Den 10. September 2026 huet de Minister fir Educatioun, Kanner a Jugend, Claude Meisch, d’Prioritéite fir d’Schouljoer 2026/2027 virgestallt.
D’Entwécklungen an der Gesellschaft maachen net virun de Schouldieren Halt. Déi ëmmer méi ausgepräägten Diversitéit vun de Schüler, déi digital Transformatioun, de Klimawandel, d’Onsécherheet, déi duerch d’Kricher entsteet, oder och den exzessive Gebrauch vum Smartphone am Alldag si just e puer vun den Erausfuerderungen, déi d’Schoul net eleng bewältege kann, déi sech awer massiv op si auswierken.
D’PISA-Etüd 2025 weist nach eng Kéier däitlech, wéi staark dës gesellschaftlech Entwécklungen d’Léiere vun de Schüler beaflossen. De generelle Réckgang vun de Kompetenzen am Liesen, an den Naturwëssenschaften an an der Mathematik, deen zu Lëtzebuerg genee wéi a villen anere Länner festgestallt gouf, ass besuergniserreegend.
„D’PISA-Resultater spigelen net nëmmen d’Leeschtunge vun eise Schüler erëm, mee och d’Realitéit vun eiser Gesellschaft“, ënnersträicht de Minister fir Educatioun, Kanner a Jugend, Claude Meisch. „Si interpelléieren eis an obligéieren eis ze handelen. Dës Rentrée trieden eng Partie Mesüren a Kraaft, déi schonn Äntwerten op Erausfuerderungen ginn, déi bei PISA festgestallt goufen.“
Dës Moossname berouen an éischter Linn op follgende Schwéierpunkter:
Eng méi grouss Sproochenoffer
Déi sproochlech Diversitéit vun de Schüler bleift ee vun de groussen Defie vun der Lëtzebuerger Schoul. De Ministère setzt seng Efforte fir méi Chancëgerechtegkeet dofir weider fort, ënner anerem duerch méi Flexibilitéit bei der Unterrechtssprooch.
An der Grondschoul dréit d’Reform ALPHA – zesumme wuessen der Tatsaach Rechnung, datt méi wéi zwee Drëttel vun de Schüler doheem weeder Däitsch nach Lëtzebuergesch schwätzen. Am Schouljoer 2026/2027 kënnen d’Eltere vun engem Kand am Cycle 1.2 fir d’éischte Kéier wielen, a wéi enger Sprooch d’Kand am Cycle 2 liesen, schreiwen a rechne léiert: op Franséisch oder op Däitsch. Mat ALPHA kënnen domat méi Schüler an enger Sprooch léieren, déi méi no un hirer Mammesprooch ass. Dat gëtt hinne besser Chancen, fir hire Schoulparcours erfollegräich ofzeschléissen.
Am Lycée gëtt d’Offer u franséischsproochege Klassen am Enseignement secondaire classique, am Enseignement secondaire général (inklusiv der Voie de préparation) an an der Beruffsausbildung staark ausgebaut.
Fir d’Rentrée 2027/2028 sollen am Kader vun engem Pilotprojet och däitschsproocheg Sektiounen an dräi Lycéeë vum Enseignement secondaire classique ugebuede ginn. An all dëse Klasse bleiwen d’Programmer an d’Ufuerderungen identesch; nëmmen d’Unterrechtssprooch gëtt ugepasst.
Programmer, déi den Erausfuerderunge vun haut Rechnung droen
Fir der Entwécklung vun der Gesellschaft, de verschiddene Besoine vun de Schüler an den neie pedagogeschen an technologeschen Ufuerderunge gerecht ze ginn, ginn d’Schoulprogrammer an d’Léiermaterialien ugepasst.
D’Aféierung vun engem neie Léierplang an der Grondschoul ass e wichtege Schrëtt bei dëser Moderniséierung. Eng zentral Roll spillen dobäi déi transversal Beräicher. Si gräifen déi grouss gesellschaftlech Erausfuerderungen op a sollen de Schüler d’Wëssen an d’Kompetenze vermëttelen, déi si brauchen, fir déi haiteg Welt ze verstoen a verantwortungsvoll ze handelen.
Am Secondaire ginn d’Consultatiounen, fir e Wäissbuch (livre blanc) iwwer d’Weiderentwécklung vun de Schoulprogrammer auszeschaffen, weidergefouert. Ausserdeem steet 2026/2027 d’Virbereedung vun der Reform vun der Voie de préparation ganz uewen op der Prioritéitelëscht.
Eng verstäerkt schoulesch Inklusioun
Nieft de strukturelle Reformen, déi scho lafen oder virbereet ginn, muss d’Schoul och kënne mat komplexe Situatiounen am Alldag ëmgoen. Verschidde konkreet Moossname sollen déi schoulesch Inklusioun weider stäerken. Geziilt Interventiounen, séier a kloer Decisiounen, ugepasste Strukturen an eng effikass Gestioun vu schwierege Situatioune sollen et erméiglechen, Schüler mat spezifesche Besoinen déi Ënnerstëtzung ze ginn, déi si brauchen, an dobäi och d’Schoulen adequat ze ënnerstëtzen. Zu den neie Mesüre gehéieren ënner anerem en Interventiounsplang bei emotionale Krise vu Schüler an der Grondschoul, d’Stäerkung vun de spezialiséierten Ekippen an de Schoulen, den Ausbau an d’Regionaliséierung vun de Kompetenzzentren an eng besser Ënnerstëtzung vun de Familljen duerch den ONE-Schouldéngscht.
Eng méi laang Schoulflicht, fir Schoulofbréch besser entgéintzewierken
De PISA-Rapport 2025 weist, datt ongeféier een Drëttel vun de 15-järege Schüler net iwwer déi grondleeënd Kompetenze verfügen, déi néideg sinn, fir ouni Aschränkungen um gesellschaftleche Liewen deelzehuelen. Dës besuergniserreegend Feststellung bestätegt, datt et sënnvoll ass, d’Schoulflicht ze verlängeren. Vun der Rentrée 2026/2027 u gëtt si progressiv vu 16 op 18 Joer eropgesat. Am Schouljoer 2026/2027 betrëfft dës Moossnam déi Jonk, déi nom 31. August 2009 gebuer sinn. Gläichzäiteg ginn d’Mesüre fir d’Preventioun an d’Begleedung vu Schüler, déi riskéieren, d’Schoul ofzebriechen, verstäerkt. De But ass, datt si méi laang an der Schoul bleiwen an esou besser Erfollegschancë kréien.
Zu de geplangte Moossname gehéieren ënner anerem den Ausbau vun der Offer vun de Centres d’insertion socioprofessionnelle (CISP) an d’Aféiere vu Classes de préparation à l’apprentissage (CPA). Dës Klasse riichte sech u Schüler vun der Beruffsausbildung, déi nach keng Léierplaz fonnt hunn.
D’Reform vun der Voie de préparation
D’Virbereedungsaarbechte fir d’Reform vun der Voie de préparation ginn am Schouljoer 2026/2027 weidergefouert. D’Reform gëtt ab dem Schouljoer 2027/2028 progressiv ëmgesat. Si soll et erlaben, besser op déi individuell Besoine vun de Schüler anzegoen. Dat geschitt ënner anerem duerch eng méi breet Sproochenoffer, méi individuell Bildungsweeër, moderniséiert Léierprogrammer an eng verstäerkt sozio-edukativ Betreiung.
E generellt Smartphoneverbuet an den ënneschte Klasse vum Lycée
Kanner a Jugendlecher wuessen an engem Ëmfeld op, dat ëmmer méi digital ass. D’PISA-Etüd 2025 bestätegt, datt d’exzessiivt Notze vum Smartphone an anere vernetzten Apparater an der Fräizäit zu méi schwaache Schoulleeschtunge féiert. Dës Erkenntnisser ënnersträichen nach eng Kéier, wéi wichteg eng kloer a kohärent Approche fir de Gebrauch vun digitale Geräter an der Schoul ass. Si bestätegen och, datt d’Restriktioune fir d’Notze vum Smartphone, déi 2025 agefouert goufen, sënnvoll sinn. D’Resultater vu PISA 2025 weisen awer och, datt ee bei dësen Aschränkunge méi wäit muss goen. D’Propos vum Minister, d’Smartphonen an den ënneschte Klasse vum Lycée generell ze verbidden, gëtt zesumme mat alle Schoulpartner diskutéiert.
Gläichzäiteg gëtt d’Offer un Aktivitéiten, déi kierperlech Beweegung, Motorik, Kreativitéit a sozial Interaktioune bei Kanner a Jugendleche fërderen, am Kader vun der Campagne Screen-Life-Balance weider ausgebaut.
Zesummen d’Lieskultur an d’Lieskompetenze fërderen
Déi ëmmer méi intensiv Notzung vu Smartphonen a vun de soziale Medien huet d’Liesgewunnechte staark verännert. De Réckgang vun de Lieskompetenze beim Textverständnis, deen aus dem PISA-Bericht 2025 ervirgeet, ass besonnesch besuergniserreegend. D’Stäerkung vun dëse Kompetenzen, déi fir d’Léieren, d’Verstoen an d’kritesch Analys onverzichtbar sinn, gehéiert dofir zu de Prioritéite vum Schouljoer 2026/2027. En nationalen Aktiounsplang gëtt zesumme mat de Bildungspartner lancéiert, fir bei de Jonken eng Lieskultur dauerhaft ze verankeren. Am Fokus stinn dobäi méi laang Texter, well hir Lektür Konzentratioun an Ausdauer viraussetzt.
All dës Mesüren hunn e kloert Zil: D’Lëtzebuerger Schoul soll sech Schrëtt fir Schrëtt weiderentwéckelen an un d’Realitéit vun haut upassen. Esou kënnen d’Schüler wärend hirem ganze Schoulparcours besser encadréiert ginn, an all Kand a Jonke kritt déi beschtméiglech Konditiounen, fir Fortschrëtter ze maachen, sech ze entfalen a seng Zukunft ze gestalten.