Lëtzebuergesch léieren am Lycée

 

De Minister fir Educatioun, Kanner a Jugend, Claude Meisch, huet de 27. Januar 2022 op enger Pressekonferenz am Lycée Michel-Rodange a Presenz vun der Directrice adjointe Claire Simon dat neit Fach Lëtzebuergesch op der 4e virgestallt, dat zënter der Rentrée 2021-2022 um Stonneplang vun der 4e am Enseignement secondaire classique an am Enseignement secondaire général seng Plaz huet. De Minister ass a senger Interventioun och op de Pilotprojet vum Lycée Michel-Rodange agaangen, dee fir d’Schouljoer 2022-2023 op de Wee vun enger A-Sektioun Lëtzebuergesch geet. Donieft kënnen d’Schüler op de Sektioune B, C, D, E, F a G dann och Lëtzebuergesch als zousätzlech Sprooch wielen.

“An de leschte Joren ass den Interessi an d’Bedeitung vun der Lëtzebuerger Sprooch däitlech gewuess. Mam Integréiere vum Lëtzebuergeschen am ieweschte Cycle vum Lycée a mat der Aféierung vu Lëtzebuergesch als 4. Sprooch gi mer dëser Entwécklung och an der Schoul gerecht”, huet de Claude Meisch op der Pressekonferenz betount.

Neit Fach Lëtzebuergesch op der 4e

Mam Schouljoer 2021-2022 ass d’Schoulfach Lëtzebuergesch op der 4e am Enseignement secondaire classique an am Enseignement secondaire général agefouert ginn. Domat ass d’Fach am ieweschte Cycle integréiert ginn, amplaz wéi bis elo op der 7e. D’Schüler am ieweschte Cycle hu kritesche Geescht an Aschätzungsverméigen, fir sech mat der Sprooch, dem Land a senger Kultur respektiv senge Kulturen auserneenzesetzen. Si solle sech an deem Cours op villfälteg Aart a Weis mat de Facettë vun eiser Sprooch beschäftegen.

Dat neit Fach Lëtzebuergesch ëmfaasst dräi Haaptvoleten: Allgemengt Wëssen iwwert d’Lëtzebuerger Land an d’Gesellschaft, d’Lëtzebuerger Sprooch an d’Lëtzebuerger Kultur.

Déi verschidden Theeme gi mat Texter aus der lëtzebuergeschsproocheger Literatur oder och mat Aktualitéitstexter verbonnen, déi den Ausgangspunkt fir d’Diskussiounen am Cours duerstelle sollen.

Aféierung vu Lëtzebuergesch als 4. Sprooch op der A-Sektioun

Am Schoujoer 2022-2023 wäert am Lycée Michel-Rodange am Kader vun engem Pilotprojet eng A-Sektioun Lëtzebuergesch ugebuede ginn. D’Schüler kënnen hei nieft Spuenesch an Italieneesch also och Lëtzebuergesch als 4. Sprooch wielen.

De Programm wäert breet gefächert sinn an et gi vill Aspekter vun der Sprooch a vum Land behandelt, engersäits de Volet Literatur an anerersäits d’Volete Linguistik an Orthografie. De Cours huet op der 3e dräi Stonnen d’Woch an op 2e a 1re fënnef Stonnen d’Woch.

Lëtzebuergesch als zousätzlech Sprooch op den anere Sektiounen

Op de Sektioune B, C, D, E, F a G kënnen d’Schüler vum nächste Schouljoer un am Lycée Michel-Rodange Lëtzebuergesch als zousätzlech Sprooch wielen. De Programm ëmfaasst Elementer aus der Literatur, der Kulturgeschicht, der Linguistik an der Orthografie. De Cours huet 3 Stonnen d’Woch an ersetzt Däitsch oder Franséisch op der 2e an der 1re.

Zertifikat Lëtzebuerger Sprooch a Kultur (ZLSK)

Zousätzlech zum Lëtzebuergeschcours hu souwuel d’Schüler vun der A-Sektioun wéi och d’Schüler vun de Sektioune B-G d’Méiglechkeet, wärend deenen 3 Joer och den “Zertifkat Lëtzebuerger Sprooch a Kultur” ze maachen. Dofir muss een am Kader vun engem Optiounsfach op der 2e de Module Didaktik mat Succès ofschléissen. Mam ZLSK, deen déi concernéiert Schüler mam Premièresdiplom iwwerreecht kréien, kënnen se Lëtzebuerger Sproochcoursen an der Erwuessenebildung bei de Gemengen oder am konventionéierte Secteur halen an iwwer dee Wee zum Beispill wärend hirem Studium wichteg Praxiserfarung sammelen.

Dernière mise à jour