Gënn dir eng Paus vum Scrollen: eng Campagne, fir déi Jonk fir den Automatismus vum Scrollen ze sensibiliséieren

D’sozial Medie spillen eng zwispälteg Roll am Alldag vun de Jonken: Engersäits mécht et hinne Freed, mat aneren am Austausch ze sinn, anerersäits fält et hinnen dacks schwéier, sech vun de soziale Medien ze léisen. D’Campagne Gënn dir eng Paus vum Scrollen, déi de Minister fir Educatioun, Kanner a Jugend, Claude Meisch, de 16. November 2026 presentéiert huet, encouragéiert déi Jonk, sech bestëmmten Automatisme bewosst ze ginn, besonnesch wa si duerch Inhalter scrollen, ouni wierklech dorop opzepassen.

D’Campagne vum Ministère a vu BEE SECURE ass en Deel vun der Initiativ Screen-Life-Balance. Dës fërdert e bewossten Ëmgang mat digitale Medien an e bessert Gläichgewiicht tëscht Online- an Offline-Aktivitéiten.

„D’Zäit, déi vill Jonker domat verbréngen, um Smartphone ze scrollen, ass eng verlueren Zäit. A wann d’Scrollen zum Automatismus gëtt an aus e puer Minutten um Smartphone Stonne ginn, ouni datt een et iwwerhaapt mierkt, ass et wichteg, datt mir déi Jonk drop opmierksam maachen, déi eege Gewunnechten ze hannerfroen. Well et Zäit ass, déi op Käschte vun hirem Wuelbefannen, hirer mentaler Gesondheet an den Erfarungen am richtege Liewe geet. Mat dëser Campagne wëlle mir  déi Jonk dozou encouragéieren, hire Mediekonsum méi bewosst ze gestalten, d’Kontroll iwwer hir Zäit zeréckzegewannen an e gesond Gläichgewiicht tëscht der digitaler Welt an dem richtege Liewen ze fannen“, huet de Minister Claude Meisch betount.

Verstoen, firwat et heiansdo schwéier ass opzehalen

Eleng d’Aart a Weis, wéi d’Plattforme funktionéieren, kann d’Notzer dozou verleeden, ëmmer weider ze scrollen, ouni datt si sech deem zu all Moment bewosst sinn. Dat onendlecht Scrollen (infinite scrolling), d’Algorithmen, déi permanent nei Inhalter virschloen, an och d’Angscht, eppes ze verpassen (fear of missing out, FOMO), si Mechanismen, déi et méi schwéier maache kënnen, mam Scrollen opzehalen.

Dës Feststellung deckt sech mat de Resultater vum „Rapport national sur la situation de la jeunesse au Luxembourg 2025 – Vivre et grandir en ligne et hors ligne“. Ronn 80 % vun de Jonken tëscht 12 an 29 Joer verbréngen all Dag zwou Stonnen oder méi an de soziale Medien a schätzen d’Méiglechkeeten, fir sech auszetauschen, sech ze informéieren oder sech ze ameséieren. De Bericht weist awer och, datt déi Jonk, besonnesch déi tëscht 16 an 29 Joer, hir Ecranszäit ëmmer méi kritesch betruechten: D’Zäit, déi si domat verbréngen, duerch hiren Newsfeeds ze scrollen, kann als verlueren Zäit empfonnt ginn a souguer mam Gefill verbonne sinn, d’Kontroll ze verléieren. D’Resultater vum BEE SECURE Radar 2026 ginn an déi selwecht Richtung: 59 % vun de Jonken tëscht 17 an 30 Joer, déi an deem Kader befrot goufen, sinn der Meenung, datt déi sozial Medien en negativen Afloss op hiert mentaalt Wuelbefannen hunn.

Dës Resultater ënnersträichen déi wichteg Roll vun de soziale Medien am Alldag a bei de soziale Bezéiunge vun de Jonken. Si weisen och, datt déi Jonk sech ëmmer méi bewosst ginn, wéi vill Zäit si dorop verbréngen a wéi schwéier et hinne fält, sech vu soziale Medien ze léisen.

Genee dës Ambivalenz wëll d’Campagne thematiséieren. Si encouragéiert e méi bewossten Ëmgang mat de soziale Medien, ouni den Notzer e schlecht Gewëssen ze maachen, besonnesch an deene Momenter, an deenen d’Scrollen éischter e Reflex wéi e bewosste Choix ass. De Message Gënn dir eng Paus vum Scrollen incitéiert déi Jonk, dës Automatismen ze erkennen a bewosst eng Paus ze maachen, ouni se ze jugéieren oder ënner Drock ze setzen.

Eng Campagne an der Kontinuitéit vun der Screen-Life-Balance

D’Campagne riicht sech virun allem u Jonker tëscht 12 an 30 Joer a gouf zesumme mat de Jonken aus dem BEE SECURE-Grupp Digital Ambassadors entwéckelt. Si hu matgewierkt bei den Iwwerleeungen iwwer d’Scrollgewunnechten, déi duergestallte Situatiounen an d’Messagen, déi vermëttelt solle ginn.

Dräi Videoen, déi sech un der Ästheetik vun de Reklammen aus den 1950er-Joren inspiréieren, weisen op eng witzeg Aart a Weis vertraute Situatiounen, an deenen d’Scrollen en Automatismus gëtt: virum Schlofegoen, wärend enger Paus ënner Frënn oder an engem Wartesall. D’Videoe ginn an de soziale Medien (Facebook, Instagram, TikTok) diffuséiert. De Retro-Stil vun de Videoe gëtt an engem Heft mat analogen Aktivitéiten opgegraff. Dëst mécht op Spiller, Rätselen a kleng Erausfuerderungen, déi et scho laang virum Smartphone gouf, opmierksam a bitt domat einfach Alternativen zum Scrollen. D’Heft gëtt ënner anerem bei de BEE SECURE-Formatioune verdeelt.

Plakater op ëffentleche Plazen, wou vill Leit laanschtginn, ënner anerem op der Gare zu Lëtzebuerg, suerge fir zousätzlech Visibilitéit vun der Campagne.

Weider Informatiounen

Op bee-secure.lu/paus ginn et zousätzlech Informatiounen iwwer d’Scrollen an d’Campagne. D’Phenomeen vum Scrolle gëtt och ënner anerem op verschiddenen Elterenowender vu BEE SECURE (bee-secure.lu/de/events) thematiséiert.

Mat dësen Aktiounen erënnert BEE SECURE un en einfache Message: besser erkennen, wéini d’Scrollen en Automatismus gëtt, wëssen, wéini et Zäit ass fir eng Paus, a sech d’Méiglechkeet ginn, vu senger Zäit anescht ze profitéieren.

D’Campagne ergänzt d’Aktivitéite fir déi Jonk, déi de Ministère schonn am Kader vun der Initiativ Screen-Life-Balance ubitt. Dozou gehéieren de Programm MoVe, deen de Jonke virun allem an de Schoulvakanzen eng accessibel Sportsoffer bitt, an de Programm CreativeLab, deen de Schüler aus dem Enseignement secondaire d’Méiglechkeet gëtt, ausserhalb vun de Schoulstonnen u kulturellen a kreativen Aktivitéiten deelzehuelen.

 

Présentation de la campagne «Gënn dir eng Paus vum Scrollen»
(de g. à dr.) Jeff Kaufmann, chargé de projets BEE SECURE ; Kabir Singh, élève de l’École internationale Mersch Anne Beffort et Digital Ambassador de BEE SECURE ; Claude Meisch, ministre de l’Éducation nationale, de l’Enfance et de la Jeunesse ; Benjamin Gaspard, élève du Maacher Lycée et Digital Ambassador de BEE SECURE

 

 

Aktualiséiert