Den Arthur an déi kleng Fliedermaus
Den Arthur an déi kleng Fliedermaus: eng Geschicht iwwer d’Recht op Inklusioun
An dëser neier Aventure léieren den Arthur, d’Eil, a seng Frënn d’Kelly kennen, eng kleng Fliedermaus, déi anescht ass wéi déi aner. Mat Gedold, Versteesdemech an Ënnerstëtzung hëllefen si hir, u sech selwer ze gleewen, hir eege Stäerkten ze entdecken an zu deem ze stoen, wat si eenzegaarteg mécht.
Dem Arthur seng Geschicht erënnert eis drun, datt jidderee vun eis anescht ass an datt grad dës Ënnerscheeder eis beräicheren. Si sensibiliséiert d’Kanner fir de Respekt virun deem Aneren, d’Inklusioun an d’Recht vu Kanner mat enger Behënnerung op déi néideg Ënnerstëtzung, fir sech voll a ganz entfalen ze kënnen.
Exemplairë vun dësem Buch kënne per E-Mail bestallt ginn:
Weider Geschichte mam Arthur
- Den Arthur fält duerch d’Welt
- Den Arthur an de Fonkelweier
- Den Arthur op Frupsmissioun
- Den Arthur an déi kleng Fliedermaus