En Dënschdeg, den 20. Oktober 2026 um 18:00 Auer organiséiert de Centre pour le développement des apprentissages Grande-Duchesse Maria Teresa (CDA) am Kader vum Dyslexia Awareness Month 2026 eng Konferenz mam Titel „De l'imagerie cérébrale à la salle de classe : science de la lecture et dyslexie” op dëser Adress:
École nationale de santé du Luxembourg (ENSA)
2, place Thomas Edison
L-1483 Stroossen
Google Maps
D’Konferenz gëtt en Abléck an déi rezent Entwécklungen an den Neurowëssenschaften a soll hëllefen, d’Léiere vum Liesen besser ze verstoen. Si soll den Dialog tëscht Fuerschung, Educatioun an dem Grand public fërderen.
Programm
- Rieden
- Wëllkomm vum Alex Kockhans, Direkter vum CDA
- Ried vun S.A.R, dem Prënz Louis
- Ried vum Claude Meisch, Minister fir Educatioun, Kanner a Jugend
- Keynote vum Cassandra Potier Watkins, PhD, franco-amerikanesch Fuerscherin um Collège de France: „De l’imagerie cérébrale à la salle de classe : science de la lecture et dyslexie”
- Receptioun mat Echange
Eng Iwwersetzung aus dem Lëtzebuergeschen an aus dem Franséischen an d’Englescht gëtt assuréiert.
Aschreiwung
Dës Konferenz ass fir all interesséiert Persounen zougänglech. Eng Umeldung gëtt bis den 12. Oktober 2026 gewënscht.
Wärend dem Evenement gi Fotoe gemaach.
- Dir wëllt d’Konferenz besichen?
Online-Umeldung fir d’Konferenz „De l’imagerie cérébrale à la salle de classe”
- Dir schafft beim Ministère fir Educatioun, Kanner a Jugend?
Online-Umeldung iwwert de Site vum Institut de formation de l’Éducation nationale (IFEN)