Déi negativ Auswierkunge vun den Ecran’en an de soziale Medien op d’Entwécklung an d’Wuelbefanne vun de Kanner a Jugendlechen hëlt ëmmer méi zou. D’wëssenschaftlech Etudë weisen, dass den iwwerméissegen digitale Konsum an de feelenden analogen Ausgläich zu Problemer bei der mentaler Gesondheet, der kierperlecher Entwécklung an de schoulesche Leeschtunge féiert.
„Wa mer net eng Generatioun un déi digital Welt wëlle verléieren, bei där mer wëssen, dass se deene Jonken net gutt deet, brauche mer e gesellschaftlecht Ëmdenken am Ëmgang mat de Gefore vum Smartphone an de soziale Medien. Fir d’Educatioun wäert dëst zu enger vun deene wichtegsten an dréngendsten Erausfuerderunge vun deene kommende Joren ginn”, sou de Claude Meisch, Minister fir Educatioun, Kanner a Jugend.
De Ministère fir Educatioun, Kanner a Jugend huet dofir d’Notzung vun dem Smartphone an de Schoulen a Lycéeën am lafende Schouljoer nei gereegelt. Fir d'Gesondheet vun de Kanner ze schützen an eng gesond Entwécklung ze fërdere, geet et awer net just duer d’Bildschiermzäit ze reduzéieren. Genee esou wichteg ass et, e bewossten Equiliber tëscht der digitaler an der richteger Welt hierzestellen. Fir eng gesond Screen-Life-Balance unzestriewen, musse mer zesummen Zäiten a Plaze schafen, wou Kanner an déi Jonk sech kënne begéinen, sech kënne beweegen, kreativ sinn an eppes erliewen.
Méi beweegen, entdecken, erliewen
De 24. Februar 2025 huet de Minister Claude Meisch dofir e Pak mat Mesure presentéiert, déi an der Schoul, an der non-formaler Bildung, ma och an der Fräizäit, d’Motorik, d’Kreativitéit an d’Zesummesi mat de Gläichaltrege méi staark fërderen. Des Aktivitéite suerge fir e wichtegen Ausgläich am Alldag vun de Kanner, stäerken déi sozial Interaktioun an och d’Entwécklung vu wichtege Kompetenzen.
„Fir d’Kanner vum Ecran ewechzekréie brauch et attraktiv Alternativen. Kanner kënne sech haut net méi langweilen a si gewinnt, schnell ofgelenkt ze sinn. Fir eng gesond Entwécklung vun eise Kanner musse mir e gemeinsamen Effort maachen, fir hinnen nees d’Loscht un der Beweegung, un de Gesellschaftsspiller an um Zesummesinn ze vermëttelen”, sou de Claude Meisch, Minister fir Educatioun, Kanner a Jugend.
Dräi Stonne Sportunterrecht vun der 7e bis d’5e am Lycée
Am Secondaire Classique a Général gëtt eng zousätzlech Stonn Sport fir d’Klasse vu 6e a 5e an de Stonneplang integréiert. Fir d’6e-Klasse wäert dëst ab der Rentrée 2025/2026 de Fall sinn, fir d’5e-Klassen ab der Rentrée 2026/2027.
Zwou Aktivitéite Sport a Beweegung den Dag
Och ausserhalb vun de Schoulstonne sollen d’Schüler aus der Grondschoul an dem Lycée all Dag vun zwou Aktivitéiten am Beräich Sport, Beweegung a Motorik kënne profitéieren.
An der Grondschoul wäert d’Maison Relais ab der Rentrée 2025/2026 zwou Aktivitéite Sport, Motorik a Beweegung ubidden. Dëst ka vun der Struktur selwer oder an Zesummenaarbecht mat der LASEP an de lokale Veräiner organiséiert ginn.
Am Lycée ginn all Dag zwou Aktivitéite Sport a Bewegung am parascolairen a periscolairë Beräich ugebueden.
En neien Optrag: „Ech gestalte meng Schoul”
En neie Referenzkader am parascolairen a periscolairë Beräich baut Aktivitéite fir Jonker aus, wéi zum Beispill d’Offer vum Jugendtreff, d’Zesummenaarbecht mam Jugendhaus aus der Regioun. All Lycée kritt och den Optrag, seng Schoul ze gestalten a mat der Schoulgemeinschaft e Konzept ze entwéckelen, wéi de Lycée beispillsweis säi Schoulhaff ka gestalten, wou déi Jonk flott Plaze fanne fir zesummen ze kommen. An der Maison Relais an am Lycée wäerte Ludothéike geschafe ginn, déi deene Jonke Gesellschaftsspiller zur Verfügung stellen.
Sport- a Beweegungsaktivitéiten an der Vakanz
De Service national de la jeunesse (SNJ) wäert seng Offer u Sportsaktivitéite fir Jonker substanziell ausbauen, souwuel bei den Dagesaktivitéiten wéi och de Kolonien. Et wäert och e Projet mat Aktivitéiten um Geesseknäppchen ausgeschafft ginn, fir d’Sportinfrastrukture wärend de schoulfräien Zäiten ze notzen. Dëse Modell soll an enger zweeter Phase op de Süden an de Norde vum Land ausgeweit ginn.
Des Mesurë weise wéi wichteg et ass, datt eis Kanner an déi Jonk an engem Ëmfeld opwuessen, an deem si sech wuel fillen, ausgeglach sinn a sech gutt kënnen entwéckelen. Fir datt eis Kanner staark ginn a bleiwen, brauch et e kollektiven Effort, vun de Schoulen, de Strukture vun der non-formaler Bildung an och de Familljen.