Den 22. Februar 2023 huet de Minister fir Educatioun, Kanner a Jugend, Claude Meisch, fir d’éischte Kéier den Nationale Präis fir d’Verdéngschter ëm d’Lëtzebuerger Sprooch am Jongelycée um Lampertsbierg iwwerreecht.
Den Nationale Präis fir d’Verdéngschter ëm d’Lëtzebuerger Sprooch ass am Aktiounsplang fir d’Lëtzebuerger Sprooch verankert, dee geziilt d’Weiderentwécklung an d’Festege vun der Lëtzebuerger Sprooch stäerke soll. Dësen neie Präis zeechent all Joer eng Persoun, e Wëssenschaftler, en Auteur, en Editeur oder och e Museker aus, dee sech besonnesch fir de Gebrauch oder den Erhalt vum Lëtzebuergeschen agesat huet.
„Wa mir un d’Lëtzebuerger Sprooch an dat allgemengt Sproochbewosstsinn an de leschte Joren denken, däerfen de Lex Roth an den Alain Atten net feelen. Allebéid setze se sech zanter Jore fir d’Lëtzebuerger Sprooch an a si hunn dozou bäigedroen, d’Sprooch ze promouvéieren, de Leit se nozebréngen, se ze erhalen an ze dokumentéieren. Béid Laureate si reegelrecht Pionéier, wann et drëms gaangen ass, fir d’Lëtzebuergescht méi visibel ze maachen“, wéi de Claude Meisch ënnerstrach huet.
De Lex Roth an den Alain Atten d’Laureate vun 2022 respektiv 2023
Wéi wichteg et ass, d’Lëtzebuerger Sprooch ze promouvéieren, ënnersträicht de Fakt, dass den 22. Februar 2023 direkt zwee Laureaten, ee fir d’Joer 2022 an ee fir d’Joer 2023, fir hiren onermiddlechen an engagéierten Asaz fir d’Lëtzebuergescht ausgezeechent goufen.
De Lex Roth, Laureat vun 2022, ass ee vun de Protagonisten, déi d’Visibilitéit vum Lëtzebuergeschen am ëffentleche Raum gestäerkt hunn. Esou ginn zum Beispill dank sengem Asaz d’Stroossen an Uertschaftsnimm och op Lëtzebuergesch affichéiert. Hien huet sech och onermiddlech duerfir agesat, dat mir am Alldag Lëtzebuergesch benotzen a schreiwen. De fréiere Schoulmeeschter huet 1971 als éischte President d’Actioun Lëtzebuergesch mat gegrënnt an 1984 um Sproochegesetz aktiv matgeschafft an esou Lëtzebuergesch och um politesche Plang gestäerkt.
Den Alain Atten, Laureat vun 2023, huet Etymologië vu lëtzebuergesche Wierder a Riedensaarten opgeschafft an erkläert an d’Ënnerscheeder an der Sprooch uechtert d’Land gewisen a valoriséiert. Als Sproochen- a Literaturwëssenschaftler war hien ënnert anerem déi dreiwend Kraaft bei der Orthografie vum Lëtzebuergeschen 1975 an ass Auteur vun enger breeder Gamme vu Lyrik, Prosa, Dréibicher an Theaterstécker. Aktuell schafft den Alain Atten, zesumme mam Zenter fir d’Lëtzebuerger Sprooch, un engem Sproochenatlas.
Och d’Stëmme vun deenen zwee si keng onbekannt, hu se dach allebéid fir ënnerschiddlech Bäiträg op RTL Radio Lëtzebuerg gesuergt. De Lex Roth huet mat senger Sendung „Een Ament fir eis Sprooch“ d’Welle vun RTL animéiert an den Alain Atten ass haut nach als Sproochmates aktiv, andeems en al Wierder oder Spréchwierder erauskroomt a sech mam Nolauschterer op d’Sich no hiren Urspréng mécht.
D’Kaweechelchen: ee Präis mat enger besonnescher Bedeitung
Den Nationale Präis fir d’Verdéngschter ëm d’Lëtzebuerger Sprooch ass mat engem Geldpräis vun 5.000 € dotéiert a gouf a Form vun enger Skulptur iwwerreecht. D’Skulptur ass e Kaweechelchen, dat vun enger Klass aus dem BTS Game Art and Game Design vum Lycée des Arts et Métiers kreéiert ginn ass. D’Figur vum Kaweechelche gouf zeréckbehalen, well Ëmfroe bei Leit, déi Lëtzebuergesch léieren, erginn hunn, dass dat hiert Liblingswuert am Lëtzebuergeschen ass. Et ass en typesch lëtzebuergescht Wuert an och ee vun de schwéierste Wierder. Kaweechelche kléngt schéin an et gëtt d’Wuert a ville Varianten: méi Informatiounen zum Wuert „Kaweechelchen“ ënnert dico.uni.lu.
De Jury vum Nationale Präis fir d’Verdéngschter ëm d’Lëtzebuerger Sprooch setzt sech aus folgende Memberen zesummen:
- dem Commissaire fir d’Lëtzebuerger Sprooch, Marc Barthelemy (2022) a Pierre Reding (2023);
- dem Direkter vum Zenter fir d’Lëtzebuerger Sprooch, Luc Marteling;
- der Direktesch vum Institut national des langues, Maisy Gorza;
- der Presidentin vum Conseil permanent de la langue luxembourgeoise, Myriam Welschbillig;
- engem Vertrieder vum zoustännegen Departement vun der Universitéit Lëtzebuerg, Mélanie Wagner.