D‘Gesetz iwwer d’Promotioun vun der Lëtzebuerger Sprooch ass gestëmmt

De 27. Juni 2018 gouf an der Chamber d’Gesetz fir d’Promotioun vun der Lëtzebuerger Sprooch gestëmmt.

D’Gesetz gesäit eng Partie Mesurë vir, déi d’Regierung am Kader vun der Strategie fir d’Promotioun vun der Lëtzebuerger Sprooch festgehalen huet, an déi konkret sollen ëmgesat ginn.

Mam deem Gesetz ënnersträicht d’Regierung nach eemol hiren Engagement, fir d’Roll vum Lëtzebuergeschen an der Gesellschaft ze stäerken an d’Promotioun vun der Lëtzebuerger Sprooch a Kultur nohalteg ze sécheren.

D‘Gesetz definéiert 4 grouss Ziler vun der Politik iwwer d’Lëtzebuerger Sprooch : 1. d’Wichtegkeet vun der Lëtzebuerger Sprooch stäerken; 2. de Gebrauch vun der Lëtzebuerger Sprooch an d’Recherche iwwer d’Lëtzebuerger Sprooch ënnerstëtzen; 3. d’Léiere vun der Lëtzebuerger Sprooch a vun der Lëtzebuerger Kultur fërderen; a 4. d’Kultur an der Lëtzebuerger Sprooch virundreiwen.

Konkret gëtt e Kommissär fir d’Lëtzebuerger Sprooch geschaf, deen zoustänneg ass fir en 20-Joresplang ronderëm d’Lëtzebuergescht, an dee vun engem interministerielle Comité begleet gëtt. De Kommissär suergt fir eng national Plattform, wou all Formatiounen, Coursë fir Lëtzebuergesch a soss wichteg Informatiounen zesummegedroen an aktualiséiert ginn. De Kommissär kuckt och, datt d’Offer u Coursë fir Lëtzebuergesch ze léieren duergeet, zu Lëtzebuerg an am Ausland, an datt dat richtegt didaktescht Material do ass. Hie mécht de Suivi vun de Kloen iwwert de Gebrauch oder Net-Gebrauch vum Lëtzebuergeschen an den ëffentleche Servicer.

Den Zenter fir d’Lëtzebuerger Sprooch gëtt geschaf a këmmert sech ëm d’Lëtzebuerger Sprooch an d’Sproochesituatioun zu Lëtzebuerg, an ëm d’Promotioun vum Lëtzbuergeschen national an international. Den Zenter dokumentéiert d’Lëtzebuerger Sprooch, hir Geschicht, d’Dialekter, mee och de villsproochege Kontext. Den Zenter organiséiert Ausstellungen a Konferenzen, an och all Joer en nationalen Dag vun der Lëtzebuerger Sprooch a Kultur.

Donieft bitt den Zenter dem Bierger an den Administratiounen eng Rei Servicer: Online-Dictionnaire, Spellchecker, Iwwersetzungen, Helpline.

De Conseil fir d’Lëtzebuerger Sprooch (Conseil permanent de la langue luxembourgeoise, CPLL), deen zanter 1998 besteet, kritt d’Missioun fir sech ëm d’Reegelen ze këmmeren iwwer d’Schreifweis, d’Grammaire, d’Aussprooch an de gudde Gebrauch vum Lëtzebuergeschen.

Et gi Präisser geschaf, z. B. e Concours fir Kannerliteratur an e Präis, deen aussergewéinlech Meritte fir d’Lëtzebuerger Sprooch auszeechent.

D’Gesetz schaaft dann och de gesetzleche Kader fir d’Personal an d’Fonctionnéiere vum Kommissär, dem Zenter, dem Comité interministériel an dem CPLL.

 

Dernière mise à jour