Erlieft e kreative Moien am MUDAM!

Jeu-concours EDI – n° 2/2026

Bis de 14. Oktober 2026 organiséiert EDI-Infomagazin fir Elteren e Gewënnspill.

Wat gëtt et ze gewannen?

Ze gewanne gëtt et e kreative Moie fir d’ganz Famill am Musée d’art moderne Grand-Duc Jean, samschdes, den 21. November 2026 vun 10:00 bis 12:00 Auer mat engem Mëttegiessen am Restaurant „Chiche!“ am Musée.

Wéi kann ee matmaachen?

Ënnert alle richtegen Äntwerte ginn 10 Gewënner per Lous ermëttelt.

Fir deelzehuelen, beäntwert wgl. déi dräi Froen an dësem Formulaire:

All d’Äntwerte fannt Dir an der aktueller Editioun vum EDI.

Schéckt Är Äntwerte bis spéitstens den 14. Oktober 2026 eran.

 

Um Gewënnspill deelhuele kënne groussjäreg Persounen. D’Gewënner ginn ënnert all de richtegen Äntwerte per Lous ermëttelt a per E-Mail informéiert.

  • Règlement du jeu-concours « Remportez un succulent cadeau ! » (PDF)

 

Aktualiséiert