Virbildlechen Asaz vun de Klasse vum Cycle 4.1. aus der Schoul Cécile Ries vu Miersch

Den 12. Juli huet de Minister fir Educatioun, Kanner a Jugend, Claude Meisch, d’Klasse vum Cycle 4.1. aus der Schoul Cécile Ries vu Miersch besicht. De Minister huet drop gehalen, de Schüler an hiren Enseignanten David Moos, Lynn Wassnich, Jim Kops a Myriam Wampach perséinlech ze felicitéieren a Merci ze soe fir hiren Asaz an enger tragescher Situatioun de 27. Juni zu Lëlz (Lultzhausen) um Stauséi. Duerch déi séier Reaktioun vun de Schüler, déi am Waasser e Mann a Schwieregkeete gesinn haten an hiren Enseignanten dat gemellt haten, an déi direkt Interventioun vun hinnen all, konnt dem Mann säi Liewe gerett ginn.

Dernière mise à jour