Covid-19 Tester fir Schüler an Enseignanten vun den Ofschlossklassen

D’Regierung huet decidéiert, alle Schüler an Enseignanten vun den Ofschlossklassen, déi de 4. Mee nees mat der Schoul ufänken, d’Méiglechkeet ze ginn, sech op de Covid19-Virus testen ze loossen.

Dës Tester sinn immens wichteg fir d’Ausbreedung vum Virus ze bremsen. Virun allem jonk Leit hunn an der Reegel nëmme ganz liicht Symptomer a wëssen oft net, datt se ustiechend sinn.

D’Tester erlaben, och bei Persounen ouni Symptomer festzestellen, ob se positiv sinn, an hinnen d’Méiglechkeet ze ginn, hiert Ëmfeld ze schützen.

D’Zil ass d’Ausbreedung vum Virus ze verhënneren a virun allem eeler Persounen, a Persounen mat Virerkrankungen virun dem Covid-19 Virus ze schützen.

Detailer, wou a wéini Schüler an Enseignanten sech kënnen teste loossen, fënnt een hei ënnendrënner.

Adressen vun de Stations de dépistage

Drive-In Junglinster

Park & Ride Junglinster
L- 6136 Junglinster

(Luxembourg direction Echternach)

Drive-In Bascharage

« Op Acker » (École primaire « Op Acker »)
83 A, avenue de Luxembourg
L- 4950 Bascharage

Drive-In Marnach

Nordstrooss Shopping Mile
1, Marburgerstrooss (à côté de la pharmacie)
L-9764 Marnach

Dernière mise à jour