LOD meets Duden – Diskussiounsronn mat der Duden-Chefredactrice Dr. Kathrin Kunkel-Razum

Dr. Kathrin Kunkel-Razum
©Felix Pöhland Photography

En Dënschdeg, den 19. September 2023 ëm 18:00 Auer steet am Forum Geesseknäppchen eng Diskussiounsronn mat der Duden-Chefredactrice Dr. Kathrin Kunkel-Razum um Programm.

Zanter 2016 leet d’Dr. Kathrin Kunkel-Razum déi wuel bekanntsten Dictionnaires-Redaktioun aus dem däitschsproochege Raum. Déi renomméiert an engagéiert Linguistin kënnt an der Woch vum 18. September op Invitatioun vum Zenter fir d’Lëtzebuerger Sprooch (ZLS) op Lëtzebuerg. Op hirem Programm stinn ënnert anerem Entrevuë mam Commissaire fir d’Lëtzebuerger Sprooch, Pierre Reding, a mat Vertrieder vun de Luxemburgistik- a Germanistik-Departementer vun der Universitéit Lëtzebuerg.

En Dënschdeg, den 19. September 2023 ëm 18:00 Auer kritt de Public d’Geleeënheet, fir d’Dr. Kathrin Kunkel-Razum live ze erliewen. Do hëlt se nämlech un enger Diskussiounsronn am Forum Geesseknäppchen (40, boulevard Pierre Dupong an der Stad) deel, Motto: Duden meets LOD. De Lexikograf vum Lëtzebuerger Online Dictionnaire, Alexandre Ecker, vertrëtt den ZLS op der Diskussiounsronn, déi vum Christiane Kremer – op Däitsch – animéiert gëtt.

Spannend an interessant Theemen ëm d’Sprooch an ëm d’Dictionnairë gëtt et der genuch: Wéi funktionéiert eng Dictionnaires-Redaktioun? Wat fir eng Wierder gehéieren an e Referenzdictionnaire? Wéi gëtt de Choix vu Wierder getraff a wéi gëtt hir Schreifweis gekläert? Wat ass mat Neologismen an Anglizismen? Wat huet et mam Genderen op sech? Wat fir en Afloss wäert d’KI op d’Sprooch hunn? Wat fir eng Roll spillen d’Dictionnairen an der haiteger Welt? Wéi wichteg ass eng norméiert Orthografie? ...

Zum Schluss huelen d’Participantë sech Zäit, fir de Leit Ried an Äntwert ze stoen oder fir bei engem Patt mat hinnen an d’Gespréich ze kommen.

D’Konferenz ass gratis. 

Dernière mise à jour