Beruffer am Bildungssystem

Dir hutt Loscht, Kanner a Jonker an hirer Entwécklung ze begleeden? Teamaarbecht motivéiert Iech an d’Educatioun inspiréiert Iech? Dir sidd bereet, am Laf vun Ärer Karriär mat jonke Schüler a Kolleegen aus verschidde Fachrichtungen ze léieren? De Lëtzebuerger Educatiounssystem bitt ganz vill Beruffs- a Karriärsméiglechkeeten. Et ass e passionanten, dynamesche Secteur, dee mat der Entwécklung vun der Gesellschaft Schrëtt hält. Wousst Dir, datt d’Hallschent vun de Mataarbechter an der Fonction publique hei schafft?

Op dëse Säite fannt Dir all Informatiounen zu de méiglechen an erfuerderleche Studiegäng, Astellungsprozeduren an Karrièresentwécklungen am Bildungssystem.

Aktualiséiert