Léier Lëtzebuergesch Online – LLO.LU En neien Outil fir Lëtzebuergesch: digital, weltwäit a gratis

Den 9. September 2022 huet de Minister fir Educatioun, Kanner a Jugend, Claude Meisch, zesumme mat der Direktesch vum Institut national des langues (INL), Maisy Gorza, op enger Pressekonferenz  déi nei Léierplattform fir d’Lëtzebuerger Sprooch LLO.LU virgestallt. Mat dëser neier Plattform fir Lëtzebuergesch online ze léieren, gëtt de Stellewäert vun eiser Sprooch och international valoriséiert an hire Gebrauch an der Zukunft promouvéiert. Mam LLO.lu, deen ab der Rentrée am September 2022 weltwäit gratis zougänglech ass, gëtt den Interessi un der Lëtzebuerger Sprooch a Kultur an eiser moderner Gesellschaft oprechterhalen an den Zougrëff op qualitatiivt Léiermaterial garantéiert.

Lëtzebuergesch, eng beléifte Sprooch

Zanter Jore gewënnt d’Lëtzebuerger Sprooch ëmmer méi u Popularitéit, an dat an eisem Land an och iwwer d’Grenzen eraus. Sou hu sech mëttlerweil d’Aschreiwunge fir d’Lëtzebuergeschcoursen am INL an de leschten 10 Joer méi wéi verduebelt, mat 5.707 Inscriptiounen am Schouljoer 2021/2022 géint 5.533 Aschreiwungen an de Franséischcoursen.

“D'Demande fir Lëtzebuergeschcoursen ass ganz grouss, sief et heiheem oder och doriwwer eraus. Dat weist d’Wichtegkeet vum Lëtzebuergeschen als Kommunikatiouns- an Integratiounssprooch och an der Perceptioun vun de Leit, déi se net oder nach net schwätzen. Mat dëser neier Plattform maache mir den Interesséierten et einfach, op eng flott an digital Manéier d’Sprooch ze léieren, an dat elo och weltwäit.”, huet de Claude Meisch ënnerstrach.

Eng attraktiv Plattform fir den Alldag an d’Aarbecht

D’Léierplattform LLO.LU bitt de Leit d’Méiglechkeet, d’Lëtzebuerger Sprooch op eng interaktiv Manéier ze léieren, mat verschiddene Lektiounen, déi sech souwuel op de private Gebrauch wéi och op den Aarbechtsmarché fokusséieren. Zougang zu dëser Léierplattform huet ee souwuel iwwer säi Computer wéi och iwwer eng speziell App fir iOS an Android. Den Interface ass op véier verschidde Sproochen disponibel: Däitsch, Franséisch, Englesch a Lëtzebuergesch.

Wann ee sech fir d’éischte Kéier umellt, kann een en Astufungstest maachen, fir eng Aschätzung vu sengem aktuellen Niveau am Lëtzebuergeschen ze kréien an esou en individuelle Léierparcours festzeleeën. Den Test ass awer net obligatoresch fir de Contenu fräizeschalten.

D’Kapitele sinn thematesch opgebaut an zu all Thema gëtt et Videoen, Erklärungen an Exercicer an zum Schluss huet een dann och d’Méiglechkeet, dat wat ee geléiert huet unhand vun engem kuerzen Test ze préiwen.

Aktuell bitt d’Plattform LLO.LU Coursë fir d’Niveauen A1 an A2 un (dëst nom Europäesche Referenzkader fir Sproochen). All Schouljoer kënnt ee weideren Niveau derbäi.

 

Investissement an den Apprentissage am Virtuellen an am Reellen

D’Entwécklungskäschte vun ronn 3,4 Milliounen Euro an den LLO.lu ënnersträichen dem Educatiounsministère säin Engagement, fir d’Promotioun vun der Lëtzebuerger Sproch: wärend 2 Joer huet eng Equipe vu 5 Leit d’Material fir d’Onlineplattform ausgeschafft, déi iwwer déi nächste Jore kontinuéierlech ausgebaut gëtt.

D’Léierplattform ka privat benotzt ginn an awer och vun de Lëtzebuergesch-Enseignanten, fir hire Schüler geziilt individuellt Material zur Verfügung ze stellen.

Am Kader vun LLO.LU wäerten ëmmer erëm flott Aktivitéite ronderëm d’Sprooch organiséiert ginn, dëst souwuel online wéi och op verschiddene Plazen uechter d’Land. En aktualiséierten Agenda ass um Site ze fannen. Donieft fënnt een hei och Infoen iwwer aner kulturell Manifestatiounen.

(de g. à dr.) Luc Marteling, directeur du Zenter fir d'Lëtzebuerger Sprooch ; Luc Schmitz, directeur adjoint de l'Institut national des langues ; Maisy Gorza, directrice de l'Institut national des langues ; Claude Meisch, ministre de l'Éducation nationale, de l'Enfance et de la Jeunesse

Aktualiséiert