Konferenz EduTrends 2026: Spille mécht staark

 

Fir eng gesond Screen-Life-Balance kréie Spillen a Beweegung eng ëmmer méi wichteg Bedeitung am Liewe vun de Kanner. Spillen ass vill méi wéi Fräizäit: Et ass Léieren, Entdecken a Wuessen. Am Spill entwéckele Kanner wichteg Kompetenze fir hir Zukunft.

De Ministère fir Educatioun, Kanner a Jugend invitéiert op d’EduTrends-Konferenz 2026 :

Spille mécht staark. Mat der non-formaler Bildung fit fir d’Zukunft!

  • Mëttwochs, den 10. Juni 2026 vu 17:30 bis 20:00 Auer am Kinepolis Kierchbierg: Keynote Speech an Impulsreferater zu den Trends an der non-formaler Bildung
  • Donneschdes, den 11. Juni 2026: Atelieren iwwert d’Bedeitung vun der non-formaler Bildung fir d’Zukunft vun de Kanner

Weider Detailer an d’Méiglechkeet zur Umeldung fannt Dir um Site www.edutrends.lu.

 

Aktualiséiert