Nationalen Austauschdag zum Thema Kooperatioun tëschent der Grondschoul an der Maison relais

E Samschdeg, den 28. Abrëll 2018 war zu Walfer um EduPôle den nationalen Austauschdag zum Thema Kooperatioun tëschent der Grondschoul an der Maison Relais. Knapp 180 Participanten aus Maison-relaisen, Grondschoulen, Gemengen an Direktioune waren dobäi, wéi de Minister d’Bedeitung vun enger gudder Collaboratioun tëschent den zwee Bildungsberäicher fir d’Kanner an d’Elteren ervirgehuewen huet.

Den Dr. Frederik Ahlgrimm, wëssenschaftleche Mataarbechter an Dozent op der Universitéit Potsdam, huet a sengem Virtrag ënnerstrach, dass d’Kooperatioun tëschent Grondschoulen a Maison-relaisen d’Professionalitéit vun den Equippen an den Ëmgang mat der Diversitéit vun de Kanner stäerkt.

A fënnef Workshoppen hu Léierinnen, Schoulmeeschteren, Educateuren an Educatricen hir Form vu geliefter Kooperatioun am Alldag virgestallt, an am Austausch mat de Participanten diskutéiert. Dobäi steet fest: Déi Kooperatioun gëtt et net, et gi vill Nuancë vun Zesummeschaffen. Wéi d’Zesummenaarbecht tëschent den zwou Equippen ausgesäit, hänkt vu verschiddene Konditiounen of, zum Beispill: Leien d’Schoul an d’Maison relais op engem oder op verschiddene Sitten? Gëtt et ee gemeinsamt pädagogescht Konzept oder ginn et ënnerschiddlech pädagogesch Approchen? Gëtt et eng gemeinsam Kommunikatioun tëschent den zwou Equippen? An och: ass d‘Ënnerstëtzung vun de politeschen a pädagogesche Responsabelen do?

Fir d’Bedéngungen ze diskutéieren, fir datt eng Kooperatioun op kommunalem Niveau reusséiert, dofir stoung de VertriederInnen aus de Gemengen een eegene Workshop zur Verfügung.

Am Nomëtteg hate Schoulen a Maison-relaisen d’Geleeënheet, an enger “Planungswerkstatt” hir Kooperatioun ënnert professioneller Begleedung ze plangen an ze verdéiwen.

Fir weider Informatioune steet d’Martine Wiltzius vum Service de coordination de la recherche et de l’innovation pédagogiques et technologiques (SCRIPT), martine.wiltzius@men.lu  oder 247-75195, zur Verfügung.

 

Dernière mise à jour