Wanderausstellung „D’Lëtzebuerger Sprooch(en)“: Déi nächst Statioun ass Miedernach

Vum 3. bis den 9. September 2023 ass d’Wanderausstellung „D’Lëtzebuerger Sprooch(en)“ all Dag an der Sportshal zu Miedernach ze gesinn. D’Adress ass: Millewee, L7661 Miedernach.

D’Ausstellung ass den 3. September 2023 vun 10:00 bis 18:00 Auer op an da vum 4. bis 9. September 2023 all Dag vu 14:00 bis 18:00 Auer. D’Ouverture ass am Kader vum Stroossemaart „Lëtzebuerger Produkter“. D’Ekipp vum Zenter fir d’Lëtzebuerger Sprooch (ZLS) steet zur Verfügung, fir d’Visiteuren duerch d’Expo ze féieren.

D’Wanderausstellung „D’Lëtzebuerger Sprooch(en)“ vum ZLS a vum Ministère fir Educatioun, Kanner a Jugend versteet sech als Invitatioun, fir sech mat Sprooch a Sproochen auserneenzesetzen.

No der Virstellung vun der Ausstellung den 29. Juni 2023 an der Abtei Neimënster war d’Belle Etoile vum 12. bis den 22. Juli 2023 hir éischt Statioun. Ronn 1 400 Visiteuren hunn d’Expo deemools besicht. Vum 5. bis den 9. August 2023 war d’Ausstellung dunn zu Ëlwen ze gesinn.

No der Etapp zu Miedernach reest se weider an de Forum Geesseknäppchen (vum 29. September bis de 4. Oktober 2023). De 14. Oktober 2023 gëtt een Deel vun der Expo am Kader vun der „Nuit des musées“ am natur musée gewisen.

Vum 19. bis den 22. Oktober 2023 ass se esouguer zu Arel (Belsch) am Palais zu Gaascht, dat am Kader vun de Journées des langues et des cultures. Vum 23. Oktober bis den 10. November 2023 kann een d’Wanderausstellung dann am Institut national des langues Luxembourg an der Stad erliewen.

Weider Etappe vun der Expo sinn Déifferdeng (vum 10. bis den 29. Januar 2024 am ale Stadhaus), d’Nordstrooss Shopping Mile Marnech (vum 15. bis de 25. Mäerz 2024) an d’École de Commerce et de Gestion um Geesseknäppchen (vum 6. bis den 10. Mee 2024). Weider Statioune si virgesinn.

Déi komplex Sproochesituatioun zu Lëtzebuerg ënnert der Lupp

Den Titel vun der Ausstellung „D’Lëtzebuerger Sprooch(en)“ ass bewosst méideiteg a soll déi komplex Sproochesituatioun zu Lëtzebuerg erëmspigelen.

Op där enger Säit bezitt sech den Titel natierlech op d’Lëtzebuergescht a seng Entwécklung. D’Ausstellung beschäftegt sech mat de Varietéiten, déi et am Lëtzebuergesche gëtt. D’Lëtzebuerger Sprooch ass kee Monolith, mee flexibel, kreativ an a konstantem Wandel.

Op där anerer Säit gëtt d’Méisproochegkeet, déi Lëtzebuerg ausmécht, thematiséiert. Och si ass en integrale Bestanddeel vum sproochlechen Ëmfeld, an deem sech d’Lëtzebuergescht beweegt an evoluéiert.

Multimedial a partizipativ

Déi nei mobil Ausstellung befaasst sech ënner anerem mat den Theemen: Méisproochegkeet, sproochlech Varietéiten, Geschicht, Sproochwandel, Lëtzebuergesch an der Literatur an an de Medien. Méi konkreet ginn an dräi Statioune follgend Aspekter ënner d’Lupp geholl:

  • Méisproochegkeet zu Lëtzebuerg
  • Wat ass Lëtzebuergesch a wéi funktionéiert d’Sprooch hautdesdaags?
  • Wéi gëtt eng Sprooch gemaach?

Nieft audiovisuellen Exponater bitt d’Ausstellung och partizipativ Elementer, bei deenen een zum Deel iwwer säi Smartphone ka matmaachen.

Op Lëtzebuergesch, Däitsch, Franséisch an Englesch

D’Wanderausstellung besteet aus verschiddene Modüllen, déi eng Fläch vu ronn 120 m² an Usproch huelen. D’Texter si véiersproocheg – op Lëtzebuergesch, Däitsch, Franséisch an Englesch –, esou datt Kenntnisser am Lëtzebuergesche keng Viraussetzung sinn, fir d’Ausstellung kënnen ze suivéieren.

 

Nieft audiovisuellen Exponater bitt d’Ausstellung „D’Lëtzebuerger Sprooch(en)“ och partizipativ Elementer, bei deenen een zum Deel iwwer säi Smartphone ka matmaachen
©Patrick Flammang

Dernière mise à jour