Wuertschatz, Webinaire, Dictionnaire

Eng nei Publikatioun mat Pärelen aus der Lëtzebuerger Sprooch, e Webinaire dëse Mëttwoch iwwer de Lëtzebuerger Wuertschatz an e sëllegen Neierungen am Lëtzebuerger Online Dictionnaire (LOD) vum Zenter fir dʼLëtzebuerger Sprooch (ZLS) vum Ministère fir Educatioun, Kanner a Jugend.

E richtege Schatz: Den éischte Band vun der Serie „Lëtzebuerger Wuertschatz“

„Mat dësem apaarte Choix vun 123 Adjektiven, Adverben, Interjektiounen, Substantiven a Verbe beweist den Zenter fir dʼLëtzebuerger Sprooch eng gutt Händche fir eis Sprooch, déi vill méi räich ass, wéi een dacks mengt.“ Dat schreift den Educatiounsminister Claude Meisch a sengem Virwuert zu „Aläert, jauwen, Zockerboun“, wéi den éischte Band vun der neier ZLS-Kollektioun „Lëtzebuerger Wuertschatz“ heescht.

Dës Bicher gräifen op eng flott Aart a Weis al Wierder an typesch Ausdréck op an erklären se. Muencher eng kennt een, anerer begéint ee vläicht fir d’éischt. E sëllege Wierder goufen dem Zenter duerch d’Aktioun Wonschwuert proposéiert.

Op eng faarweg an erfrëschend Aart a Weis ginn am éischte Band 123 Pärelen aus der Lëtzebuerger Sprooch virgestallt. Se stamen all aus dem Lëtzebuerger Online Dictionnaire, verloossen awer hei hire strengen Dictionnaireskader, fir vun der Grafikerin Laurence Dostert ganz spilleresch an ouni Beréierungsängscht an Zeen gesat ze ginn. E richtege Schatz!

Den zweete Band vun der Serie ass iwweregens schonn an der Maach. Déi Kéier ginn 100 flott Spréchwierder a Riedewendunge gewisen an erkläert.

Zenter fir d’Lëtzebuerger Sprooch:
Aläert, jauwen, Zockerboun – 123 Pärelen aus der Lëtzebuerger Sprooch
Serie: Lëtzebuerger Wuertschatz, Band 1
ISBN 978-2-9199644-1-3, 96 Säiten, 10 Euro

Dëse Mëttwoch um 17 Auer: E Webinaire iwwer de Wuertschatz, Etymologien a Flouernimm

Wie sech fir dʼLëtzebuerger Sprooch interesséiert, deem sief e Webinaire dëse Mëttwoch um 17 Auer un dʼHäerz geluecht. Nieft dem neie Buch mat 123 Pärelen aus dem Lëtzebuerger Wuertschatz geet et och ëm e puer flotter Etymologien an ëm d’Lëtzebuerger Flouernimm, déi jo bis haut Orientéierung am ëffentleche Raum ginn.

Beim Max Theis am Interview sinn den Direkter vum Zenter fir dʼLëtzebuerger Sprooch, Luc Marteling, an de Sproochhistoriker aus dem ZLS, Sam Mersch. Iwwerdroe gëtt direkt aus dem ZLS vu Stroossen iwwer de Youtube-Channel vum Educatiounsministère. Natierlech besteet och dʼMéiglechkeet, Froe live via Chat ze stellen.

Verlinkung tëscht dem Lëtzebuerger Online Dictionnaire an dem LWB

An Zesummenaarbecht mat der Uni Lëtzebuerg ass eng Lëscht opgestallt gi vun den zum Deel vereelzte Wierder, déi bis elo nach net am LOD ze fanne waren, awer heefeg an der online Versioun vum Luxemburger Wörterbuch (LWB) gesicht ginn. Déi Wierder goufen de Richtlinne vum LOD no opgeschafft. Dobäi goufen nëmmen déi Sënner zeréckbehalen, déi verschidde Mammesproochler och haut nach kennen.

Déi „nei” Artikele sinn all mam LWB verlinkt. Esou kann den interesséierte User kamoud tëschent deenen zwee Dictionnairen hin- an hiersurfen.

Dernière mise à jour