsite fënnt een Online-Exercicer, een Test, fir säin Niveau ze bestëmmen, virtuell Aktivitéiten an Aktivéiten en présentiel.

An de Betreiungsstrukture an an der Schoul

De méisproochege Bildungsprogramm fërdert de Gebrauch vum Lëtzebuergeschen a vum Franséischen an de Bildungs- a Betreiungsstrukture fir kleng Kanner.

Fir d’Grondschoul sinn extra Materalien ausgeschafft gi fir d’Sproochecoursen a fir den Ëmgank mat der Villsproochegkeet.

Mam Schouljoer 2021/2022 ass d’Schoulfach Lëtzebuergesch op der 4e am Enseignement secondaire classique an am Enseignement secondaire général agefouert ginn. Dat neit Fach ëmfaasst dräi Haaptvoleten: allgemengt Wëssen iwwert d’Lëtzebuerger Land an d’Gesellschaft, d’Lëtzebuerger Sprooch an d’Lëtzebuerger Kultur, zu där och déi lëtzebuergesch Literatur gehéiert.

D’Zil vum neie Lëtzebuergeschcours ass et, deene Jonken d’Freed un der Sprooch ze vermëttelen an hiren Interessi wakreg ze maachen. Si sollen och generell Kenntnisser iwwer Lëtzebuerg mat op de Wee kréien, onofhängeg vun hirem kulturellen oder sproochlechen Hannergrond.

Doriwwer eraus gëtt an allen ëffentlechen internationale Schoulen d’Lëtzebuerger Sprooch als Friemsprooch geléiert, vum éischte Joer Primärschoul un.

D’Uni Lëtzebuerg huet de Master en Enseignement secondaire – Langue et littérature luxembourgeoise an d’Liewe geruff. Doduerch ass et méiglech, verstäerkt spezifesch forméiert Enseignanten an d’Lycéeën ze kréien, déi dat Fach kënnen halen. Donieft plangt d’Uni Lëtzebuerg, e Bachelor fir Lëtzebuergesch anzeféieren.

Et gëtt ëmmer méi dacks gefrot, fir richteg Lëtzebuergesch schreiwen ze léieren. Effektiv hëlt d’Schrëftsprooch duerch déi nei Technologien an digital Medien eng ëmmer méi grouss Plaz an eisem Alldag an. Dofir goufen eng Rei u flotten an uspriechende Léiermaterialien an Online-Outilen ausgeschafft, op déi jidderee kann zeréckgräifen, deen eis Sprooch wëll schreiwe léieren, egal ob am Sproochecours oder am eegestännege Léierprozess. All dës Outile sinn ugepasst un déi completéiert Orthografie, déi den Zenter fir d’Lëtzebuerger Sprooch am November 2019 erausbruecht huet.

LUX.lu

LUX.lu ass déi offiziell Websäit vum Commissaire fir d’Lëtzebuerger Sprooch. Op hir ginn all d’Facettë vun der Sprooch beliicht, mat hirer Geschicht, den Acteuren, déi an deem Secteur schaffen, an de Mesuren a Programmer, déi en place sinn.

Op där Säit fënnt een och reegelméisseg Neiegkeeten iwwer Initiativen a Mesuren, déi am Beräich vun der Lëtzebuerger Sprooch ergraff ginn.

Aktualiséiert