E weidert Instrument fir gerecht Bildungschancë fir all Jonken
Den 22. Februar 2022 huet de Minister fir Educatioun, Kanner a Jugend, Claude Meisch, op enger Pressekonferenz um Ministère a Clausen d’Eropsetze vum Schoulflichtalter virgestallt, d’Haaptzil vum Projet de loi relatif au droit à l'enseignement et à l'obligation scolaire. D’Eropsetze vun der Schoulflicht op 18 Joer wäert dozou bäidroen, datt engersäits den Taux de décrochage weider ofhëlt an anerersäits d’Schüler besser qualifizéiert gi fir den Aarbechtsmarché. Zousätzlech wäert dës Mesure géint den Decrochage duerch Schafe vun alternativen Ausbildungsoffere begleet ginn.
“Andeems mer d’Schoulflicht bei deene Jonken eropsetzen, schafe mer eis selwer och eng Flicht, déi Jonk net hänken ze loossen.”, huet de Claude Meisch ënnerstrach.
Eng konstant Baisse vum Decrochage an de leschte Joren
Trotz enger konstanter Verbesserung iwwer déi lescht Joren an engem Taux de décrochage scolaire, deen däitlech ënnert dem europäeschen Niveau läit, briechen nach ëmmer ze vill Jonker zu Lëtzebuerg d’Schoul ouni Ofschloss of: Am Schouljoer 2016/17 louch den Décrochage scolaire e bei 8,15 % (1720 Schüler); 2019/20 louch e bei 6,92 % (1457 Schüler).
Iwwer een Drëttel vun allen Decrocheure bis 25 Joer hunn tëscht 16 an 18 Joer
Am Schouljoer 2020-2021 hu 647 Jonker ënner 18 Joer decrochéiert, vun deenen ëm 12 % den Aarbechtsmarché integréiert hunn. Domat sinn eleng dat Schouljoer ronn 570 Jonker zu NEETs (Not in Employment, Education or Training) ginn an hu wéineg Perspektiven. Dës Zuele weisen den immens héije Risk, datt en Decrocheur, sozial a wirtschaftlech, un de Bord vun der Gesellschaft gedréckt gëtt. Den Aarbechtsmarché bitt ëmmer manner berufflech Perspektive fir Leit, déi nëmmen eng niddereg oder guer keng Qualifikatioun hunn. An deem Sënn ass den Decrochage d’Ursaach vu ville Problemer, esouwuel fir déi Jonk ewéi awer och fir eis ganz Gesellschaft.
Aus dem Rapport1 vum LISER (Luxembourg Institute of Socio-Economic Research) vum Oktober 2021, deen sech mam Décrochage scolaire befaasst, geet ervir, datt d’Majoritéit vun de Schoulofbriecher Problemer haten, sech an der Schoul zerechtzefannen. Egal aus wéi engem Grond déi Jonk decrochéiert hunn, wëllen se majoritär zeréck an d’Schoul, fir en Ofschloss ze maachen an, in fine, e Beruff ze léieren.
Ee vun den Haaptdefie vum Ministère fir Educatioun, Kanner a Jugend ass et, all de Kanner a Jonke fair Bildungschancen ze bidden. Et ass ganz kloer d’Aufgab vun der Educatiounspolitik dofir ze suergen, datt all Kand déi selwecht Chancë kritt, fir op sengem schoulesche Parcours ze reusséieren an dat heescht och, dofir ze suergen, datt déi Jonk an der Schoul bleiwen, bis si en Ofschloss hunn.
“Vill Jonker, déi decrochéieren, hunn net mam Léieren ofgeschloss, mee fannen sech net méi an der Schoul, esou wéi se se erlieft hunn, zurecht. Mer mussen alternativ Weeër schafen, fir déi Jonk staark ze maachen an hinnen e schouleschen Ofschloss ze erméiglechen”, huet den Educatiounsminister betount.
Chancen, déi duerch d’Héije vun der Schoulflicht entstinn
D’Eropsetze vum Schoulflichtalter op 18 Joer, esou wéi dat och de Fall an eisen Nopeschlänner ass, wäert all Schüler eng länger a méi effizient Schoulausbildung erméiglechen an esou och seng Zukunftschancë vergréisseren.
An den zwee zousätzleche Jore ka wäertvoll Zäit gewonne gi fir Jonker, déi riskéieren ze decrochéieren, erëm mat der Schoul ze reconciliéieren: duerch d’Verstäerke vun der individueller Betreiung, dem Opbau vun enger gudder Schüler-Enseignant-Bezéiung, duerch d’Ënnerstëtze vun de Jonke bei eventuelle sozio-familiäre Problemer, duerch d’Stäerke vun hirem Selbstvertrauen an dem Fërdere vun hire soziale Kompetenzen.
Konkreet nei Mesuren, fir d’Schüler an der Schoul ze halen
D’Eropsetze vun der Schoulflicht kann nëmmen zu engem Erfolleg ginn, wann nieft de Projeten, déi et aktuell scho ginn (Klass Mosaik, Liewensschoul ë. a.), konkreet nei Mesuren ausgeschafft ginn, déi op de Parcours an un de Profil vun de Decrocheuren ugepasst sinn.
D’Eropsetze vun der Schoulflicht wäert eréischt dräi Joer no der Publikatioun vum Gesetz a Kraaft trieden. Wärend dëser Phas wäert de Ministère fir Educatioun, Kanner a Jugend och weider Efforte maachen, fir déi Jonk an der Schoul opzefänken, awer och alternativ Ausbildungsofferen nom Modell vun de Centres d’insertion socioprofessionnelle (CISP) schafen.
1Regards de décrocheurs de l’enseignement général sur leur parcours, leur vécu et leur accompagnement (L. Hauret et al., Octobre 2021, LISER)