Resultater vun den Épreuves standardisées 2021: D’Ziler vun der Educatioun an der Pandemie goufen erreecht

Claude Meisch, Ministre de l’Éducation nationale, de l’Enfance et de la Jeunesse

De Minister fir Educatioun,  Kanner a Jugend, Claude Meisch, an den Direkter vum Luxembourg Centre for Educational Testing (LUCET), Dr. Antoine Fischbach hunn den 21. Abrëll 2022 op enger Pressekonferenz a Clausen d’Resultater vun den Épreuves standarisées (EpStan) 2021 virgestallt.

“Minimal Chancë fir de Virus a maximal Chancë fir d’Bildung”, dat war d’Zil vum Bildungsministère wärend der ganzer Pandemie. Och zwee Joer no der Pandemie stelle mer fest, datt et zu Lëtzebuerg net zu enger signifikativer Verschlechterung vun de schoulesche Kompetenze vun de Schüler komm ass. Dat esouwuel am Fondamental ewéi och am Secondaire.

“Zënter Generatioune stoung eise Bildungssystem viru kenger esou grousser Erausfuerderung. D'Stabilitéit vun de Resultater ass de kollektive Merite vun allen Acteure vum Lëtzebuerger Bildungssystem, den Enseignanten, den Educateuren, de Schüler an den Elteren. Zesummen hu mer et fäerdegbruecht de Presenzunterrecht esou laang wéi méiglech oprechtzeerhalen, eng Normalitéit hierzestellen, déi wichteg fir d’Wuelbefanne vun de Kanner a Jonke war, an dauerhaft Bildungsdefiziter ze verhënneren,” huet de Claude Meisch op der Pressekonferenz ënnerstrach.

Haapterkenntnisser vun den EpStan 2021

Nodeems d’Resultater vun 2020 gewisen haten, datt de Lëtzebuerger Bildungssystem éischter gutt duerch déi éischt Phas vun der Pandemie komm ass, confirméiert d’Analys vum LUCET vun de Resultater 2021, datt och weiderhi keng generell negativ Tendenz bei de schoulesche  Kompetenzwäerter vun de Schüler am Fondamental an am Secondaire ze erkennen ass.

Grouss Motivatioun a stabel Resultater am Fondamental an am Secondaire

An alle Cycle vun der Grondschoul sinn d’Schüler am Allgemenge gutt zuwee komm. Trotz de sanitäre Mesurë sinn d’Schüler mam Unterrecht en présentiel besser eens ginn ewéi wärend dem Homeschooling um Ufank vun der Kris. Iwwer all Cycle verdeelt hunn d’Elteren uginn, datt d’Kanner trotz de sanitäre Mesurë grad esou motivéiert waren ewéi virun der Pandemie a Freed un der Schoul haten. Am Géigesaz zu den EpStan 2020 gëtt däitlech, datt d’Grondschüler esouguer däitlech méi motivéiert waren ewéi wärend dem Distanzunterrecht.

Insgesamt erweisen sech d’Kompetenzwäerter an der Grondschoul no zwee Joer Pandemie als zimmlech stabel. D’Verschlechterung vum Héierverstoen am Däitschen, déi d’EpStan 2020 onofhängeg vum sozioekonomeschen Hannergronn gewisen hunn, konnten à première vue erëm opgefaange ginn, dëst duerch d’Ënnerstëtzung vum Léierpersonal an duerch Remediatiounsoffere wéi ënner anerem d’Summerschool oder Léierangeboter op schouldoheem.lu.

Esou ewéi an der Grondschoul, sinn och am Secondaire d’Kompetenzwäerter bei de Schüler largement stabel bliwwen. Och d’Motivatioun vun de Secondairesschüler war wärend de sanitäre Mesuren onverännert: Si war um selwechten Niveau ewéi wärend dem Distanzunterrecht.

Och wa generell keng negativ Tendenz duerch d’Covid-19-Kris bei de Kompetenze vun de Schüler ze erkennen ass, steet eise Bildungssystem nach ëmmer virun deene groussen Erausfuederungen ewéi scho virun der Pandemie. De sozioekonomeschen a sproochlechen Hannergrond am Bezuch op d’schoulesch Resultater vun de Schülerinnen a Schüler spille weiderhin eng entscheedend Roll: De Ministère fir Educatioun, Kanner a Jugend wäert d’Recommandatioune vum LUCET ëmsetzen a setzt och weiderhi Mesuren en place, wéi z. B. d’Diversifikatioun vun der Schouloffer, fir sozial Gerechtegkeet a fair Bildungschancen ze garantéieren an iwwer dee Wee all Kand a Jonken déi beschtméiglech Zukunftsperspektiven ze bidden.

 

Antoine Fischbach, Directeur du Luxembourg Centre for Educational Testing (LUCET)

Dernière mise à jour