De Museksunterecht zu Lëtzebuerg gëtt moderniséiert: Reform vum Solfège ab 2026

De Museksunterrecht ass e wichtege Pilier vum lëtzebuergeschen Educatiounssystem. Fir d’Inhalter an d’pedagogesch Approchen ze moderniséieren an un déi aktuell Entwécklungen unzepassen, gëtt eng Reform vum Museksunterrecht op de Wee bruecht, mat engem besonnesche Fokus op d’Branche vun der Formation musicale (FM), allgemeng Solfège genannt. Déi grouss Linne vun dëser Reform goufen den 19. Januar 2026 bei enger Pressekonferenz vum Minister fir Educatioun, Kanner a Jugend, Claude Meisch, an der Micky Thein, Koordinatorin vum Aarbechtsgrupp, dee fir d’Reform vum Solfège zoustänneg ass, presentéiert.

Gréisseren Zougang zum Museksunterrecht

E groussen Deel vun de Musekscoursë fir Jonker ënner 18 Joer gëtt säit dem Joer 2022 gratis ugebueden, wat zu enger reeller Demokratiséierung vum Zougang zum Museksunterrecht gefouert huet. Dës Mesure huet et erméiglecht, déi bestoend Offer auszebauen a méi Kanner a Jonker un d’Léiere vu Musek, Danz a Sproochkonscht erunzeféieren – onofhängeg vun hirem sozio-ekonomeschen Hannergrond.

Sou konnt eng gréisser Zuel vu Schülerinnen a Schüler vun de ville Virdeeler vum Museksunterrecht profitéieren. Dozou zielen den Ausbau vu kognitiven an emotionale Fäegkeeten, d’Fërderung vu Kreativitéit souwéi perséinleche Wuesstem an Entfalung. D’Zuel vun de Schüler klëmmt kontinuéierlech: vun 19.644 am Joer 2022 op 22.650 am Joer 2026. Och de Kultursecteur profitéiert vun dëser Entwécklung, déi d’kënschtleresch Kreatioun fërdert, d’Beschäftegung an dësem Beräich stäerkt an zur Beräicherung vum lokale Kulturliewe bäidréit.

En neie Parcours ronderëm Stëmm a Beweegung

Fir nach besser op d’Bedierfnesser vun de Schüler an op d’Erwaardunge vun den Etablissementer anzegoen, entwéckelt sech de lëtzebuergesche Museksunterrecht weider. D’Inhalter an d’pedagogesch Approchë gi moderniséiert a besser un déi aktuell Musekpraxis ugepasst. An deem Kontext gëtt d’Branche vun der Formation musicale (Solfège) grëndlech reforméiert. Dës Reform trëtt mat der Schoulrentrée 2026/2027 a Kraaft.

De Solfège ass d’obligatorescht Fach vum Museksunterrecht. E wäert zukünfteg een Tronc commun vu fënnef Joer hunn (FM 1 bis FM 5), deen et de Schüler erméiglecht, hiren instrumental oder Gesang-Parcours bis op déi héichst Niveaue weiderzeféieren (divisions moyenne, moyenne spécialisée a supérieure). Eng zentral Roll wäerten dobäi zwee fundamental Léieraspekter spillen: d’Stëmm (de Gesang) an déi kierperlech Beweegung. Si ginn als privilegéiert Elementer fir eng lieweg a sensoresch Formatioun an der Musek consideréiert. Dës aktiv Approche wäert et erlaben, d’Musikalitéit vun de Schüler schonn an de fréie Phase vun hirem Parcours ze stäerken.

Den neie Formatiounsparcours, dee fënnef Joer dauert an ab dem Alter vu sechs Joer zougänglech ass, gouf vun der consultativer Programmkommissioun vum Museksunterrecht am Laf vum Schouljoer 2024/2025 festgehalen. Op där Basis huet een Aarbechtsgrupp vun Enseignanten aus verschiddene Musekschoulen a Conservatoiren den neie Léierprogramm fir de Solfège ausgeschafft. Dobäi hu si d’Zuel vun de Formatiounsjoren a vun der wéchentlecher Dauer vun de Coursë berücksichtegt.

Nei Outilen an eng verstäerkte Begleedung fir d’Léierpersonal

Eng Neiheet am Kader vun der Reform ass d’Ausschaffe vun neie Léierbicher duerch de Service de coordination de la recherche et de l’innovation pédagogiques et technologique (SCRIPT) vum Ministère an Zesummenaarbecht mat Experten aus dem Museksunterrecht. Dës Bicher ginn de Schüler vum Ministère gratis zur Verfügung gestallt.

Ausserdeem organiséiert den Institut de formation de l’éducation nationale (IFEN) ab Februar 2026 Presentatiounssessioune vum neie Léierprogramm fir d’Enseignantë vun de Musekschoulen a Conservatoiren. Weider Formatiounen, ënner anerem iwwert déi nei Bicher an iwwert d’Technique vocale bei Kanner a Jugendlecher am Kader vum Solfège-Cours, ginn den Enseignanten nach virum Akraafttriede vum neie Programm ugebueden.

Och eng Reform vun der Evaluatioun vun de Schüler an alle Fächer vum Museksunterrecht

Iwwer d’Reform vum Solfège eraus ginn och d’Modalitéite vun der Bewäertung vun de Schüler am Museksunterricht ugepasst. Bis elo huet d’Evaluatioun op zwee Exame virun engem Jury baséiert. An Zukunft mussen d’Schüler nëmmen nach een Exame virun enger Jury ofleeën, deem seng Nott fir zwee Drëttel an d’Bewäertung afléisst. Een Drëttel vun der Nott baséiert op der kontinuéierlecher Evaluatioun vum Schüler am Laf vum ganze Joer. Dëst erméiglecht et, d’Aarbecht, déi de Schüler iwwer säi ganze Parcours geleescht huet, besser ze valoriséieren – iwwert déi reng Examen eraus.

 

Den neien „Tronc commun“ vum Solfège

  • Niveau FM 1 (Wéchentlech Coursen: 1 x 60 Minutten)
    • ab dem Alter vu 6 Joer vum Schüler
  • Niveau FM 2 (Wéchentlech Coursen: 1 x 60 Minutten)
  • Niveau FM 3 (Wéchentlech Coursen: 1 x 90 Minutten)
  • Niveau FM 4 (Wéchentlech Coursen: 1 x 120 Minutten)
    • Certificat vun der division inférieure: Méiglechkeet, d’Etuden an der instrumental a Gesang-Formatioun bis zum Diplom vum 2. Zyklus weiderzeféieren (mindestens 8 Joer Cours)

Niveau FM 5 (Wéchentlech Coursen: 1 x 120 Minutten)

  • Certificat vun der division moyenne: Méiglechkeet, d’Etuden an der  instrumental a Gesang-Formatioun bis op déi héchsten Niveauen weiderzeféieren, wat den d’Diplomer vum 3. Zyklus, vum 1er prix an dem Diplôme supérieur entsprécht (mindestens 15 Joer Cours)

 

(de g. à dr.) Gilles Lacour, commissaire du gouvernement à l’enseignement musical ; Marc Meyers, président de la Commission consultative des programmes de l’enseignement musical ; Claude Meisch, ministre de l’Éducation nationale, de l’Enfance et de la Jeunesse ; Micky Thein, coordinatrice du groupe de travail en charge de la réforme du Solfège ; Romain Asselborn, président de l’Association des écoles de musique
©MENEJ

Dernière mise à jour