Lëtzebuerg verännert sech, an eis Schoul entwéckelt sech mat. Mat ALPHA – zesumme wuessen kënnen d’Kanner an der Grondschoul léieren, op Däitsch oder op Franséisch ze liesen, ze schreiwen an ze rechnen, jee nodeem wéi e sproochleche Parcours hir Eltere fir si ausgesicht hunn. Esou kënne si vun Ufank un an enger Sprooch léieren, déi méi no un där ass, déi si doheem schwätzen, an hir Kompetenzen an Talenter besser entwéckelen. Gläichzäiteg gëtt d’Roll vum Lëtzebuergeschen als gemeinsam Unterrechtssprooch gestäerkt, fir datt all Kanner weider zesummen an enger Klass léiere kënnen.
Des Broschür informéiert doriwwer, wéi ALPHA – zesumme wuessen zu enger méi gerechter Schoul bäidréit, déi der Méisproochegkeet vu Lëtzebuerg Rechnung dréit an all Kand d’Chance gëtt, säi Potenzial ze entwéckelen.
Weider Informatiounen