Den 22. an 23. Mee 2025 hunn de Service Qualité an den Espace Rencontre Protégé (ERP) vum Institut étatique d’aide à l’enfance et à la jeunesse (aitia) zu Lëtzebuerg-Clausen eng Formatioun mam Titel „Ethical Inquiry“ organiséiert.
Fir dëse Workshop gouf den australesche Sozialaarbechter Ryan Greenwell invitéiert. De Ryan Greenwell huet e Master an Narrativer Therapie a Gemeinschaftsaarbecht an zousätzlech vill praktesch Erfarung am Beräich vum Kannerschutz an an der Aarbecht mat Täter vu familiärer Gewalt an Australien gesammelt. Dës Expertise huet hien am Kader vu senger Europa-Tournée och mat op Lëtzebuerg bruecht.
D’Formatioun gouf mat enger Aféierung vun der Soziologin Dr. Ulla Peters opgemaach, déi och de Kontakt tëscht dem Ryan Greenwell an aitia hiergestallt huet. An deenen zwee Deeg Formatioun ass et drëms gaangen, wéi Fachleit op eng ethesch a verantwortungsvoll Aart a Weis den Täter vu familiärer Gewalt begéine kënnen, wéi een op Ofstreiden, Verharmlosung oder Scholdzouweisung reagéiert a wéi ee gemeinsam ee Sécherheetsplang entwéckele kann.
Nieft kuerzen Ablécker an d’Theorie konnten d’Participanten a Gruppenaarbechten an iwwer praktesch Übungen dat Geléiert direkt uwenden.
E weidere wichtege Bestanddeel war den Austausch tëscht Fachleit aus dem Secteur hei zu Lëtzebuerg. Un dëser Formatioun hu Mataarbechter vum aitia, vum Office national de l’enfance (ONE), vum Service central d’assistance sociale (SCAS), vu ProFamilia a vu Femmes en détresse deelgeholl.