
Wann d’Kanner nach ganz kleng sinn, léiere si spilles nei Sproochen, op eng intuitiv an natierlech Manéier. Si entwéckelen esou och méi eng grouss Liichtegkeet, Sproochen am Allgemengen ze léieren, wouvu si e Liewe laang wäerte profitéieren.
Fir dës formidabel Chance ze notzen, lancéiert d’Regierung e Programm fir eng méisproocheg Erzéiung 1 fir Kanner vun 1 bis 4 Joer. Vu September 2017 u këmmert sech all Crèche a Kannerbetreiungsstruktur, déi dem Chèque-service-accueil-System (CSA) ugeschloss ass, ëm de Kanner hir sproochlech Entwécklung. Mat de Kanner gëtt lëtzebuergesch a franséisch geschwat; qualifizéiert a speziell ausgebilten Erzéier féiere si spilleresch un déi zwou Sproochen erun, woubäi si dem Alter an den individuelle Besoine vun deene ganz Klenge Rechnung droen – am Spill, mat Spréchelcher, am alldeegleche Liewen.
Dans d'autres langues
