Zesumme fir d’Wuelbefanne vun de Jonken: Lancement vum Jugendpakt 2022-2025

De 27. Juni 2022 gouf den neie Jugendpakt, a Presenz vum Minister fir Educatioun, Kanner a Jugend, Claude Meisch, um Belval lancéiert. Dësen nationalen Aktiounsplang fir d’Jugend fir den Zäitraum vun 2022 bis 2025 gouf vum Service de la jeunesse an Zesummenaarbecht mat den Acteuren um Terrain an de Jonken ausgeschafft. E setzt de Fokus op déi perséinlech Entwécklung an d’Stäerkung vun de sozio-emotionale Kompetenze vun de Jonken.

Eng Strategie fir d’Fërderung vum Wuelbefanne vun deene Jonken

Eng wichteg Aufgab vun der Educatiounspolitik ass et zanter Joren, dofir ze suergen, datt Jonker an hirer Entwécklung gestäerkt ginn. No zwee Joer COVID-19-Pandemie an als logesch Suite vun der Verëffentlechung vum Nationale Bericht iwwert d’Situatioun vun der Jugend zu Lëtzebuerg am Juni 2021 war et wichteg, konkret Moossnamen ze definéieren, fir d’Wuelbefanne vun de Jonken ze erhalen an ze verbesseren:

“D’Pandemie huet nach emol gewisen, wéi eng Bedeitung d’Wuelbefanne bei eise Jonken huet. Awer och wéi wichteg et ass, datt mer alleguer aktiv dozou bäidroen: an der Schoul, an der non-formaler Bildung an an der Famill. Mam Jugendpakt 2022-2025 an deene ville konkrete Mesurë ronderëm setze mer en Zeechen an e verbindleche Kader fir aus staarke Jonke staark Erwuessener ze maachen”, huet de Claude Meisch ënnerstrach.  

Dëse Jugendpakt mat 21 konkrete Mesuren an Aktiounen ass de Kompass fir déi nächst Jore fir d’Ëmsetzung  vun de Prioritéiten, déi festgehal goufen. D’Zil vun dësem nationalen Aktiounsplang, mee och vun der Jugendpolitik u sech, ass et, datt déi Jonk sech wuel an hirer Haut spieren, sech trauen sech ze engagéieren an datt si Zukunftsperspektiven gebuede kréien. Si si vollwäerteg Membere vun eiser Gesellschaft, déi gehéiert musse ginn, fir aktiv un der Entwécklung vun eiser Gesellschaft deelzehuelen. An deem Sënn huet de Ministère sech mam Jugendpakt 2022-2025 eng Strategie ginn fir d’Fërderung vum Wuelbefanne vun deene Jonken, déi op 3 prioritäre Piliere berout.  

D’Wuelbefannen am schoulesche Milieu

An de Schoule soll en Ëmfeld an e Klima geschafe ginn, wou déi Jonk sech begéinen kënnen an d’Méiglechkeet hunn, hir sozial Kompetenzen a Resilienz ze entwéckelen. An deem Sënn ass et wichteg, d’Koordinatioun vun den psycho-sozio-edukative Servicer weider ze verbesseren a se nach méi déif an de Lycéeën ze verankeren. Den Zougang vun de Schüler zu den psycho-sozio-edukative Servicer, besonnesch zu de SePAS, gëtt weider ugepasst an  ausgebaut.

D’Stäerkung vun der non-formaler Bildung

D’Jugendaarbecht baséiert op de pedagogesche Prinzippie vun der non-formaler Bildung an ass e wichtege Pilier an der perséinlecher a sozialer Entwécklung vu Jonken. E wesentlecht Element ass déi relationell Aarbecht mat deene Jonken an d’Qualitéit vun der Offer hänkt gréisstendeels vun den Educateuren of. An deem Kontext ass et wichteg, dass d’Kompetenzen an den Knowhow, besonnesch am Beräich vum Wuelbefannen, kontinuéierlech weiderentwéckelt ginn. Dofir ginn d’Expertis an d’Formation continue an de Beräicher “psychesch Gesondheet” an “digital Gesondheet” verstäerkt.

Zesummenaarbecht a Vernetzung vun de verschiddenen Acteuren

Déi verschidden Acteuren, déi sech ronderëm déi Jonk engagéieren, hunn all de selwechten Objektiv: déi Jonk ze ënnerstëtzen an hinnen ze hëllefen.

Den Austausch tëschent de verschiddene psycho-sozio-edukative Professionellen ass dofir essenziell fir déi verschidden Aktiounen ze koordinéieren, déi d'Wuelbefannen an d'Ënnerstëtzung vun der mentaler a kierperlecher Gesondheet vu jonke Leit am Fokus hunn.

Dofir ass et wichteg, d'Vernetzung vun de verschiddenen Acteuren ze erliichteren. An deem Sënn mussen d’Lienen tëscht de formalen an non-formalen Institutioune verstäerkt ginn. Esou sollen entspriechend Methoden a Méiglechkeete fir gemeinsam Aktiounen entwéckelt ginn, déi zum Wuelbefanne vun de Jonke bäidroen. Gläichzäiteg muss d'Visibilitéit vun de verschiddenen Offeren a Moossnamen, déi op verschiddenen Niveauen existéieren, erhéicht ginn.

Weider Informatiounen

De Jugendpakt 2022-2025 fannt Dir a senger Integralitéit ënnert follgendem Lien: http://edulink.lu/hshb

Dernière mise à jour