Fir eng gesond „Screen-Life-Balance” vun eise Kanner

Digital Medien huelen eng ëmmer méi wichteg Plaz an eiser Gesellschaft an. Si vereinfachen eis den Alldag a bidden eis nei Méiglechkeeten, mee si kënnen och negativ Auswierkungen op eis mental a physesch Gesondheet hunn, besonnesch bei Kanner a Jugendlechen.

D’Wëssenschaft beleet mëttlerweil de groussen Afloss vu Smartphonen a Social Media op déi kierperlech, sozial a kognitiv Entwécklung vun eise Kanner. Et ass un der Zäit, datt mer eis zesumme fir e gesonden Equiliber vun de Kanner asetzen. En Equiliber tëschent der digitaler Welt an den analogen Aktivitéite mat Gläichaltregen. Mir brauchen e gereegelte Kader an e bewossten Ëmgang mat den digitalen Outilen. An der Schoul, an der non-formaler Bildung wéi och an der Famill.

Dofir lancéiert de Minister fir Educatioun, Kanner a Jugend d’Campagne Screen-Life-Balance. Dës breet ëffentlech Campagne riicht sech un Elteren an informéiert mat Recommandatiounen, wéi den Ecran a wéi enger Alterskategorie sollt benotzt ginn a wéi eng aner Aktivitéite Kanner brauchen, fir sech physesch a mental gutt ze entwéckelen.

Eng breet Campagne, fir Elteren zur Bildschiermzäit ze sensibiliséieren

D’Campagne Screen-Life-Balance huet als Zil, d’Elteren ze sensibiliséieren an ze stäerken. Vill Eltere si beim Thema Bildschiermzäit veronséchert a brauche Guidance, wéi de Minister Claude Meisch ernimmt:

„D’Bildschiermzäit ass haut en Dauerthema a ville Famillen. Um Iessdësch. Virum Schlofegoen. An der Fräizäit. Eis Kanner kënne sech haut net méi langweilen. Déi Zäit, déi mir Erwuessener an och d’Kanner um Smartphone verbréngen, gëtt oft zur verluerener Zäit, fir aner wichteg Momenter an der Famill oder mat Kolleegen.“

Dofir lancéiert de Ministère den 1. Oktober 2024 eng Campagne mat konkreete Recommandatioune fir eng sécher a responsabel Notzung vun digitalen Outilen. Dës Recommandatioune baséieren op wëssenschaftlechen Erkenntnisser vum Dr. Serge Tisseron, engem franséische Psychiater an Dokter an der Psychologie, deen de 7. November 2024 fir eng Konferenz op Lëtzebuerg kënnt.

An der Campagne gëtt de Fokus op dräi entscheedend Phasen an der Entwécklung vun de Kanner geluecht.

Evitéiert den Ecran ënner 3 Joer

An enger vun de wichtegsten Entwécklungsphasen am Klengkandalter gëllt et, den Ecran ze evitéieren. A Plaz ze loosse fir sozial Kontakter, Situatioune vun direktem Austausch mat den Elteren oder och fir d’Spillen, fir déi sozial, emotional a sproochlech Kompetenze vu klenge Kanner ze stäerken.

Evitéiert den eegene Smartphone ënner 12 Joer

Kanner ënner 12 Joer si sech de Gefore vum Internet nach net ëmmer bewosst. Mat engem eegene Smartphone hu si Accès zu sämtleche Contenuen. Och zu falschen Informatiounen. Si wëssen oft net, datt duerch d’Deele vu Fotoen a Videoen hir Privatsphär a Gefor ka geroden. Si mussen als éischt léieren, responsabel mat engem eegene Smartphone ëmzegoen, mat Ënnerstëtzung vun den Elteren.

Evitéiert d’sozial Medien ënner 15 Joer

Sozial Medie kënnen an der sensibeler Phas vun der Pubertéit, wou déi Jonk hir Identitéit sichen a staark op de Feedback vun hire soziale Kontakter ugewise sinn, negativ Auswierkungen op hir Entwécklung mat sech bréngen. Oneethesch Praktiken a manipulativ Algorithme vun de soziale Medie riskéieren, bei Jonken an dëser onstabiller Entwécklungsphas exzessive Smartphonegebrauch an emotionale Stress ze produzéieren.

Mesuren an der Educatioun

Parallel zur Sensibiliséierungscampagne wäert de Ministère, wéi bei der Rentrée ugekënnegt, Mesurë ronderëm de Gebrauch vum Smartphone an der Schoul an an de Strukture vun der non-formaler Bildung mat de concernéierte Partner weider konkretiséieren.

Eng praktesch Ënnerstëtzung vun den Elteren duerch d’Eltereforen a BEE SECURE

Am Kader vun der Rentrée kruten all d’Eltere vun de Schüler an der Grondschoul en Elterebréif mat Recommandatiounen zum Thema Screen-Life-Balance a verschiddene Sprooche vun hirem Enseignant ausgedeelt.

D’Campagne gëtt begleet duerch eng Serie vun Informatiounsveranstaltungen a Konferenze vun den Eltereforen an Zesummenaarbecht mat BEE SECURE. Hei fannen d’Eltere lokal Ulafstellen, wou si zum Thema Bildschiermzäit gestäerkt ginn.

Eng spezifesch Helpline zu parental control gëtt vu BEE SECURE ageriicht.

Promotioun an Ausweidung vun der Offer vun analogen Aktivitéiten

Wa mer wëllen, datt d’Kanner e bewossten a responsabelen Ëmgang mat den digitalen Outilen entwéckelen, musse mer hinnen och d’Bedeitung vun de Momenter mat Frënn a mat der Famill nobréngen.

Dofir wäert de Ministère am Laf vum Schouljoer d’Offer an d’Promotioun vun analogen Aktivitéiten an der Schoul, mee och an der Fräizäit weiderdreiwen an zu engem spéideren Zäitpunkt kommunikéieren.

 

  1. (de g. à dr.) Alain Massen, président de la Représentation nationale des parents d'élèves ; Claude Meisch, ministre de l'Éducation nationale, de l'Enfance

    ©MENJE

  2. (de g. à dr.) Alain Massen, président de la Représentation nationale des parents d'élèves ; Claude Meisch, ministre de l'Éducation nationale, de l'Enfance

    ©MENJE

Dernière mise à jour