E Beruff entdecken, verschidden handwierklech Gesten ausprobéieren a vläicht seng zukünfteg Vocatioun fannen: Dat bidden d’SkillsTrucks, innovativ Camione mat integréiertem Atelier, déi direkt bei déi Jonk an d’Lycéeë kommen. D’SkillsTrucks sinn Deel vun der Campagne Shape Your Future, déi 2025 vum Ministère fir Educatioun, Kanner a Jugend an Zesummenaarbecht mat de Beruffskummere lancéiert gouf, fir d’Beruffsausbildung ze promouvéieren an ze valoriséieren.
D’SkillsTrucks goufen den 30. September 2026 presentéiert am Kader vun enger Visitt vum Minister Claude Meisch am Camion mat integréiertem Atelier, deen um Campus Geesseknäppchen steet.
„Haut komme vill Jonker net méi a Kontakt mam Handwierk. D’SkillsTrucks brénge sechs Handwierksberuffer aus der Beruffsausbildung direkt bei si. Déi Jonk kënnen dës ganz konkreet kenne léieren, ausprobéieren, eppes gestalten a mat hiren eegenen Hänn schaffen. Verschiddener entdecken dobäi vläicht eng Passioun oder en Talent fir e Beruff, vun deem si bis elo net mol woussten. A vläicht entscheede si sech, hirer Vocatioun nozegoen an eng Beruffsausbildung unzefänken“, huet de Minister Claude Meisch bei der Visitt betount.
Verschidde Beruffer kenne léieren an ausprobéieren
Déi dräi SkillsTrucks ginn, wa se ausgeklappt sinn, zu Ateliere vun zirka 90 m². All SkillsTruck ass zwee Beruffsberäicher gewidmet: Holz- a Metallveraarbechtung, Kachen a Pâtisserie souwéi Coiffure an Ästheetik. Am Laf vum Schouljoer 2026/2027 kënnen all Trimester ronn 400 Schüler aus dem Enseignement secondaire classique an dem Enseignement secondaire général éischt Erfarungen am Handwierk sammelen an hir Fäegkeeten an de verschiddene Beräicher entdecken.
D’Organisatioun vun der Offer variéiert jee no Lycée. D’Aktivitéite kënne reegelméisseg ugebuede ginn, zum Beispill am Kader vun Optiounscoursen iwwer een Trimester, oder punktuell z.B. an Orientéierungscoursen. Wann d’Aktivitéiten iwwer een Trimester ugebuede ginn, wiessele se an der Reegel tëscht deenen zwee Beräicher. Esou kënnen d’Schüler, déi de SkillsTruck Holz- a Metallveraarbechtung besichen, sech noeneen an d’Holz- an an d’Metallaarbecht aschaffen. An all Beräich ginn d’Schüler vu Chargé-de-coursë betreit, déi e Meeschterbréif hunn.
D’Lycéeë kënnen och peri- oder parascolaire Aktivitéiten an de SkillsTrucks organiséieren, zum Beispill am Kader vum Jugendtreff.
Dräi SkillsTrucks an dräi Regiounen
Wärend dem éischten Trimester vum Schouljoer 2026/2027 stinn déi dräi SkillsTrucks op follgend Plazen:
- De SkillsTruck Kachen a Pâtisserie steet beim Lycée technique de Lallange zu Esch-Uelzecht an empfänkt och Schüler aus dem Escher Jongelycée an dem Lycée Hubert Clément.
- De SkillsTruck Holz- a Metallveraarbechtung waart um Campus Geesseknäppchen an der Stad op Schüler aus dem Lycée Aline Mayrisch, dem Lycée Michel Rodange an dem Athénée.
- De SkillsTruck Coiffure an Ästheetik steet beim Lycée classique de Diekirch a mécht seng Dieren och fir Schüler aus dem Nordstad-Lycée an dem Centre pour le développement socio-émotionnel op.
D’Offer ka gegeebenefalls fir weider Lycéeën ugebuede ginn. No all Trimester wiesselen d’Camionen no engem Rotatiounsprinzip hir Plaz, fir datt d’Schüler aus de verschiddenen Etablissementer vun der ganzer Offer vun de SkillsTrucks profitéiere kënnen.
Eng Offer fir de Grand public
D’SkillsTrucks riichte sech an éischter Linn un d’Schüler, wäerten awer wärend de Schoulvakanzen och fir de Grand public op sinn. Interesséiert Persoune kënnen elo schonn d’Offer fir d’Allerhellegevakanz 2026 op ShapeYourFuture.lu/SkillsTruck consultéieren a sech do umellen.
D’Offer vun de SkillsTrucks erméiglecht et nach méi Jonken, verschidde Beräicher vun der Formation professionnelle souwéi déi domat verbonne Beruffer an Zukunftsperspektiven ze entdecken.
|
Emplacementer vun de SkillsTrucks iwwer d’Schouljoer 2026/2027 |
|||
|
Holz- a Metallveraarbechtung |
Kachen a Pâtisserie |
Coiffure an Ästhetik |
|
|
1. Trimester |
Campus Geesseknäppchen
|
Lycée technique de Lallange zu Esch-Uelzecht |
Lycée classique
|
|
2. Trimester |
Lycée classique
|
Campus Geesseknäppchen
|
Lycée technique de Lallange zu Esch-Uelzecht |
|
3. Trimester |
Lycée technique de Lallange zu Esch-Uelzecht |
Lycée classique
|
Campus Geesseknäppchen
|