Du gëss der Welt Stéiss! Mir si vir bäi an hanne widder! Ech brauch eppes fir hanner d’Knäpp! Dëst sinn typesch Lëtzebuerger Spréch, déi, mat villen aneren zesummen, an den nächste Wochen eng flott Visibilitéit am ëffentleche Raum kréien. Dofir suergt d’Initiativ Wuertschatz.lu, déi den 21. Juni vum Claude Meisch, Minister fir Educatioun, Kanner a Jugend, zesumme mam Luc Marteling, Direkter vum Zenter fir dʼLëtzebuerger Sprooch, lancéiert ginn ass.
DʼWuertschatz-Initiativ gräift zéng Spréch aus dem zweete Band vun der Serie Lëtzebuerger Wuertschatz* op a setzt se do an Zeen, wou d’Leit ënnerwee sinn: ënnert anerem op vill besichte Plazen an am ëffentlechen Transport, awer och am Internet. Nieft klasseschen Affichë ginn och animéiert Poustere gewisen. Ausserdeem gëtt et Radiospotten, déi a witzege Mini-Dialogen de Gebrauch vu Spréch illustréieren.
Eng modern, frësch a participativ Campagne, fir déi urtypesch Sprooch ze weisen an ze dokumentéieren
Um Internetsite wuertschatz.lu kann een zousätzlech eng Hellewull Spréch kenne léieren an och selwer seng léifste Spréch proposéieren. Dee participative Volet erlaabt et, Spréch ze sammelen, ze spieren, wéi villfälteg eis Sprooch ass, ze gesinn, wéi e Sproch dee beléiftsten ass, dat Typescht nach emol weisen an och dokumentéieren.
D’Sprooch gëtt op eng modern, faarweg, frësch Manéier presentéiert an déi urtypesch Lëtzebuerger Spréch ginn an d’Gesellschaft bruecht.
Eng räich a lieweg Sprooch erhalen a weiderginn
„Der Lëtzebuerger Sproch geet et gutt, den Interessi vun de Leit ass enorm a grad deen Interessi suergt dofir, datt d’Sprooch weider lieft. Lëtzebuergesch ass eng lieweg Sprooch. Mir brauchen se net nei ze beliewen, mee mir sollten se zesummen erhalen a weiderginn un déi Leit, déi bei eis kommen!“, huet de Minister betount.
„Lëtzebuerger Wuertschatz“ ass och den Numm vun enger Bicherserie vum ZLS, déi amgaang ass ze entstoen a wou elo den zweete Band erauskënnt, deen typesch Lëtzebuerger Spréch a Riedensaarten opgräift. Am éischte Band stoungen al Wierder am Mëttelpunkt. „Mir entstëbsen déi al Sprooch bewosst a maache Loscht drop. D’Wuertschatzcampagne soll op spilleresch a positiv Manéier déi al Spréch de Leit nobréngen“, huet de Minister sech gefreet.
Déi ganz Wuertschatz-Initiativ kënnt dem Engagement vun der Regierung no, fir dʼLëtzebuergescht als Kommunikatiouns- an Integratiounssprooch weider ze stäerken, awer och fir Wierder a Begrëffer opliewen ze loossen, déi a Vergiessenheet gerode sinn.
D’Spréch weisen déi originell Säit a weisen de ganze „Räichtum“ vun eiser Sprooch. Se schaffe mat staarken Ausdréck, Emotiounen a Biller.
Fir Leit, déi d’Sprooch net oder net esou gutt verstinn, sinn och d’Iwwersetzungen an de véier Sprooche vum LOD op de Plakater: Däitsch, Franséisch, Portugisesch an Englesch.
„Eis Sprooch ass dat, wat eist Land auszeechent“
An de leschte Joren ass vill geschitt an der Lëtzebuerger Sprooch an et kann een d’Efforten an 3 Beräicher resüméieren:
- d’Sprooch léieren;
- d’Sprooch norméieren a recherchéieren;
- d’Sprooch promouvéieren.
D’Lëtzebuerger Sprooch gëtt esou vill geléiert, geschwat a geschriwwe wéi nach ni. „Eis Sprooch ass dat, wat eist Land auszeechent, duerch eis Sprooch hale mir zesummen, souwuel Lëtzebuerger wéi Net-Lëtzebuerger“, huet de Claude Meisch ënnerstrach.
Méi wéi 6.000 Leit waren dëst Schouljoer fir Coursen am Institut national des langues ugemellt an iwwer 8.000 Leit an Owescoursen uechter d’Land. Vun der nächster Rentrée un gëtt dat neit Fach „Lëtzebuerger Sprooch a Kultur“ op 4e agefouert.
Och am Norméiere vun der Sprooch huet sech eppes gedoen. D’Orthografie ass komplett iwwerschafft a moderniséiert ginn an den ZLS huet e Verbebuch erausginn. Den Interessi ass ganz grouss. Eleng d’Lëtzebuerger Orthografie ass iwwer 15.000 Mol gratis verdeelt ginn.
De Lëtzebuerger Online Dictionnaire LOD.lu huet mëttlerweil eng Millioune Requêten de Mount, e Plus vun 20% par rapport zum Joer virdrun.
Den Interessi ass besonnesch grouss an der Promotioun vun der Lëtzebuerger Sprooch an de Produiten, déi de Ministère an deem Kontext erausginn huet. Eleng d’Landkaart mat de Lëtzebuerger Nimm vun den Uertschaften ass iwwer 50.000 Mol verschéckt ginn.