LOD.lu – de Lëtzebuerger Online Dictionnaire elo och als App!

Dir sëtzt am Bus a kommt net op e Wuert? Dir sidd um Tour a wësst net, wéi ee Clemency op Lëtzebuergesch seet? Dir sidd am Restaurant a frot Iech, wat en Ziwwi ass? Da frot den LOD fir ënnerwee!

Viru fënnef Méint gouf de fuschneien Internet-Site vum Lëtzebuerger Online Dictionnaire presentéiert, am frësche Look a mat erweiderte Funktionalitéiten.

Zanterhier goufen um neie Site iwwer 4 Millioune Wierder gesicht a ronn 3,5 Milliounen Artikele gekuckt. Dobäi koum iwwer d'Hallschent vum Trafick vu mobillen Apparaten.

Fir den Inhalt vum Dictionnaire nach méi accessibel ze maachen, gëtt et den LOD vun haut un och als gratis App (LOD.lu), déi um Play Store vu Google an um App Store vun Apple kann erofgeluede ginn.

Intuitiven Design, erweidert Sich, Wuert-Kategorien a villes méi – elo kamoud accessibel direkt um Home Screen vum Smartphone oder vum Tablet: eng Méiglechkeet méi, fir op déi 32.000 Dictionnaires-Artikelen, 35.000 beschriwwe Sënner, 173.000 Iwwersetzungen, 54.000 Beispillssätz an 10.000 Synonymmen zouzegräifen.

Fir d’Entwécklung vun der App gouf natierlech dee ville konstruktive Feedback vun den LOD-User berücksichtegt.

Par rapport zum Site sinn d’Luedzäiten an den Affichage optimiséiert: D’Grondgerüst vum Dictionnaire ass um Apparat gespäichert an déi iwwerflësseg Elementer vum Browser falen ewech.

De linguisteschen Inhalt gëtt vun där selwechter Datebank geliwwert an ass ëmmer dee rezentsten, egal, iwwer wat fir eng Manéier – Site oder App – een drop zougräift.

Hei geet et bei d’App:

 

LOD.lu dans Apple App store
LOD.lu dans Google Play Store

Dernière mise à jour