D’Eloise Schwiderowitz-Janis ass d’Gewënnerin vun der 21. Editioun vum Virliesconcours

Am Ariston, deen elo en Deel vum Escher Theater ass, koumen den 2. Juli 2026 am Nomëtteg déi aacht Finalistinnen a Finaliste fir d’Finall vum Virliesconcours 2026 zesummen. Et ware sechs Meedercher an zwee Jongen, déi sech ënnert méi wéi 4.500 Participanteën a Participanten aus dem Cycle 4 am ganze Land qualifizéiert haten.

Oflaf vum Concours

All Schüler huet bei der Umeldung zwou Liessproochen uginn, eng éischt Sprooch, déi d’Schülerin oder de Schüler als seng stäerkste Virliessprooch ugesäit, an eng zweet Sprooch, an där d’Schülerin oder de Schüler och gär virliest. Déi huet awer eréischt vun der Véierelsfinall un eng Roll gespillt. Als éischt Sprooch haten d’Schüler d’Wiel tëscht Lëtzebuergesch, Däitsch oder Franséisch. Als zweet Sprooch konnten se och Englesch uginn. Englesch war dëst Joer fir d’éischt och an der Finall vertrueden.

D’Erausfuerderung an der Finall waren dräi Epreuven: e bekannten imposéierten Text an der zweeter Sprooch, deen d’Schüler iwwert e puer Deeg konnte virbereeden; en onbekannten Text an der éischter Sprooch als „lecture à vue” aus engem Buch a schliisslech e Liestheater an der éischter Sprooch,  och als „lecture à vue”, an deem jee zwee Schüler matenee gelies hunn.

D’lokal Selektiounen, vun den Enseignanten an de Schoulbibliothecairen organiséiert, hu fir d’éischt op Klassenniveau stattfonnt, duerno op Schoulniveau. Doropshi goufen et – mat jee zwou Liessprooche pro Kand – 15 regional Véierelsfinallen an duerno eng Halleffinall, bei där aacht Finalistinnen a Finalisten ermëttelt goufen.

D’Gewënnerin an hir Epreuven

D’Eloise aus der Grondschoul vu Waasserbëlleg huet de Concours gewonnen. Hatt wosst de Jury esouwuel beim bekannten Text ze iwwerzeegen, grad wéi beim onbekannten Text an och beim Liestheater.

Als imposéierten Text a senger zweeter Sprooch hat et en Extrait aus dem Buch The Accidental Prime Minister vum Tom McLaughlin an als onbekannten Text a senger éischter Sprooch huet et aus dem Buch Foxfighter – Angriff des Schattens vum Akram El-Bahay virgelies. De Liestheater op Däitsch, senger éischter Sprooch, war extra fir d’Finall geschriwwe ginn.

D’Finalistinnen an d’Finalisten an hir Präisser

Déi jonk Finalistinnen a Finaliste waren: de Moritz Castiglia, de Gabin Debroise, d’Josefin Feider, d’Anna Konsbruck, d’Hana Sarajlic, d’Eloise Schwiderowitz-Janis, d’Emma Weber an d’Franka Sofia Zimmer Rosales.

All Finalistin an all Finalist krut e Certificat, e Buch an e Bicherbong als Präis. D’Gewënnerin krut en plus e flotte Pokal an e Bicherbong fir e méi héije Betrag.

De Jury an d’Moderatioun

An dem Jury waren: de Luc Belling (Responsabel vun der Divisioun Initiatives et programmes pédagogiques beim Service de coordination de la recherche et de l’innovation pédagogiques et technologiques (SCRIPT)), den Yves Ciaffone (Regionaldirekter am Enseignement fondamental), d’Anne Diderich (Libraire), d’Carole Lorang (Direktesch vum Escher Theater) an d’Nora Wagener (Schrëftstellerin).

D’Nathalie Bender, Mataarbechterin vum SCRIPT a laangjäreg Radiomoderatrice, huet de Public – Klassekomerodinnen, Klassekomeroden a Famill vun de Finalistinnen a Finalisten – duerch dëse liewegen Nomëtteg gefouert, bei deem d’Genéisse vum Liesen an Nolauschteren um Rendez-vous waren.

Den Escher Theater an de SCRIPT hunn duerno e Patt an e klenge Maufel zum Beschte ginn.

De Virliesconcours gëtt all Joer am Kader vun der Liesfërderung vum Ministère fir Educatioun, Kanner a Jugend organiséiert. E riicht sech un d’Schülerinnen an d’Schüler aus dem Cycle 4 vun der Grondschoul.

De Piwitsch, d’Zeitung fir d’Schüler aus den Zyklen 3 a 4 vun der Grondschoul, huet en Interview mam Gewënnerkand gefouert (www.piwitsch.lu).

 

De Kanner- a Jugendliteraturpräis fir d’Nora Wagener

Virun der Präisiwwerreechung vum Virliesconcours gouf et nach en anere flotte Moment: d’Präisiwwerreechung vum Kanner- a Jugendliteraturpräis un d’Nora Wagener. De Luc Weis, President vum Jury, huet eng Laudatio fir d’Auteurin gehal a si huet hire präisgekréinten Text virgelies.

 

 

 

  1. Déi 8 Finalistinnen a Finaliste fir d’Finall vum Virliesconcours 2026 am Ariston zu Esch hate sech sech ënnert méi wéi 4.500 Participanteën a Participanten aus dem Cycle 4 am ganze Land qualifizéiert
  2. D’Eloise Schwiderowitz-Janis, Gewënnerin vun der 21. Editioun vum Virliesconcours
  3. Virun der Präisiwwerreechung vum Virliesconcours gouf der Nora Wagener de Kanner- a Jugendliteraturpräis iwwerreecht

 

 

Dernière mise à jour