Webinaire „Lëtzebuergesch an der Schoul“

An Zesummenaarbecht mat Radio 100,7 organiséiert de Ministère fir Educatioun, Kanner a Jugend de 16. Mäerz vu 14:30 bis 16:00 Auer e Webinaire iwwer „Lëtzebuergesch an der Schoul“.

Et geet drëm, de kohärente roude Fuedem opzezeechnen, ënnert wéi enge Forme Lëtzebuergesch am Bildungssystem virkënnt a wéi et sech gemeinsam mat de Friemsproochen, déi am Lëtzebuerger Curriculum integréiert sinn, zu enger multilingualer Sproochenausbildung zesummesetzt; dëst vun der Fréikanderzéiung, iwwert d’Grondschoul eran an de Lycée bis hin an d‘Erwuessenebildung.

De Webinaire ass op fir jiddereen a gëtt live um Radio 100,7 an online iwwerdroen op 100komma7.lu an op https://youtu.be/VF_qVtmSThI.

Dir kënnt Är Froe scho virun, awer och wärend der Emissioun schécken op: fro@webinar.lu. Wärend dem Webinaire ginn och gär Froen op WhatsApp ugeholl um: 621 44 00 44.

D’Invitéeë fir d’Diskussiounsronn sinn:

  • Flore Schank, institutrice-attachée, éducation plurilingue et interculturelle; pédagogie et didactique des apprentissages, Service de l’enseignement fondamental du ministère de l’Éducation nationale, de l’Enfance et de la Jeunesse;
  • Simone Bleser, Lëtzebuergesch-Professesch, École Internationale de Differdange & Esch-sur-Alzette;
  • Maisy Gorza, Direktesch f.f. vum Institut national des langues;
  • Shari Schenten, Professesch, Presidentin vun der Programmkommissioun vum Lëtzebuergeschen am Enseignement secondaire;
  • Moderatioun: 100,7.

 

Dernière mise à jour