Konferenz: Elteren haut

Konferenz: Elternschaft heute

Den Eltereforum lued e Mëttwoch, de 4. Mäerz 2026 um 18:30 Uhr zu enger Konferenz am Kinepolis um Kierchbierg (Sall 10) an:

Elteren haut: wäertschätzen, stäerken, schützen

Den Alldag vun Elteren ass haut duerch nei sozial Ufuerderungen, vill ënnerschiddlech Erwaardungen an e verännert Rolleverständnis gepräägt. D’Konferenz „Elteren haut: wäertschätzen, stäerken, schützen“ widmet sech den zentralen Erausfuerderunge vun der moderner Erzéiung: Wéi kënnen Elteren an enger Welt voller Schnellliewegkeet, Onsécherheeten an al agesiessen Mustere Stabilitéit fannen? Wéi kënnen si hire Kanner Sécherheet an Orientéierung ginn, ouni Drock oder Strof – a gläichzäiteg och sech selwer schützen?

De Virtrag weist op, firwat Elteren haut mat villen Ufuerderunge konfrontéiert ginn, wéi historesch Iddien iwwer Erzéiung nach ëmmer Afloss op eis hunn a firwat Wäertschätzung a Selbstfleeg zentral Bestanddeeler vun enger zäitgeméisser a gewaltfräier Erzéiung voller Zouneigung sinn. Unhand vu Beispiller aus dem Alldag ginn d’Riednerinne Kathrin Hohmann (Kindheitspädagogin, Autorin) an Inke Hummel (Pädagogin M.A., Familienbegleiterin, Autorin) praktesch Iddien, wéi ee sécher an op eng duuss Aart a Weis Grenze setzt an de Familljenalldag méi entspaant gestalte kann.

D’Konferenz riicht sech un Elteren, Professioneller an u jiddereen, deen u Kannerschutz a Familljebegleedung interesséiert ass. De Virtrag gëtt op Däitsch gehalen a simultan an d’Franséischt an an d’Englescht iwwersat. Nom Virtrag an enger oppener Fro- a Äntwertronn invitéiere mer Iech häerzlech op e flotten Austauschmoment ronderëm e Patt an e puer Schnittercher.

Den Entrée ass fräi. Iwwer dëse Formulaire kënnt Dir Iech online aschreiwen:

 

Aktualiséiert