De Minister fir Educatioun, Kanner a Jugend, Claude Meisch, huet de 14. Abrëll 2022 op enger Pressekonferenz am Institut National des Langues (INL) d’Offer an d’Vilfalt vum Lëtzebuergeschen an der Erwuessenebildung, esouwéi dat neit INL-Gesetz presentéiert. Nieft enger neier Online-Offer vum INL goufen och nei Léiermaterialien a Lëtzebuergeschcoursen am Ausland vun der Direktesch vum Institut national des langues, Maisy Gorza, a vum Direkter vum Service de la formation des adultes, Erik Goerens, virgestallt.
“Den Interessi un eiser Sprooch ass an den leschte Joren däitlech gewuess. Hei am Land an och am Ausland klëmmt d’Zuel vun deene Leit, déi Lëtzebuergesch léieren. D’Offer u Méiglechkeeten, eis Sprooch ze léieren, gëtt weider méi villfälteg. Vum klassesche Sproochecours heiheem, bis zur Onlineformatioun an allen Ecker vun der Welt”, huet de Claude Meisch betount.
Lëtzebuergesch léieren heiheem
Eng Verdueblung vun den Apprenanten an de Lëtzebuergeschcoursen an de leschten 10 Joer
An eiser méisproocheger Gesellschaft kënnt dem Lëtzebuergeschen eng wichteg Roll zou. Den Interessi vun de Leit, déi Lëtzebuergesch léiere wëllen, wiisst zënter Jore konstant. An deem Sënn huet d’Regierung 2017 an engem Strategiepabeier fir d’Promotioun vun der Lëtzebuerger Sprooch véier iwwergräifend Ziler festgeluecht, fir d’Entwécklung vum Lëtzebuergeschen ze fërderen. Dozou gehéiert och den Engagement, d’Léiere vun der Lëtzebuerger Sprooch a Kultur ze fërderen.
Den Institut national des langues (INL) bitt Lëtzebuergeschcoursen op sengen dräi Sitten un: an der Stad um Glacis, zu Esch um Belval an zu Miersch. Eng weider Antenn wäert an der Nordstad hir Dieren opmaachen. Bannent 10 Joer huet d’Zuel vun den Aschreiwungen an d’Lëtzebuergeschcoursë vum INL sech méi wéi verduebelt vun 2 614 am Joer 2011-2012 op 5 681 an dësem Joer. Eleng an deene leschte 5 Joer waren iwwer 68 000 Aschreiwunge a Lëtzebuergeschcoursë vum INL a vun der Erwuessenebildung. Och dëst Semester léieren nees ronn 2 700 Apprenanten op deene verschiddene Sitte Lëtzebuergesch. Duerch déi grouss Demande ass och de Besoin un Enseignantë gewuess, eleng an de leschte 7 Joer ass d’Zuel vun den Enseignanten, déi dës Coursen am INL halen, vun 33 op 60 Leit geklommen.
Weider Online-Offere vum INL
Wärend der Coronakris huet den INL grouss Efforten am Beräich vun der Digitaliséierung vun de Coursë gemaach an e baut d’Offer am digitale Beräich weider zolidd aus: Blended-Learning-Coursë si mëttlerweil Bestanddeel vun der Gesamtoffer, de Sproochentest ass digitaliséiert an déi nei Versioun op Tablet gëtt aprogramméiert, en neien Astufungstest am Lëtzebuergeschen ass fir d’Rentrée 2022-2023 prett a weltwäit accessibel. An och d’Tester an d’Diplomer am Kader vum LaF („Lëtzebuergesch als Friemsprooch“) ginn erweidert an eng nei Online-Versioun gëtt entwéckelt.
Nei Léiermaterialien
„Schwätzt Dir Lëtzebuergesch?“ ass den Titel vum lëtzebuergesche Léierbuch, dat den INL ausgeschafft huet. Niewent dem Band A1 an dem Band A2 gouf 2020 och de Band B1 publizéiert. Neit didaktescht Material fir den Niveau B2 ass amgaangen ausgeschafft ze ginn: et gëtt kee „klassescht“ Buch, mee Online-Material fir ze garantéieren, datt d’Aktivitéite reegelméisseg un d’Aktualitéit ugepasst an erweidert kënne ginn.
Lëtzebuergesch léieren an der Groussregioun
Lëtzebuerg stécht och weider Efforten an d’Ausbildung vu Leit, déi aus der Grenzregioun heihinner schaffe kommen. D’Zil ass et, fir Leit Lëtzebuergeschcoursen ze offréieren, déi zum Beispill hei am Land am Spidolssecteur, am Commerce an an anere Beräicher schaffen.
Esou hunn de Ministère fir Education, Kanner a Jugend an de Grand Est eng Konventioun ënnerschriwwen, duerch déi d’Apprentien an d’Studente vu Beruffsschoule vun der Académie Nancy-Metz am Kader vu Blended-Learning-Coursen optional un enger Aféierung an d’Lëtzebuerger Sprooch kënnen deelhuelen. An deene Coursë léieren d’Apprenanten op eng elementar Manéier, mat de Mataarbechter vu Lëtzebuerger Verwaltungen a Betriber ze kommunizéieren.
Iwwert en Ofkommes tëschent dem Service de la Formation des adultes (SFA) an dem Saarland souwéi dem Rheinland-Pfalz kënnen op den Héichschoulen an deene Bundeslänner Lëtzebuergeschcoursen ugebuede ginn, fir déi den SFA d’Käschten iwwerhëlt.
Lëtzebuergesch léiere weltwäit
Eng nei weltwäit gratis Online-Offer fir Lëtzebuergesch ze léieren
Fir d’Rentrée am September gëtt eng nei online Léierplattform “Lëtzebuergesch léieren online” lancéiert. Fir den Ufank si Modullen am Niveau A1 an A2 (Cadre européen commun de référence pour les langues) disponibel an d’Offer gëtt progressiv bis den Niveau C1 ausgebaut. D’Léierplattform bitt eng Interface op Däitsch, Franséisch, Englesch, Portugisesch a Lëtzebuergesch, Modulle fir dat formaalt Léiere vun der Sprooch (Vocabulaire, Grammatik, Aussprooch, asw.) awer och informellt Léieren (Noriichten, Kulturelles asw.) a Fachmodullen zu Dosenden akademeschen a beruffleche Sujeten.
Donieft gehéiert e soziale Reseau zum Dispositiv, wou all Apprenant d’Méiglechkeet huet, sech mat anere Studenten aus allen Ecker vun der Welt op Lëtzebuergesch auszetauschen.
Am Februar gouf op der Ambassade zu Paräis e Lëtzebuergeschcours vun enger Woch ugebueden, deen e grousse Succès war. An deem Sënn gëtt d’Zesummenaarbecht mat eisen Ambassadë weltwäit verstäerkt, fir dem Interessi u Lëtzebuergeschcoursen am Ausland gerecht ze ginn.
Eng iwwerschaffte Base legale fir den INL
Zënter der Grënnung vum Centre de langues Luxembourg (CLL) 1991, aus deem duerch d’Gesetz vum 22. Mee 2009 den Institut national des langues (INL) ginn ass, huet den INL am Laf vun de Joren nei Missiounen am Lëtzebuergesche kritt an ass déi national Autoritéit fir den Enseignement vum Lëtzebuergeschen. Mat der neier legaler Basis ginn dem INL seng Aufgaben an de Beräicher vun der Zertifikatioun vum Lëtzebuergeschen, der Formatioun vun de Formateuren am Lëtzebuergeschen, dem Ausschaffe vum didaktesche Léiermaterial am Lëtzebuergeschen, dem Ausschaffe vum “Test LaF”, der Reform vum Zertifikat Lëtzebuerger Sprooch a Kultur (ZLSK) an dem Schafe vum neien Zertifikat “CEVP – Certificat pour l’Enseignement à visée professionnelle” kloer definéiert a verankert.
Den entspriechende Gesetzprojet wäert am Laf vun den nächste Wochen um Ordre du jour vum Regierungsrot stoen.