Nei Publikatioune vum Zenter fir d’Lëtzebuerger Sprooch an nei Funktionalitéiten am Lëtzebuerger Online Dictionnaire, fir d’Lëtzebuerger Sprooch weider ze promouvéieren

De Minister fir Educatioun, Kanner a Jugend, Claude Meisch, an den Direkter vum Zenter fir d’Lëtzebuerger Sprooch (ZLS), Luc Marteling, hunn déi rezent Aarbechte vum ZLS, fir de Räichtum vun der Lëtzebuerger Sprooch ze conservéieren an ze promouvéieren, virgestallt.

D’Promotioun vun der Lëtzebuerger Sprooch gehéiert zanter 2018 zu de Kompetenze vum Educatiounsministère. Den ZLS gehéiert zu den Haaptacteuren, fir d’Sprooch liewen ze loossen a se méiglechst ville Leit zougänglech ze maachen.

„De grousse Succès vun de Publikatioune vum ZLS a vu sengem Haaptoutil, dem Lëtzebuerger Online Dictionnaire (LOD), ënnersträichen de groussen Interessi um Lëtzebuergeschen als Schrëftsprooch“, huet sech de Minister Claude Meisch gefreet.

E Wierk, fir d’Pärele vun der Lëtzebuerger Sprooch ze entdecken

Ëm déi 9 Millioune Wierder goufen 2020 um Site www.lod.lu opgeruff an dat mat enger Moyenne vun 2.500 Visiteuren den Dag. Wat d’Publikatioune vum ZLS ugeet, gouf knapps virun engem Joer déi aktualiséiert Lëtzebuerger Orthografie erausbruecht, déi bis ewell méi ewéi 14.000 Mol verdeelt gouf.

Dëst Joer koumen eng Rëtsch nei Publikatiounen derbäi: E Verbebuch, déi franséisch an déi englesch Versioun vum Josy Braun sengem Léierbuch iwwer d’Orthografie, eng iwwerschaffte Grammaire a virun allem gouf eng nei Serie „Lëtzebuerger Wuertschatz“ an d’Liewe geruff, déi sech ë. a. mat ale Wierder an typesch lëtzebuergeschen Ausdréck befaasst.

Fir den éischte Band Aläert, jauwen, Zockerboun huet den ZLS 123 Adjektiven, Adverben, Interjektiounen, Substantiven a Verben erausgesicht. 12 Bänn sinn am Ganze virgesi ronderëm Sujeten ewéi d’Uebst a Geméis, d’Déieren an Insekten asw., awer och (léif) Fluchwierder. Fir de Band 2 sinn eng Rei Spréchwierder a Riedensaarte geplangt.

„Kommt mer beliewen nees eise linguistesche Patrimoine!“

„Et ass eis Verantwortung, fir de Räichtum vun eiser Sprooch ze erhalen. Mir mussen déi Wierder, déi mer vun eisen Elteren a Grousseltere geierft hunn an déi e bëssen an der Vergiess gerode sinn, dokumentéieren a weiderginn. Kommt mer beliewen nees dëse Patrimoine !“, ermontert eis de Claude Meisch. 2021 gëtt eng grouss Campagne lancéiert, bei där d’Leit aktiv mat agebonne ginn, fir al Wierder an Ausdréck, grad ewéi net méi esou gebräichlech Spréch asw. ze sammelen.

D’Lëtzebuergescht behaapt sech an der digitaler Welt

D’Presenz vum Lëtzebuergeschen an der digitaler Welt ass och weider ausgebaut ginn. Dëst geschitt zum Beispill duerch eng enk Zesummenaarbecht mat der Verbesserungsplattform www.spellchecker.lu oder nach mat Microsoft, déi d’Lëscht mat de lëtzebuergesche Wierder an de Spellchecker vum Programm Word integréiert hunn. Dës digital Presenz weist sech awer och duerch eng stänneg Weiderentwécklung vum Online-Dictionnaire. Esou ass den LOD duerch e Glossaire iwwer de Covid-19, grad ewéi 1600 nei Wierder ënner der Form vun Template-Artikelen an duerch iwwer 500 komplett ausgebauten Artikelen, erweidert ginn.

Den LOD setzt op Accessibilitéit

D’Accessibilitéit vum Site ass verbessert ginn: Eng dausend Wierder gi mat Videoen a Gebäerdesprooch illustréiert, d’Transkriptioune mam Internationale Phoneeteschen Alphabet (IPA) ginn no an no bei d’LOD-Artikele  bäigesat a fir d’Visualiséierung vun den Artikele steet den Utilisateure vun elo un och eng Schrëftaart zur Verfügung, déi de Persoune mat Dyslexie d’Liesen erliichtert.

Net ze vergiessen ass, datt d’Wierder a véier aner Sproochen iwwersat ginn – eng Offer, déi sech ë. a. och un déi netlëtzebuergeschsproocheg Persoune riicht.

Am Hibléck op Iwwersetzunge gëtt, no der geografescher Kaart vum Land, eng anatomesch Kaart an e puer Sproochen ausgeschafft, déi ënnert anerem fir d’Dokteschpraxisse geduecht ass.

Den Direkter vum Zenter fir d’Lëtzebuerger Sprooch, Luc Marteling, huet Detailer iwwert d’Serie Lëtzebuerger Wuertschatz ginn an huet dorun erënnert, datt d’Ekipp vum LOD bei all Fro zu engem Wuert oder engem Ausdrock, mee och fir Wierder ze proposéieren, déi an den Dictionnaire sollten integréiert ginn, iwwer lod@lod.lu ka kontaktéiert ginn.

De Minister huet vun der Geleeënheet profitéiert, fir aner Matdeelungen am Kader vun der Promotioun vun der Lëtzebuerger Sprooch fir 2021 unzekënnegen, sief et um Niveau vum Institut national des langues (INL) oder vun de Lëtzebuergeschcoursen am Enseignement secondaire.

D'Pressekonferenz am Video kucken

 

Aktualiséiert