Evaluatioun vun der schoulescher Inklusioun

Méi Schüler an der Inklusioun. An Zukunft besser Reaktivitéit a méi Ressourcë fir d’Schoul

Den 23. Januar 2023 huet de Minister fir Educatioun, Kanner a Jugend, Claude Meisch, op enger Pressekonferenz a Clausen d’Evaluatioun vun der schoulescher Inklusioun zu Lëtzebuerg presentéiert.

Eng Evaluatioun vum Dispositif vun der Inklusioun iwwer déi lescht 5 Joer

Mat der Aféierung vun engem neien Dispositif huet Lëtzebuerg säit 2017 eng grondleeënd Reform vun der schoulescher Inklusioun zu Lëtzebuerg ëmgesat, wéi de Claude Meisch op der Pressekonferenz ënnerstrach huet:

„Laang ass iwwert eng Reform vun der EDIFF geschwat ginn, iert se dunn 2017 agetrueden ass. Eng Reform, mat där méi Kompetenzen, méi Ressourcen a méi Méiglechkeeten an d’Beschoulung vu Kanner mat spezifesche Besoinen investéiert gi sinn. Dëst ass e wichtegen Investissement an d’Zukunftschancë vun alle Kanner an e grousse Schratt am Beräich vun der Inklusioun zu Lëtzebuerg.

Den Encadrement vun de Kanner mat spezifesche Besoine leeft haut iwwer en dräideelege Modell: Um nationale Plang sinn 8 Centres de compétences en psycho-pédagogie spécialisée an eng Commission nationale d’inclusion (CNI) entstanen. Um regionale Plang intervenéieren Équipes de soutien des élèves à besoins éducatifs spécifiques (ESEB) an um lokale Plang kann en Instituteur spécialisé dans l’encadrement et la prise en charge des élèves à besoins spécifiques (I-EBS) direkt an de Grondschoulen intervenéieren. Des Weidere gouf d’Commission d’inclusion (CI) am Fondamental reorganiséiert an am Secondaire ass eng Commission d’inclusion scolaire (CIS) geschaf ginn.

Stäerkung vun der schoulescher Inklusioun duerch d’Reform

Lëtzebuerg gehéiert haut zu de Spëtzereider, wat d’schoulesch Inklusioun ubelaangt: Säit de Reformen 2017 an 2018 huet den Educatiounsministère iwwer 700 nei Poste geschaf an domat duebel esou vill Ressourcë fir Kanner mat spezifesche Besoinen zur Verfügung gestallt wéi nach 2014/15. D’Investissementer iwwer déi lescht 5 Joer féieren haut schonn zu enger kontinuéierlecher Augmentatioun vun de Prises en charge ambulatoires am reguläre Schoulsystem (vun 0,72 % am Schouljoer 2014/15 op 0,85 % 2020/21) an zu enger Baisse vun de spezifesche Beschoulungen an engem Kompetenzzentrum (vun 0,89 % 2014/15 op 0,76 % 2020/21) an ënnersträichen d’Noutwennegkeet vun de Reformen.

Eng Evaluatioun, déi beleet, datt den neien Dispositif breet gedroen ass

De Rapport d’évaluation ëmfaasst 3 Voleten: e Sondage, deen sech zesummesetzt aus engem Online-Froebou a qualitativen Interviewe beim Personnel enseignant, Personnel socio-éducatif a bei den Direktiounen. Eng detailléiert Etude vun der Commission nationale d’inclusion (CNI), un där alleguer d’Mataarbechter an d’Memberen deelgeholl hunn. An eng Etude vun all eenzele vun de Centres de compétences en psycho-pédagogie spécialisée, realiséiert duerch eng extern Consulting agence (EXIGO SA).

D’Etude stellt eng grouss Implikatioun an e staarken Devouement vun alle Gruppe vum Personal encadrant fest. Den neien Dispositif gëtt haut breet gedroen an ass gutt bei den Acteure vun der Educatioun acceptéiert.

Informatioun an Delaien als Haaptdefie vun der Evaluatioun

D’Evaluatioun vum System huet 6 Entwécklungsachsen identifizéiert. Zu deene wichtegste gehéiert, dass d’Delaie verkierzt solle ginn an d’Acteuren, déi bedeelegt sinn, besser iwwert de Fonctionnement vum System informéiert solle ginn.

E Gesetzestext iwwert de Bien-être an d’Inklusioun

An de vergaangene Méint ass mat alle Partner zesummen en Text ausgeschafft ginn, an deen déi wesentlech Aspekter vun der Evaluatioun mat agefloss sinn. Den Text ass och d’Resultat vun den Negociatioune mat den CGFP-Gewerkschaften. Am Dialog mat de Collèges des Directeurs, de Gewerkschafte vun der CGFP an dem OGBL esouwéi der Nationaler Elterevertriedung goufen déi eenzel Elementer vum Text diskutéiert. An de kommende Woche wäert den Text an de Regierungsrot goen, mam Zil, fir d’Rentrée 2023/24 a Kraaft ze trieden.

E maximalen Delai fir den Diagnostik

E wichtegen Aspekt bei der Kierzung vun den Delaien ass den Diagnostik. Datt all Kand en Dossier huet, dee fachlech korrekt ass an an deem seng Besoine festgestallt sinn, ass elo schonn e wesentleche Qualitéitssprong an der Prise en charge vun de Kanner mat spezifesche Besoinen. Allerdéngs dauert et haut am Duerchschnëtt 10 Méint, bis d’Prise en charge vum Kand ulafe kann. Mam neie Gesetz gëtt en Delai vu 4 Wochen am Fondamental an am Secondaire respektiv vu 3 Méint duerch ee Kompetenzzentrum agefouert, an deem en Agangsdiagnostik gemaach gëtt. Duerno soll d’Prise en charge direkt ulafen a parallel dozou kann, wann néideg, den Diagnostik detailléiert ginn.

Zousätzlech Ënnerstëtzung fir d’Elteren duerch eng Referenzpersoun

Dës Referenzpersoun um Niveau vun all ESEB iwwerhëlt zousätzlech Aufgaben, besonnesch an der Informatioun vun den Elteren an de Schüler iwwert d’Mesuren, déi en place gesat ginn, fir d’Kand ze encadréieren. Dës Persoun ass den Interlocuteur tëschent dem Schüler, den Elteren an de Persounen, déi un der Ëmsetzung vum individuellen Encadrement bedeelegt sinn.

D’Schafung vun engem Assistant pour enfants à besoins spécifiques (A-EBS)

Fir d’Schoule bei der Ëmsetzung vun de Mesurë vum Encadrement fir Kanner mat spezifesche Besoinen ze ënnerstëtzen a méi eng grouss Reaktivitéit unzestriewen, soll nieft dem I-EBS och en Assistant pour enfants à besoins spécifiques (A-EBS) agefouert ginn. Iwwert déi kommend Jore soll dofir all Grondschoul en A-EBS kréien, deen an der Schoul affektéiert gëtt. Fir dëst ze erméiglechen, wäert dat neit Gesetz e Rekrutement um Niveau DAP erlaben.

Schafung vun engem Service fir inklusiv Educatioun

Fir eng gutt Koordinatioun an den Echange vun den Acteuren ze assuréieren, gëtt de Service national de l’éducation inclusive (SNEI) geschaf. Dëse Service huet als Missioun, d’Promotioun vun der Éducation inclusive an déi kontinuéierlech Verbesserung vun der Qualitéit vum Dispositif de prise en charge vun de Kanner mat spezifesche Besoinen.

  1. (de g. à dr.) Laurent Dura, directeur de la direction générale de l'inclusion ; Claude Meisch, ministre de l'Éducation nationale, de l'Enfance et de la Jeunesse

Dernière mise à jour