Vun den Affer an den  Iwwerliewende vu  sexueller Gewalt léieren
                
                
            Den Europäeschen Dag vum Schutz vu Kanner viru sexueller Ausbeutung a sexuellem Mëssbrauch ass den 18. November. Fir zur Sensibiliséierung iwwer sexuell Gewalt an der Kandheet bäizedroen, loosse mir Affer an Iwwerliewender zu Wuert kommen. Liest hei hir Temoignagen an hir Wënsch.
D’Aussoe goufe vum Service des droits de l’enfant vum Ministère fir Educatioun, Kanner a Jugend (MENJE) zesummegedroe, fir d’Campagne vum Europarot ze ënnerstëtzen. 2023 huet den Europarot d’Theema „Vun Affer an Iwwerliewender vu sexueller Gewalt an der Kandheet léieren, fir eng Ännerung an der Politik ze erreechen“ gewielt.