Hëllef an Ënnerstëtzung

D’Prinzipie vun der Konventioun fir de Schutz vun de Mënscherechter an de Grondfräiheeten an d’Prinzipie vun der UN-Kannerrechtskonventioun bestëmmen d’Hëllefsmoossname fir Kanner a jonk Erwuessener, déi an Nout sinn, an hir Famillen. An dëse Konventioune sinn och d’Prinzipie vun der Adoptioun festgeschriwwen.

Et ass zum Wuel vum Kand (nom Art. 3 vun der Kannerrechtskonventioun), wann d’Hëllefsmoossname vun den ëffentleche Verwaltungen an de konventionéierte Prestatairen ëmgesat ginn. Et ass och zum Wuel vum Kand, wann de Ministère d’Adoptiounen zu Lëtzebuerg geréiert.

Aktualiséiert