Hëllef fir d’Famill

Fir déi Famillen ze ënnerstëtzen, déi an hirem Alldag mat schwierege Situatioune konfrontéiert sinn, gëtt et verschidden Zorte vu Mesuren. Nodeem den Office national de l’Enfance (ONE) kontaktéiert gouf, dee sech ëm verschidde Moossnamen zum Deel selwer oder och ganz ka këmmeren, ginn d’Famillen un aner Prestataire weidergeleet, déi sech hire Besoinen am beschte kënnen unhuelen.

Ennerstëtzung duerch eng Aide socio-familiale

Dir sidd den deeglechen Aufgabe vum Familljeliewen net méi gewuess?

Eng Aide socio-familiale kann Iech hëllefen, Är alldeeglech Haus- a Familljenaarbechte besser ze geréieren, esou laang, bis Är Familljesituatioun sech verbessert huet.

D’Prestatairen

Psychesch, sozial an erzéieresch Hëllef an der Famill

Follegen Är Kanner Iech net méi? Hutt Dir Problemer, Är Plaz als Mamm oder Papp ze fannen? Dir wësst net, wéi Dir Äre Kanner Grenzen opweise kënnt oder wéi Dir hinnen Är Ënnerstëtzung kënnt verständlech maachen?

Eng psychesch, sozial oder erzéieresch Hëllef an der Famill kann Iech hëllefen, Äntwerten a Weeër ze fannen, ob am erzéieresche Beräich (Eenegunge fannen, Reegelen opstellen, konsequent sinn) oder am zwëschemënschleche Beräich (et fäerdegbréngen, de Kanner a Jonke Léift an Zouneigung ze weisen, hinnen e Gefill vu Sécherheet a Schutz vermëttelen).

Dës Familljenhëllef ënnerstëtzt d’Famillen an déi Jonk och an der Organisatioun am Alldag (no hinnen an hire Besoine kucken, fir Struktur suergen, Ritualer anhalen) a kläert d’Aufgaben an d‘Responsabilitéite vun all Member vun der Famill. Esou kann sech d’Familljesituatioun verbesseren, fir datt all Member seng Plaz an der Famill fënnt.

D’Prestatairen

Psychologesch a psychotherapeutesch Berodung

Sinn Är Kanner grad an enger schwiereger Liewensphas? Fillen se sech net méi wuel an hirer Haut? Sinn d’Bezéiungen an der Famill, ënner de Geschwëster oder mat anere Leit komplizéiert?

Eng psychologesch oder psychotherapeutesch Betreiung ka bei Verhalensschwieregkeeten oder Bezéiungsproblemer hëllefen.

Bei de Servicer hei ënnen drënner ass déi éischt Berodung gratis; duerno kann et sinn, datt eng finanziell Bedeelegung gefrot gëtt.

Orthopedagogesch, psychomotoresch, ergotherapeutesch oder logopedesch Hëllef

Äre Puppelche kräischt vill? E schléift nuets net? Äert Kand ka sech net eleng undoen oder iessen? Et ass ongeschéckerlech? Et ass dacks onroueg oder awer ze vill roueg? Et ass a senger sproochlecher Entwécklung – mëndlech an/oder schrëftlech – hannendran?

Eng Ënnerstëtzung duerch eng fréizäiteg Orthopedagogik, Psychomotoriktherapie, Ergotherapie oder Logopedie kann den individuelle Besoine vun Ärem Kand gerecht ginn, et a senger Entwécklung fërderen an esou dem schouleschen a sozialen Echec zevirkommen.

D’Prestatairen

Orthopedagogik

Prestatairen ONE

Aner Prestatairens

Psychomotorik- an Ergotherapie

Prestatairen ONE

Aner Prestatairen

Orthophonie

Prestatairen ONE

Aner Prestatairen

De Service Treff-Punkt 

De „Service Treff-Punkt“ gouf 1997 geschaf als Service vum Institut étatique d’aide à l’enfance et à la jeunesse – AITIA. Et ass eng Plaz, wou d’Ëmgangsrecht vun den Elteren a Kanner kann ausgefouert ginn. E bitt eng Struktur, wou Kanner hir Eltere kënne gesinn, wann d’Besuchsrecht verbueden, blockéiert oder erschwéiert ass. Dës Situatioun ka sech ergi fir Kanner, déi an enger Struktur ënnerbruecht sinn oder awer bei enger Fleegefamill, a fir Kanner vu getrennten oder gescheeten Elteren.

De „Service Treff-Punkt“ ass eng neutral Plaz, hei gëtt keng Positioun bezu bei eventuelle Konflikter. D’Kand huet e Recht op Zougang zu sengen Elteren, et huet e Recht drop, e Lien zu sengen Elteren ze behalen. De Schwéierpunkt läit op der Begéignung tëscht dem Kand an den Elteren (Papp an/oder Mamm), déi et besiche kommen.

Zënter 2003 gëtt et och de „Service Treff-Punkt Prison“, dee bannent dem Centre pénitentiaire zu Schraasseg funktionéiert.

Plus : Kontakt Service Treff-Punkt / Service Treff-Punkt Prison

Aktualiséiert