Vun der Betreiung zur Bildung: Fräien Zougang zu enger gudder non-formaler Bildung. Eng Chance fir all Kand.

De Minister fir Educatioun, Kanner a Jugend Claude Meisch ass den 10. Mee 2022 zesumme mam Gérard Albers, Vizepresident vun der FEDAS (Fédération des acteurs du secteur social au Luxembourg) op eng Rei vu rezenten Entwécklungen an de Beräicher vun der Qualitéitsentwécklung an dem Accès zu der non-formaler Bildung agaangen.

D’Zukunftschancë vun de Kanner a Jugendlechen hänke vun enger qualitativ héichwäerteger Bildungsoffer of. Dat gëllt net nëmme fir d’Schoul. Alleguerten d’international Etudë weisen dorop hin, dass dat a gläichem Mooss fir d’ausserschoulescht Léiere gëllt.

Déi non-formal Bildung leescht en essentielle Rôle fir déi ganzheetlech Entwécklung vum Kand a fir seng weider Zukunftschancen. D’non-formal Bildung huet als Zil, wichteg Kompetenze vun de Kanner a Jugendlechen ze fërderen: hir sproochlech a motoresch Entwécklung, hir sozial Kompetenzen, hir Kreativitéit an hir technesch Fäegkeeten, hir Fäegkeet, fir sech a partizipativ Prozesser anzebréngen. D’Zil vun der non-formaler Bildung si staark Kanner a Jugendlecher. De Minister Claude Meisch sot dozou:

“All Kand huet Recht op héichwäerteg Bildung zu Lëtzebuerg. Nëmmen esou kënne mer jidderengem fair Zukunftschancë bidden. An der Schoul hu mer dat scho laang. Mee dat selwecht muss och fir d’non-formal Bildung gëllen. Well och si dréit wesentlech zu der Entwécklung vun de Kanner a Jugendleche bäi. Genee sou wéi d’ëffentlech Schoul näischt kascht, muss dofir och de fräien Zougang zur non-formaler Bildung garantéiert ginn.”

De Vizepresident vun der FEDAS Gérard Albers huet an deem Zesummenhang ervirgehuewen:

“Am Secteur vun der non-formaler Bildung engagéieren sech all Dag 7 800 Professioneller. Et ass nach e jonken, awer ganz dynamesche Secteur, dee mam Qualitéitsgesetz vun 2016 e klore Bildungsoptrag an e Qualitéitskader kritt huet. Mat dem neien Dispositif vun der Formation continue, an enger staarker Elterepartneschaft ass de Secteur vun der non-formaler Bildung haut e vollwäertege Partner an der Bildungslandschaft zu Lëtzebuerg.”

Qualitéit vun der non-formaler Bildung zu Lëtzebuerg: Den non-formale “Bildungsrahmenplan”

Mam Gesetz vun 2016 hu mer en non-formale “Bildungsrahmenplan” agefouert fir sämtlech Crèchen, Maison-relaisen a Jugendhaiser. Endlech schwätze mer vu Bildung an net just vu Betreiung. Säitdeem huet déi non-formal Bildung e klore Kader a kloer Qualitéitscritèren, déi ronderëm 7 Beräicher dréinen.

Dëse Qualitéitsdispositif, deen elo nach emol iwwerschafft gouf, erlaabt e Suivi vun der Qualitéit um Terrain, dee vun den Agents régionaux vum Service national de la Jeunesse an enkem Kontakt mat de Strukturen geleescht gëtt. Och d’Weiderbildung vum Personal gouf am Ufank vum Joer ausgebaut an ass gratis fir d’edukatiivt Personal an domat en Investissement an d’Qualitéit vun de Strukturen.

Non-formal Bildung zu Lëtzebuerg ass zougänglech fir all Kanner

D’ Haaptmotivatioun, fir viru 5 Joer 20 Gratisstonne fir all Kand an der Crèche ze assuréieren, war et, e fräien Zougang ze schafen, esou datt all Kand dovunner ka profitéieren, onofhängeg vum Revenu vun den Elteren.

An der Kontinutiéit dovunner wäerten d’Strukture vun der non-formaler Bildung wärend de Schoulwochen ab September 2022-2023 och gratis gi fir schouflichteg Kanner aus dem Fondamental. D’Gratuitéit betrëfft d’Maison relais, de Foyer du jour an d’Assistants parentaux.

E weidere Schratt a Richtung Chancëgerechtegkeet ass d’Gratuitéit vun de Molzechte wärend de Schoulwochen ab der Rentree 2022-2023. Esou soll all schouflichtegt Kand, onofhängeg vum Revenu vun sengen Elteren, während de Schoulwochen e Recht op héichwäerteg Molzechten hunn.

D’non-formal Bildung mécht eng Woch laang hir Dieren op: D’Semaine de l’enfance vum 14.-20.Mee

De Ministère fir Educatioun, Kanner a Jugend lancéiert fir d’éischt Kéier d’Initiativ vun der “Kannerwoch” : Eng Woch laang maachen d’Strukture vun der non-formaler Bildung hir Dieren op a weisen der Ëffentlechkeet, wat se ze bidden hunn. Dat op ënnerschiddlechen Niveauen:

De Kannerfestival am Neimënster de Weekend vum 14. a 15. Mee invitéiert d’Eltere mat de Kanner op verschidden Atelieren, fir datt si sech op eng spilleresch Manéier mat der Aarbecht vertraut ze maachen, déi Dag fir Dag bei den iwwer 800 Services d’éducation et d’accueil, de Minicrèchen oder de 500 Assistants parentaux geleescht gëtt, fir aus de Kanner “staark Kanner” ze maachen.

An der Woch vum 14.-20. Mee maachen och iwwer 100 Strukture vun der non-formaler Bildung hir Dieren op a weisen den Elteren eng grouss Bandbreet un Aktivitéiten. De Programm vun den Aktivitéite steet ënner www.kannerwoch.lu.

 

Dernière mise à jour