Gutt Bildung fir jiddereen: Zuelen a Fakte ronderëm déi non-formal Bildungsstrukturen

De Ministère fir Educatioun, Kanner a Jugend weist mat dem Factsheet „Zuelen a Fakte ronderëm déi non-formal Bildungsstrukturen“ op rezent Entwécklungen aus den non-formale Bildungsstrukturen hin, z.B. d'Unzuel vu Stonnen, déi d’Kanner an dëse Strukture verbréngen, den Impakt vum Congé parental op den Alter vun de Kanner an enger Crèche oder d'Entlaaschtung vun de Familljen duerch d’Gratuitéit vun der Maison relais.

An deene leschte Joren huet sech d’Bildung zu Lëtzebuerg staark entwéckelt a moderniséiert. Dobäi stoungen d’Kanner ëmmer am Mëttelpunkt. D’Kontinuitéit vun dësen Entwécklunge muss dofir och weider op d’Bedierfnisser vun de Kanner ausgeriicht sinn.

An dësem Sënn investéiert de Ministère fir Educatioun, Kanner a Jugend weider an d’Qualitéit vun den non-formale Bildungsstrukturen. Rezent Studie beleeën, dass d’Qualitéit vun den non-formale Bildungsstrukturen ausschlaggebend ass fir d’Wuelbefannen an d’Entwécklung vun de Kanner.

Doduerch, dass déi non-formal Bildungsstrukture wéi och d’Moolzechte fir d’Schoulkanner gratis zougänglech gemaach gi sinn an doriwwer eraus eng national Hausaufgabenhëllef garantéiert gëtt, gouf e wichtege Schratt Richtung Chancëgläichheet fir all Kand gemaach. All Kand huet d’Recht op eng qualitativ héichwäerteg Bildung.

Dernière mise à jour