Diplom+, e Plus u Kompetenz

Diplom+, e Plus u Kompetenz

Du hues däin Diplom vum Secondaire, däin Techniker-Diplom oder en equivalenten Diplom an der Täsch? An elo …?

  • Du bass op der Sich no dengem éischten Job?
  • Du wëlls studéieren, bass awer nach néierens ageschriwwen?
  • Du weess nach net genee, wéi eng Richtung s du wëlls aschloen?

Da profitéier vum Diplom+, fir deng Kompetenzen auszebauen an déi nächst Etapp vun dengem Wee virzebereeden.

Diplom+ ass eng alternativ Formatioun, déi perséinlech Entwécklung, praktesch Kompetenzen an d’Decouverte vun der Beruffswelt kombinéiert, fir dech optimal op den Aarbechtsmaart oder op d’Uni virzebereeden.

Wat bitt den Diplom+?

D’Formatioun baséiert op dräi Pilieren:

1. E Basismodüll

Schaff u wichtege Kompetenzen: Kommunikatioun, Éischt Hëllef, Zäit- a Stressmanagement, Virbereedung op e Virstellungsgespréich, digital Outilen an nach vill méi.

2. Thematesch Modüller

Wiel Modüller opgrond vun dengen Interessen an dengem schouleschen oder beruffleche Projet. Dozou gehéieren ënner anerem Konscht, de soziale Beräich, Management an Digitales.

3. E praktesche Projet

Notz deng Kompetenzen a went se bei konkreete Projeten oder um Terrain un.

Wie kann en Diplom+ maachen?

Du kanns en Diplom+ maachen, wann s du follgend Konditiounen erfëlls:

  • Du hues grad den Diplôme de fin d’études secondaires, den Diplôme de technicien oder en equivalenten Diplom kritt.
  • Du schaffs net.
  • Du studéiers net.
    oder
  • Du hues däi Studium ofgebrach an hues wëlles, dech ëmzeorientéieren.

Wou kann ech mech informéieren a mech aschreiwen?

Komm op eng Informatiounsseance, fir all déi néideg Informatiounen ze kréien an deng Froen ze stellen.

No der Veranstaltung kanns du dech direkt fir den Diplom+ aschreiwen.

Datumer:

  • 21. September 2026
  • 22. September 2026
  • 23. September 2026

Du kanns dech bis de 4. September 2026 iwwert den Online-Formulaire aschreiwen.

Wéi leeft d’Formatioun of?

Nächst Sessioun

  • Oktober 2026 bis Juli 2027

Sprooche vum Cours 

D’Formatioun ass op Lëtzebuergesch, Franséisch an Englesch. Gutt Kenntnisser an dësen dräi Sprooche sinn onbedéngt néideg.

Sitte vun der Formatioun

D’Coursë ginn op dräi verschiddene Plazen zu Lëtzebuerg gehalen:

  • Esch-Belval,
  • Lëtzebuerg, 
  • Ettelbréck.

Gréisst vun de Klassen

Tëscht 15 an 20 Participantë pro Klass

Wéi ee Certificat kréien ech?

Fir all gepackte Modüll kriss du e Certificat, virausgesat:

  • du has bei deem Modüll eng Presenz vun op mannst 80 %;
  • du hues d’Evaluatioun um Enn vum Modüll gepackt.

Ausnam: De Modüll „Éischt Hëllef“ erfuerdert eng Presenz vun 100 %.

Hues du nach Froen?

D’Äntwerten op déi heefegst gestallte Froe fënns du hei drënner an de FAQ.

Du kanns och eng E-Mail un diplomplus@men.lu schécken.

 

Wat ass mäi Statut wärend der Formatioun?

Du hues de Statut vun engem Schüler

Wann ech mat der Formatioun virum Enn vum Programm wëll ophalen, kréien ech dann trotzdeem Certificaten?

Jo, all Modüll gëtt eenzel bewäert a certifiéiert.

Ech géif mech gäre wärend der Formatioun als Demandeur dʼemploi bei der ADEM aschreiwen. Ass dat méiglech?

Nee. Du bass als Schüler beim Ministère fir Educatioun, Kanner a Jugend ageschriwwen.

Muss ech mech ofmellen, wann ech eng Aarbecht fonnt hunn, weiderstudéieren oder net mat der Formatioun wëll virufueren?

Jo. DʼOfmellen ass obligatoresch, wann s du virum Enn vum Programm wëlls mat der Formatioun ophalen.

Du muss dech iwwer den Online-Formulaire „Demande de désinscription“ ofmellen.

Gi wärend der Formatioun Sproochecoursen ugebueden?

Nee, wärend der Formatioun gëtt et kee spezifescht Modüll mat Sproochecoursen.

Kann ech aus dem Programm ausgeschloss ginn, wann ech ëmmer erëm onentschëllegt feelen?

Et ass obligatoresch, reegelméisseg un der Formatioun deelzehuelen. Wann s du ëmmer erëm onentschëllegt feels oder den Diplom+ ofbréchs, ouni virdru Bescheed ze soen, ass et méiglech, datt decidéiert gëtt, dech vun der Formatioun ofzemellen.

 

 

Aktualiséiert