All fënnef Joer gëtt en Nationale Rapport iwwer d’Situatioun vun der Jugend zu Lëtzebuerg, de Jugendbericht, verëffentlecht an an der Chamber virgestallt. Déi véiert Editioun vun dësem Rapport mam Theema „Leben und Aufwachsen in Online- und Offline-Welten“ ass den 9. Mäerz 2026 op enger Pressekonferenz vum Minister fir Educatioun, Kanner a Jugend, Claude Meisch, an dem Prof. Dr. Robin Samuel vun der Universitéit Lëtzebuerg presentéiert ginn.
Den Nationale Rapport iwwer d’Situatioun vun der Jugend zu Lëtzebuerg berout op evidenzbaséierten Donnéeën an engem kontinuéierleche Monitoring vun der Situatioun vu Jonken tëscht 12 a 29 Joer a liwwert domat eng déifgräifend an aktualiséiert Analys vun hire Liewensbedéngungen an hirem Alldag. Esou wéi bei den dräi éischten Editiounen (2010, 2015 an 2020) gouf de Centre for Childhood and Youth Research (CCY) vun der Universitéit Lëtzebuerg och fir de Rapport 2025 mat der Duerchféierung vun de Fuerschungsaarbechte beoptraagt.
„D’sozial Medien an de Smartphone hu mëttlerweil en direkten Impakt op d’Liewen an d’Wuelbefanne vun eise Jonken. De Jugendbericht bestätegt, datt et richteg war, am Kader vun enger gesonder Screen-Life-Balance de Smartphone-Gebrauch an der Schoul ze reduzéieren. Gläichzäiteg musse mir och ausserhalb vun der Schoul Plazen a Méiglechkeete schafen, wou jonk Mënsche sech richteg begéinen, austauschen an zesumme wäertvoll Erfarunge maachen. De Jugendbericht weist awer och kloer, datt eng Noutwendegkeet besteet, den Zougang zu soziale Medie besser ze reglementéieren“, huet de Minister Claude Meisch ënnerstrach.
Zënter der Verëffentlechung vum leschten nationale Rapport am Joer 2020 huet d’Welt sech staark verännert. Openeefollgend Krisen a séier technologesch Entwécklungen hunn d’Erwaardungen, d’Perspektiven an och d’Responsabilitéite vun de Jonke signifikant gepräägt. Well d’Medien an déi digital Technologien eng zentral Roll am Alldag vun de Jonke spillen an hiert Verhale staark beaflossen, hat de Ministère d’Universitéit Lëtzebuerg och domat beoptraagt, d’Verhale vun de Jonken an der digitaler Welt méi genee ze analyséieren. Dës Ënnersichung soll dem Ministère als Grondlag fir seng weider Reflexiounen an zukünfteg strategesch Orientatiounen am Jugendberäich déngen.
Bei der Pressekonferenz huet de Minister d’Wichtegkeet vun e puer zentrale Conclusioune vum Rapport ënnerstrach an erkläert, wéi am Kader vun der Jugendpolitik dorop reagéiert gëtt.
Den Afloss vum Smartphone an de soziale Medien
D’Resultater vum Nationale Rapport iwwer d’Situatioun vun der Jugend zu Lëtzebuerg weisen däitlech, datt d’digital Welt mëttlerweil en integralen Deel vum Alldag vun de Jonken ass. 68,5 % vun de Jonke gräifen op d’mannst 20 Deeg de Mount op d’sozial Medien zeréck an 80 % si mindestens zwou Stonnen den Dag an de soziale Medien aktiv. D’Online-Welt beaflosst d’Familljeliewen, d’Schoul, d’sozial Bezéiungen an d’Fräizäit. Si ass och entscheedend fir d’Entwécklung vun der Identitéit, d’Meenungsbildung an d’sozial Relatiounen, déi sech hautdesdaags gläichzäiteg online an offline ofspillen.
D’Omnipräsenz vun den Ecrane gëtt dacks vun enger Beschleunegung vum Liewensrhythmus an dem Gefill, Zäit ze verléieren, begleet virun allem am Zesummenhang mat de soziale Medien an dem Konsum vun digitalen Inhalter. Vill Jonker hu Schwieregkeeten domat, hire Smartphone ewechzeleeën, dacks aus Angscht, eppes ze verpassen (FOMO – fear of missing out). Jonker tëscht 12 a 15 Joer gëllen als besonnesch vulnerabel, well hir digital Kompetenzen an hir Fäegkeet zur Selbstregulatioun sech nach entwéckelen.
Dës Beobachtunge confirméieren, wéi relevant d’Mesurë sinn, déi de Ministère am Schouljoer 2025/2026 an de Grondschoulen, Maison-relaisen a Lycéeën agefouert huet, fir d’Benotzung vum Smartphone ze verbidden oder ze limitéieren. Si ënnersträichen och, wéi sënnvoll d’Sensibiliséierungsaktioune sinn, déi sech am Kader vun der Campagne Screen-Life-Balance u Jonker an hir Famillje riichten.
De Besoin, sech ze begéinen an Erfarungen ze deelen
Zënter dem Rapport vun 2020 huet sech den Alldag vu ville Jonken däitlech verännert. Sech offline begéinen ass manner heefeg ginn. Jonker ginn och manner oft Fräizäitaktivitéiten no. Doduerch sinn d’Geleeënheeten, fir sech spontan auszetauschen, a gemeinsam Momenter am direkte Kontakt däitlech zeréckgaangen: Nëmmen 13,3 % vun de Jugendlechen tëscht 12 a 29 Joer gesinn hir Frënn op d’mannst 20 Deeg de Mount.
Gläichzäiteg ass dat allgemengt Wuelbefanne vun de Jonken zënter 2019 zeréckgaangen. Ronn e Véirel vun hinne gëtt un, sech manner gutt ze fillen. Dobäi kommen och ëmmer méi grouss gesellschaftlech Suergen.
Dës Entwécklunge weisen op e verstäerkte Besoin un Ënnerstëtzung, Proximitéit an un Treffen an der Offline-Welt hin. Si ënnersträichen, wéi wichteg d’Mesurë sinn, déi am Kader vun der Campagne Manner Ecran – méi beweegen, entdecken, erliewen ëmgesat goufen. Dës Campagne huet d’Zil, d’Offer un Aktivitéiten ouni Bildschierm auszebauen, fir Jonke méi Méiglechkeeten ze bidden, Sport ze maachen, kreativ ze sinn, u kulturellen Aktivitéiten deelzehuelen oder sech einfach ze gesinn. E rezent Beispill dofir ass d’Initiativ MoVe vum Service national de la jeunesse (SNJ), déi Jonke Sportaktivitéite virun allem an de Schoulvakanzen ubitt.
D’Gefill vun Angscht hëlt zou
Zënter 2019 ass d’Gefill vun Angscht bei de Jonken tëscht 16 a 29 Joer geklommen. Am Joer 2024 steet d’Angscht virun engem Krich an Europa bei 80,6 % vun de Jonken un der Spëtzt vun hire Suergen, dono kënnt d’Angscht virun enger schwéierer Krankheet (78,9 %), der Ëmweltverschmotzung (77,3 %) an dem Klimawandel (74,5 %). Och d’Suergen ëm déi wirtschaftlech Situatioun an déi perséinlech Sécherheet hunn zougeholl.
Et ass wichteg, weiderhi fir déi Jonk do ze sinn a Raim ze schafen, wou si hir Suerge matdeelen an u gesellschaftlechen Debatten deelhuele kënnen. D’Services psychosociaux et d’accompagnement scolaires (SEPAS) an d’Jugendhaiser hu schonn een oppent Ouer fir déi Jonk. Doriwwer hinaus wäert de Ministère och weider Initiativen ausschaffen, déi et de Jonken erlaben, sech aktiv mat Theemen auserneenzesetzen, déi si betreffen, wéi zum Beispill de Klimawandel oder de responsabelen Ëmgang mat Medien an neien Technologien. Andeems si sech a Projeten engagéieren a sech iwwer dës Theemen austauschen, stäerken déi Jonk hiert Gefill vu Selbstwierksamkeet an hiert Vertrauen an hir Fäegkeet, ze handelen an en Impakt ze hunn.
E breede Consultatiounsprozess fir de Jugendpakt
Den Nationale Rapport iwwer d’Situatioun vun der Jugend zu Lëtzebuerg 2025 ass e wichtege Bestanddeel vum politesche Reflexiounsprozess, fir en neien nationalen Aktiounsplang fir d’Jugendpolitik bis Enn 2026, de sougenannte Jugendpakt, auszeschaffen. Hie füügt sech an e breede Consultatiounsprozess an, dee scho mat den Acteuren aus dem Jugendsecteur an anere concernéierten Instanzen ugelaf ass.
Dëse Prozess gouf 2024 mat den éischten Assises du secteur de la jeunesse lancéiert. Am Joer 2025 huet eng Tournée vum Minister bei Jugendlecher mam Motto Wou dréckt de Schong? et erméiglecht, mat méi wéi 200 Jonken a véier Regioune vum Land an den Austausch ze kommen a Prioritéite fir de künftege Jugendpakt ze identifizéieren. Fir dëse Concertatiounsprozess ze verdéiwen, gëtt eng Rei vun Diskussiounsronnen (focus groups) organiséiert, fir verschidden Theemen, déi am Rapport ervirgehuewe ginn, méi am Detail ze analyséieren.
Den Austausch mat de Jugendorganisatiounen an de Servicer fir Jonker wäert iwwer déi verschidde bestoend Kooperatiounsplattforme gefouert ginn. All dës Bäiträg wäerten an d’Ausschaffe vum Jugendpakt fléisse fir sécherzestellen, datt den Aktiounsplang op wëssenschaftlechen Donnéeën, engem direkten Dialog mat de Jonken an enger enker Ofsprooch mat den Acteuren um Terrain baséiert.
Den neie Jugendpakt wäert d’Neiausriichtung vum Jugendsecteur weiderféieren an dobäi e méi staarke Fokus op d’Entwécklung vun enger Offer un Aktivitéite fir Jonker leeën.
Den Nationale Rapport iwwer d’Situatioun vun der Jugend zu Lëtzebuerg fannt Dir hei: www.jugendbericht.lu