Den 12. November 2024 huet de Minister fir Educatioun, Kanner a Jugend, Claude Meisch, d’Resultater vun der Etüd ICILS 2023 (International Computer and Information Literacy Study) zu Lëtzebuerg presentéiert. An dëser internationaler Etüd, déi all fënnef Joer vun der International Association for the Evaluation of Educational Achievement (IEA) duerchgefouert gëtt, gi computer- an informatiounsbezunne Kompetenzen (computer and information literacy, CIL) souwéi d’Kompetenzen am informateschen Denken (computational thinking, CT) vun de Schüler am 8. Schouljoer evaluéiert.
Am Abrëll a Mee 2023 huet Lëtzebuerg un der Etüd mat Schüler vu 6e aus dem Enseignement secondaire classique a général deelgeholl. Och Schüler aus der Voie de préparation an aus privaten an ëffentlechen internationale Schoule si getest ginn. D’Resultater hu sech am Verglach mat der éischter Participatioun vu Lëtzebuerg am Joer 2018 däitlech verbessert, wat weist, datt d’Efforte fir d’Integratioun vun digitale Kompetenzen am Unterrecht hir Friichten droen.
Digital Kompetenzen – eng vun de groussen Erausfuerderunge vun der Zukunft
An de leschte Joren huet de Ministère fir Educatioun, Kanner a Jugend vill Efforte gemaach, fir déi Jonk op hir berufflech Zukunft an hir Zukunft als Bierger an enger Gesellschaft, déi ëmmer méi digital gëtt, virzebereeden. Zënter 2020 ass dowéinst d’Entwécklung vun digitale Kompetenze systematesch an d’Schoulprogrammer opgeholl ginn. De Coding gouf no an no zënter dem Schouljoer 2020/2021 an der Grondschoul agefouert. Am Secondaire gëtt d’Fach Digital Sciences graduell säit dem Schouljoer 2021/2022 enseignéiert, an zënter der Rentrée 2024 besiche sämtlech ënnescht Klassen (7e bis 5e) dëse Cours.
De Score vu Lëtzebuerg an der ICILS-Etüd louch 2018, wéi digital Kompetenzen nach net systematesch an de Lëtzebuerger Schoule vermëttelt gi sinn, ënnert dem Duerchschnëtt vun de Participanten.
Lëtzebuerg: ee vun deene wéinege Länner, dat seng Resultater verbessert huet
D’Efforte vun de leschte Jore schénge schonn hir Friichten ze droen, wéi d’Resultater weisen. Lëtzebuerg ass vu 35 Länner a Regiounen, déi un der ICILS 2023 deelgeholl hunn, eent vun deenen eenzege Länner, dat am Verglach zu 2018 bedeitend besser ofgeschnidden huet, an dat souwuel am Beräich vun de computer- an informatiounsbezunnene Kompetenzen (CIL) wéi och bei de Kompetenzen am informateschen Denken (CT). Dëst Resultat ass besonnesch beandrockend, well Lëtzebuerg, zesumme mat Italien, ee vun deene wéinege Länner ass, dat sech tëscht 2018 an 2023 verbessere konnt.
Bei de computer- an informatiounsbezunnene Kompetenzen huet Lëtzebuerg e Score vu 494 Punkten erreecht, wat iwwert dem ICILS-Duerchschnëtt vu 476 Punkte läit, a steet soumat am Ranking op der 17. Plaz vu 35 Länner a Regiounen. Bei de Kompetenzen am informateschen Denken huet Lëtzebuerg 476 Punkte kritt a läit domat liicht ënner dem ICILS-Duerchschnëtt vu 483 Punkten. Lëtzebuerg beleet an deem Beräich déi 16. Plaz vun 23 Länner a Regiounen.
Fir de Minister Claude Meisch weisen d’Resultater vun der ICILS 2023, datt d’Beméiunge vu Lëtzebuerg, fir digital Kompetenzen op de Schoulprogramm ze setzen, sech gelount hunn. „D’Resultater si besonnesch villverspriechend, well d’Mesurë bei der Etüd nach net vollstänneg moossbar waren. Nach net all Schüler op 6e hat Coursen am Coding an an den Digital Sciences, well dës no an no an d’Schoulprogrammer opgeholl goufen. Mee fir eng richteg ‘IT-Natioun’ ze ginn, mussen nach méi Efforte gemaach ginn. Et ass essentiell, eis Beméiunge weiderzeféieren, fir d’digital Kompetenze vun eise Schüler dauerhaft ze stäerken.“
Digital Kompetenze weider stäerken
D’Vermëttele vun digitale Kompetenzen am Enseignement geet wäit iwwer déi néideg reng technesch Fäegkeeten eraus. Si ëmfaasst och d’Vermëttele vu mënschlechen a kognitive Kompetenzen, déi et jonke Leit erlaben, sech an enger digitaler Gesellschaft gutt ze entwéckelen an d’Medie verantwortungsvoll ze benotzen.
De Ministère wäert sech weiderhi beméien, fir d’digital Kompetenze vun de Jonken am Kader vu senger Strategie sécher.digital weider auszebauen. Dës Kompetenze wäerten een nach méi feste Bestanddeel vun de Schoulprogrammer ginn. De Contenu vun de Coursen am Coding an an den Digital Sciences gëtt iwwerpréift an un déi technologesch Fortschrëtter geneesou wéi un d’Entwécklung vun der Gesellschaft ugepasst, virun allem wat déi Kënschtlech Intelligenz ugeet. An der Grondschoul gëtt d’Zesummenaarbecht tëscht den Titulairë vun der Klass an den Enseignanten am Beräich digital Kompetenze weider ausgebaut. Déi spezialiséiert Enseignantë sinn zënter 2020 aktiv an der Weiderbildung, bei der Medienerzéiung a bei Konzepter, déi domat a Verbindung stinn.