D’Lëtzebuerger Schoulcommunautéit trauert ëm de Guy Linster

©Initiativ Freed um Liesen

Tëschent 1974 an 1979 war de Guy Linster, zesumme mam Minister Robert Krieps, als Staatssekretär zoustänneg fir d’Erzéiung. An den 1970er Joren huet d’Lëtzebuerger Schoul e sëllege gesellschaftspolitesch Ännerungen erlieft an esouwuel an der Primaireschoul ewéi am Secondaire sech inhaltlech an didaktesch fundamental nei opgestallt. U ganz ville vun deene Reforme war de Guy Linster intensiv bedeelegt. Nach bis an den Alter huet hien sech onermiddlech mat senger Initiativ “Freed um Liesen” aktiv fir d’Bildung agesat. Mir denke mat groussem Respekt un de Guy Linster a soen him heimadder Merci.

Dernière mise à jour